Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Facteur Populismus

Brexit-Debatt

De Facteur Populismus

De Mord un der Jo Cox kéint de Brexit-Referendum des Woch entscheedend beaflossen. Grad déi, déi nach net decidéiert ware wéi se wielen, wäerte sech elo ëmsou méi iwwerleeën, op si eng Anti-EU-Campagne wëllen ënnerstëtzen, déi zum Deel vu populistesche Parolë gedroe gëtt.

auto_stories

2 min

Nom Mord un der Jo Cox, huet sech eppes an der Brexit-Debatt verännert, mengt de Rick Mertens

Et war ongewinnt roueg um leschte Weekend virun der grousser Decisioun: Amplaz duerch d’Land ze reese fir d’Wieler awer nach op hir Säit ze zéien, hu Politiker aus béide Campen der Jo Cox geduecht. Enger Kollegin, déi sech dofir agesat huet, datt Groussbritannien an der EU-bleift.

Op et des Iwwerzeegung war, déi d'Jo Cox d’Liewe kascht huet, ass schwéier soen. Zwar schéngt sech ze konkretiséieren, datt den presuméierten Täter rietsextreme Bewegunge nostoung. An dach kann ee just driwwer spekuléieren, a wei wäit grad den Debat iwwer d’EU, a besonnesch déi deels aggressiv Diskussioun iwwer d’Immigratioun, de Mord un der Politikerin motivéiert hunn.

Nei Nuancen an den Argumenter

Mee d'Attack huet Spueren hannerlooss, déi de Referendum wäerte beaflossen. Um Sonndeg sinn d’Referendums-Campagnen, no zwee Deeg Gedenken, lues awer sécher nees ugelaf, wéi Politiker vu béide Säiten an den traditionellen Talkshowen opgetratt sinn. Op den éischte Bléck waren d’Argumenter déi selwecht. An dach si beim geneeën Nolauschteren Nuancen opgefall, déi et virdrun esou net gouf.

Sou huet de Justizminister Michel Gove, deen aus der EU wëll austrieden, sech gëschter vun engem Anti-EU-Poster distanzéiert, deen eng Foto mat Flüchtlinge weist, mam Hiweis, just baussent der EU kéint Groussbritannien seng Grenze kontrolléieren. Him wieren d’Schudderen ausgaangen, wei hien de Poster gesinn hätt, esou de Gove, an hien hätt déi Aktioun "falsch" fonnt.

Elo méi schwéier, vu Populismus ze profitéieren

Esou däitlech Wierder, hu Politiker, déi wëllen austrieden, bis elo net fonnt fir sech vu populisteschen Anti-Immigratiouns-Parolen ofzegrenzen. Mee nom Mord um Jo Cox ass et méi schwéier, ongenéiert vun dëser Rhetorik ze profitéieren.

Well ville Wieler wäerten och d’Schudderen ausgaange sinn, wei si vun dësem Mord héieren hunn. Grad déi, déi nach net decidéiert ware wéi se wielen, wäerten sech elo ëmsou méi iwwerleeën, op si eng Anti-EU-Campagne wëllen ënnerstëtzen, déi op mannst zum Deel, vu populistesche Parolë géint d'Immigratioun gedroe gëtt. An dësem ganz enke Referendum kéint dee Facteur entscheedend sinn.