Radioen

On air

Espresso Beats  |  Tosca - Swimswimswim (Mato Version)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Debatt iwwer déi ganz Verfassungsreform muss elo ulafen!"

Fräie Mikro

"D'Debatt iwwer déi ganz Verfassungsreform muss elo ulafen!"

Ee Mount nom Referendum fënnt de Michel Pauly, dass et Zäit gëtt, an aller Ëffentlechkeet iwwert di ganz Verfassungsreform ze diskutéieren, fir dass d'Resultat och dem Vollék säi Wëllen erëmspigelt.

auto_stories

4 min

Ee Mount nom Referendum fënnt de Michel Pauly, Historiker vun der Uni Lëtzebuerg a Mattaarbechter vun der Zäitschrëft forum, dass et Zäit gëtt, an aller Ëffentlechkeet iwwert di ganz Verfassungsreform ze diskutéieren, fir dass d'Resultat och dem Vollék säi Wëllen erëmspigelt:

 

An senger Ried fir Nationalfeierdag 2014 sot de Grand-Duc Henri: „Déi éischter ethnesch orientéiert Konzeptioun vun der Natioun ass zanter laangem vun de Realitéiten dementéiert ginn. An engem Land ewéi äist, wou praktesch d’Halschent Net-Lëtzebuerger wunnen a wou se zwee Drëttel vun der aktiver Populatioun ausmaachen, ergëtt dat kee Sënn méi. Amplaz hunn sech vill méi offe Konzeptioune vun der Natioun imposéiert.“

Domat stellt sech d’Fro vun der Definitioun vun enger Natioun. Dem Grand-Duc seng schéngt jiddefalls eng aner ze sinn, wéi deene Leit hir, di beim Referendum géint d’Awunnerwahlrecht gestëmmt hunn, well si vum Wieler verlaangen, dass e Lëtzebuergesch schwätzt. Ech si mam Grand-Duc d’accord, dass et am Zäitalter vun de Massemigratiounen net nëmmen zu Lëtzebuerg illusoresch ass, d’Natioun weiderhin op ethnesche Kritäre wi der Sprooch berouen ze loossen. Dofir kann ech net novollzéien, dass an di nei Verfassung soll stoe kommen: „D’Chamber vertrëtt d’Natioun“, wou et bis elo heescht, si géifen d’Land vertrieden, an d´Zuel vun den Députéierte jo och vun der Zuel vun allen Awunner, inklusiv sougenannten Auslänner, ofhänkt. An engem forum-Interview hat dee fréiere President vun der Verfassungskommissioun an der Chamber gesot, hie géif de Begrëff Natioun net wëllen an der Verfassung definéieren. Elo dierften d’Deputéiert do awer net derlaanscht kommen.

Déi Interventioune vum Grand-Duc werfen awer nach eng zweet Fro op a Saache Verfassungsreform: Och di zukünfteg Verfassung gesäit d’Monarchie als Staatsform vir, grenzt awer dem Grand-Duc seng Rechter an Aufgaben an. Dierf hien da nach an Zukunft esou moralesch Aussoen, déi ëmmer och politesch Aussoe sinn, maachen? Wann di Lénk mat hirer Propositioun, fir beim Referendum vum 7. Juni och iwwert d’Staatsform ofzestëmmen, net duerchkomm sinn, sou gëtt dës Fro dach implizit gestallt, wa mir iwwert di ganz Verfassung ofstëmmen. Et geet jo dann ëm eng ganz nei Verfassung, an där och di zukünfteg Staatsform definéiert gëtt. Lëtzebuerg ass säit 1919 eng vun de wéinege Monarchien op der Welt, di net "par la grâce de Dieu" mä duerch de Wëlle vum Vollek existéiert. Ob dat och hautdesdaags esou ass, dierft ee vun den Haaptenjeuë vum nächste Referendum ginn.

Donieft ginn et a mengen Aen nach vill aner ongeléiste Verfassungsfroen. Et siefen der zwou aus dem Beräich Grondrechter genannt:

D’Uni hätt gär, dass de Grondsaz vun der akademescher Fräiheet an d’Verfassung stoe kënnt, fir dass net méi d’Regierung oder den FNR der Uni kënne virschreiwen, a sief et iwwert de Budget, wat se ze fuerschen huet a wat net.

A misst nieft dem Natur- an Ëmweltschutz net och den Denkmalschutz an der Verfassung stoen? a béides a Verbindung mam Grondsaz „Eigentum verpflichtet“, wéi en am däitsche Grondgesetz steet, sou dass e Bierger och ka verflicht ginn, e Biotop ze erhalen oder en Haus stoen ze loossen, dat fir d’Allgemengheet eng wichteg Roll spillt?

Dir mierkt, och am zweete Referendum wäert nach genuch Zündstoff dra sinn. Wann dee net och soll an d’Box goen, dinn d’Deputéierte gutt drun, direkt offen iwwert d’Reformen ze diskutéieren a net alles am Parteiekonsens hannert zouen Dieren ofzeschwätzen an de Bierger virun de Fait accompli ze setzen. All Ëmfroe weisen drop hinn, dass d’Bierger de Parteien ëmmer manner iwwert de Wee trauen. Wann di nei Verfassung vum Vollek soll akzeptéiert ginn, muss se virdru vum Vollek kënnen diskutéiert ginn.