Radioen

On air

Kultur um 5  |  Phoebe Bridgers - Kyoto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunftsdebatt ass lancéiert

Wuesstem

D'Zukunftsdebatt ass lancéiert

Zwielef Vertrieder vu Gewerkschaften, Patronat, Gemengen an ONGen hunn de 7. November op Initiativ vun der Regierung iwwer d'Fro diskutéiert, wéi een - Zitat "qualitative Wuesstem" fir d'Land kéint ausgesinn. Eigentlecht Thema sollt d'Landesplanung sinn. Rieds goung awer och méi prinzipiell iwwer de Wuesstemsmodell, grad wéi iwwer d'Digitaliséierung an d'Zukunft vum Sozialstaat.

auto_stories

5 min

12 Vertrieder vun de sougenannte "Forces Vives" vun der Natioun hunn diskutéiert.

Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister hat fir d'Konferenz "Wat fir e qualitative Wuesstem fir eist Land?" eng thematesch Agrenzung proposéiert - an zwar d'Landesplanung. A senger Introduktioun huet de François Bausch ënnert anerem skizzéiert, datt dräi Agglomeratiounen - am Zentrum, am Süden an am Norde vum Land - als Regioune sollte méi staark entwéckelt ginn.

Anescht wéi an der Vergaangenheet, missten déi landesplaneresch Ziler, wa si bis festgehale wieren, och respektéiert ginn, huet de grénge Minister ënnerstrach: Dee Zeenario deen elo an Diskussiounen a Workshops géif ausgeschafft ginn, géif dës Kéier méi prezis am Programme directeur beschriwwe ginn. Dëst och dofir, datt et fir de Inneministère méi einfach wier fir ze jugéieren, ob ee PAG (Plan d'aménagement général) de Richtlinne géif entspriechen.

"Net visionär"

D'Regierung ass vu quasi allen Intervenante gelueft ginn, datt si dës Debatt iwwer d'Entwécklung vum Land lancéiert huet. Besonnesch bei der Landesplanung géif et effektiv en immensen Nohuelbedarf ginn, huet zum Beispill de Michel Reckinger vun der Handwierker-Federatioun gemengt. Zënter deem 2004 déi éischt PAGen erauskomm wieren, wier immens vill verpasst ginn. Den IVL (Integratives Verkehrs-und Landesentwicklungskonzept) wier zum Beispill ni ëmgesat ginn. D'Iddie wieren do gewiescht, ma et wier näischt gemaach ginn, huet de Michel Reckinger bedauert.

"Dat wat mir elo am Gaange si mat bauen, déi ganz Planungen, déi mir hunn - an de Stroosseninfrastrukturen oder am Logement - ass am Prinzip ee Retard ophuelen, dee mir an de leschte 15 Joer accumuléiert hunn." Dat wier net visionär, fir dat wat an der Zukunft wier. Dat wier nämlech, esou de President vun der Handwierkerfederatioun, op der Konferenz net ugeschwat ginn. "Hei schwätze mir un, wéi mer eis sollen entwéckelen, fir mol ee Retard opzehuelen."

Wat fir eng Gesellschaft?

De Verkéierschaos an déi héich Logementspräisser sinn ëmmer nees zur Sprooch komm. Wat d'Gestaltung vum Wunnengsmaart ugeet, ass dacks ee Mentalitéitswiessel gefuerdert ginn, zum Beispill vum Paul Weidig vum Gemengesyndikat Syvicol. Haut wéilt nach ëmmer jiddereen en Eefamilljenhaus hunn, "wa méiglech mat Gaart oder enger grénger Wiss". Dat wier eng Problematik, där ee misst Rechnung droen, ma et misst ee sech awer och der Evolutioun upassen.

Iwwer dem François Bausch seng Reflexiounen zur Landesplanung ass am Konkrete kaum diskutéiert ginn. Déi 12 Vertrieder vun de sougenannte "Forces Vives" vun der Natiounhaten eendeiteg Loscht, iwwer méi grondsätzlech Froen ze schwätzen. D'Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber huet dowéinst gefuerdert, datt d'Regierung dës Debatt anescht strukturéiere misst. Si huet d'Fro gestallt, ob Politik iwwerhaapt gestalte kéint. Et wéisst keen, wou een an 20 Joer dru wier, ma d'Blanche Weber sot, si wéilt awer doriwwer diskutéieren, "wat mir eis virstellen, wou mir Muer wëlle sinn. An net nëmme raimlech, mee och grondsätzlech." A wéi enger Gesellschaft wëlle mir an 20 Joer liewen, huet si gefrot.

