Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Steierreform ass gestëmmt

Chamber

D'Steierreform ass gestëmmt

Fir d'Majoritéitsparteien ass et eng sozialgerecht Reform. D'CSV seet d'Stéit géifen dat zréckkréien, wat si beim Spuer- a Steierpak verluer hunn. Et ass net kloer, wéi vill d'Steierreform wäert kaschten.

auto_stories

3 min

Foto: Chambre des Députés

Méi Gerechtegkeet sollt et duerch d’Steierreform ginn. D'Steiertabell gëtt an deem Sënn ugepasst an d'Tranchë gi gestreckt. Fir Revenuen iwwert 200.000 Euro gëtt den héchsten Steiersaz op 42 Prozent eropgesat.

Persoune mat nidderegem Revenu kréien iwwerdeems ee Steierkredit accordéiert, deen duebel esou héich ass ewéi bis elo. Dat si maximal 600 Euro. Fir elengerzéiend Eltere sinn et maximal 1500 Euro u Steierkredit fir Revenue bis zu 35.000 Euro d'Joer. Bei méi héijen Akommes geet de Steierkredit progressiv erof.

Dëst hätt et an der Vergaangenheet net ginn, ënnersträicht dee gréngen Deputéierten Henri Kox. De Mëttelstandsbockel géif ofgeflaacht ginn, wat d'Kafkraaft géif eropsetzen. D'Regierung hätt een Effort gemaach, fir d'Steiervirdeeler dohinner ze lenken, wou si am meeschte géife gebraucht ginn.

Reding attackéiert Berger a Gramegna

Een Incident gouf et an der Chamber, wéi den ADR-Deputéierten Roy Reding de Finanzminister Pierre Gramegna an den DP-Deputéierten Eugène Berger als Ligener duergestallt huet.

Klengverdénger géifen an absoluten Zuele praktesch d'selwecht vun der Steierreform profitéieren ewéi Leit mat héije Revenuen. Déi zwee Politiker hätten awer behaapt, datt déi kleng an déi mëttel Paien am meeschte géife vun der Reform profitéieren.

Den Eugène Berger huet dem Roy Reding seng Ausso als inacceptabel zeréckgewisen.

Onkloerheet iwwer Käschten

Ee grousse Sträitpunkt an de Chamber-Debatte war den Käschtepunkt vun där Reform. D'Lëtzebuerger Zentralbank geet an hirer Analys vun 829 Milliounen aus. De Finanzministère kënnt op nëmmen 373 Milliounen. D'Regierung géif déi Käschten ënnerschätzen, seet d'CSV.

"2013 war een Defizit vun enger Milliard am Zentralstaat een Drama", sou den CSV-Deputéierte Gilles Roth. "Haut klappt ee sech op d'Schëller fir déi gutt Zuelen."

D'Zukunft vun de Stock Options

Den Gilles Roth huet an der Chamber 14 Géigeproposen presentéiert. Ënner anerem fuerdert hien d'Ofschafe vum System vun de Stock Options. Dee war ënnert där viirrechter Regierung agefouert gouf, mam Zil Spezialisten op Lëtzebuerg unzezéien. Fir Salairen, déi a Form vun enger Optioun op Aktien ausbezuelt ginn, gëlle steierlech Avantagen. Dee Regime kënnt an éischter Linn Spëtzeverdénger ze gutt.

De Finanzminister wëllt fir d'éischt eng Analys driwwer maachen. Den CSV-Deputéierte Michel Wolter, schwätzt vun Abusen déi ee misst stoppen.

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry huet drun erënnert datt de Regime vun den Stock Options ënnert der viirrechter Regierung schonn a Fro gestallt gi wier. Deemools wier decidéiert ginn de Steiersaz op 17,5 Prozent z'erhéijen. Wa sech dem Verdacht vun den Abuse sollt bestätegen, wéilt d'LSAP de System reforméieren.

Keng Benodeelegung fir Frontalieren

Bis elo goufe bestuete Frontalieren automatesch an d'Klass 2 besteiert, ouni datt d'Revenuë vum Partner ënnert d'Lupp geholl goufen. Allerdéngs hunn d'Gewerkschaften an hirer Analys erausfonnt. datt Grenzgänger, déi net zu 100 Prozent zu Lëtzebuerg schaffen oder nëmmen een Deel vun hirer Pensioun vu Lëtzebuerger aus bezuelt kréien, riskéieren diskriminéiert ze ginn.

Wann et sech géif erausstellen, datt verschidde Frontaliere benodeelegt wiere par Rapport zu Residenten, kéint een dat ënner d'Lupp huelen, sou de Finanzminister Pierre Gramegna. Am Laf vum Joer 2017 wéilt hien dat mat de Gewerkschaften iwwerpréiwen. D'Moossnam iwwer d'Besteierung vu Frontalieren trëtt eréischt 2018 a Kraaft.

Mesurë fir Betriber

An der Steierreform ginn et och Mesuren déi d'Betriber concernéieren. Ënnert anerem gëtt de Steiersaz bei der Kierperschaftssteier an zwou Etappen ëm zwee Prozentpunkte bis op 18 Prozent no ënne revidéiert. Fir Revenuen ënnert 25.000 Euro sinn et 15 Prozent amplaz vun 20 wéi bis elo.

D'Gesetz iwwert d'Steierreform gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl.