Radioen

On air

Notturno  |  Rob Moose - Marvel Room Feat. Bon Iver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De belschen Zänndokter ass fort

Finanzplaz

De belschen Zänndokter ass fort

D’Lëtzebuerger Finanzplaz geet “fort vum Bankgeheimnis”, esou den ABBL-Direkter Serge de Cillia. Dës Evolutioun an d’Luxleaks féieren zu Restrukturatiounen op der Finanzplaz.

auto_stories

4 min

Eng Rei international Grouppen géinge sech Froë stellen iwwert d’Rolle vun hire Lëtzebuerger Entitéiten, sou de Serge de Cillia am Gespréich mam Mick Entringer. Eng ganz Rei Restrukturatioune wieren am gaang an dem ABBL-Direkter no, wäerten der och nach dobäikommen. “Mee net nëmme wéinst Luxleaks”, huet de Serge de Cillia betount.

Zanter eng Rei Decisioune geholl goufe fir vum klassesche Bankgeheimnis fortzekommen, hätten d’Banken am private Banking zéngdausende Clienten verluer, wéi “de klassesche Client, deen een de 'belschen Zänndokter' nennt”, sou de Serge de Cillia.

D’Taktik fir se z’ersetzen duerch manner international Clienten géing funktionéieren. Manner Clienten mat méi Verméige brauchen awer och “leider Gottes” manner Personal. Dat géing Sozialpläng bei enger Rei Banken erklären.

“Déi am häertste jäizen”

Lëtzebuerg wier net am Zentrum vun de Fro vun de Steierrulingen. An der Lëscht vun de multinationale Konzerner, déi vu Rulinge profitéiert hunn, si virun allem kommerziell an industriell Konzerner aus dem Ausland, sou de Serge de Cillia. Dem ABBL-Direkter no, hätt d’Lëtzebuerger Steierverwaltung hinnen esou och erméiglecht z’investéieren, “zu Lëtzebuerg an iwwer Lëtzebuerg an d’Ausland”. Dacks a Länner, déi elo och am “häertste jäizegéingen.

Fir de Serge de Cillia, hätt een et bei de Luxleaks mat enger Vermëschung vu Froen ze dinn: “Wat ass legal, wat ass net kloer geregelt a wat ass ethesch?”

“Tsunami” féiert zu “Explosioun”

De Benefice vun de Banken zu Lëtzebuerg, ass d’läscht Joer ëm sechs Prozent zeréckgaang op 3,9 Milliarden Euro. Den ABBL-Direkter féiert dat op onstabel Marchéen an de niddregen Leetzëns bei der europäescher Zentralbank zeréck.

Dobäi kéim awer och eng “Explosioun vun de Käschten” wéinst der ëmmer méi staarker Reguléierung, en “Tsunami vu Reegelen”. Dat hätt der Lëtzebuerger Finanzplaz d’läscht Joer 400 Milliounen Euro kascht. Néng Prozent vum Personal wieren am reglementaresche Beräich beschäftegt.

Jidderengem säi Stil

All Finanzminister hätt säin eegene Stil, esou de Serge de Cillia. Op d’Fro ob d’Regierung der Finanzplaz manner géing entgéint komme wéi fréier huet hie geäntwert: “Dat wëll ech net onbedéngt soen.” Fir den ABBL-Direkter wier den aktuelle Minister Pierre Gramegna “ganz engagéiert”.

De Pierre Gramegna géing d’Promotioun begleeden an ënnerstëtzen. Hie géing awer och mat de Vertrieder vun der Finanzplaz iwwert nei Gesetzer diskutéieren. D’Vertrieder vun der Finanzplaz hätte reegelméisseg Entrevuë mam Finanzminister, wou iwwert Reegelen, déi zu “90 Prozent vu Bréissel kommen” diskutéiert géing ginn. “An net nëmmen wann se schonn duerch den europäesche Conseil oder Parlament gaange sinn, mee och am prealabel.