Phantomdebatt?

An der Diskussioun ass och d'Fro opkomm, wéi eng Zeenarioen d'Basis vun der Landesplanung solle sinn. De François Bausch huet d'Debatt iwwer den 1,1 Milliounen Awunner-Staat awer direkt um Ufank als Phantomdebatt bezeechent an dat och a senger Conclusioun nach emol erkläert. "Ugesiichts de Problemer, déi mir dobaussen hunn, geet just nëmmen eppes ronderëm, dat ass 'Ech hunn Angscht'", sot den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister. D'Leit geséichen, datt si scho bei enger Populatioun vu ronn 560.000 Problemer hätten. Si géife fäerten, wéi dat sech géif bei enger Awunnerzuel vun 1,1 Millioun entwéckelen. "Mat Angscht kritt ee kee beweegt, scho guer net zu eppes Positives. Mat Angscht, provozéiert ee just Negatives." Dofir wier et un der Politik dofir ze suergen, fir haut an der Planung Léisungen ze fannen, fir den Ängschte kënnen entgéint ze wierken.

Mee mécht et Sënn iwwer Landesplanung an d'Zukunftsentwécklung ze schwätzen, ouni datt iwwer konkret Zeenarioen an hir Implikatiounen diskutéiert gëtt? Neen, huet de Robert Urbé vun der Caritas gemengt, an d'Beispill vun der Rentereform genannt. Déi wier 2011 gestëmmt ginn a géif op der Grondlag vun 3,5 Prozent Wuesstem bis 2060 berouen, fir finanzéierbar ze sinn. An déi nei Budgetspolitik géif op de Viraussoe vum Working Group on Ageing Populations and Sustainability vun der EU berouen an "dat geet op den 1,1 Milliounen Awunner-Staat zou." Dofir wier dat Ganzt keng Phantomdiskussioun, huet de Robert Urbé ënnerstrach. Et wier een am Gaangen dorop ze reagéieren, an dat wier falsch. "Wa mir vu Planung schwätzen, da misste mir aktiv un d'Saach erugoen." Da misst ee sech awer als éischt an enger Debatt d'Fro stellen, wéi vill Wuesstem ee wéilt a wéi dee sollt ausgesinn.

Qualitative Wuesstem?

Et ass och d'Fro opkomm, wat "qualitative Wuesstem", wéi en am Titel vun der Konferenz genannt gëtt, eigentlech ass. Fir de René Winkin vun der Industrielle-Federatioun FEDIL bedeit dat zum Beispill net, datt onbedéngt méi Aarbechtskräfte gebraucht ginn. D'Ofleef géifen automatiséiert an digitaliséiert ginn an et géif zu enger grousser Ëmwälzung kommen. An deem Kader wier et immens schwéier ze soen, mat wéi vill Leit een d'Croissance, déi ee fir d'Zukunft bräicht, wäert maachen. Et wier schwéier dës Previsiounen opzestellen, huet de René Winkin betount.

De Guy Feyder vun der Landwirtschaftskammer huet dofir plaidéiert, datt d'Leit sech an Zukunft mat manner missten zefridde ginn. Am aktuelle Wuesstemsmodell hätt d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg soss keng Iwwerliewenschancen. "Mir sëtzen tëscht Hummer an Amboss an hunn Angscht, datt mir an noer Zukunft dertëschent zerriwwe ginn." Wann d'Politik et géif zouloossen, datt d'Ernährung vun de Leit net méi um selwechten Territoire kéint gemaach gi wéi bis elo, da wier et keng souverän a verantwortlech Politik.

An der Wuesstemsdebatt stéingen all d'Optiounen zur Diskussioun, huet den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister um Enn vum Owend betount. Et stéing net am Titel vun der Konferenz, datt ee gäre qualitative Wuesstem hätt, mee wat fir een. "D'Äntwert dorop kann och sinn: Keen!" Et géif ëm d'Diskussioun goen, huet de François Bausch gesot an ënnerstrach, datt et déi éischte Kéier war, datt esou eng Debatt stattfonnt hätt. Eng Debatt, bei där dem Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur no 150 Leit deel geholl hunn - dëst, obwuel am Sall um Campus Belval Plaz fir ronn 700 Persoune war.