Maggy Nagel "De la terre jusqu'aux étoiles"

D'Maggy Nagel geet net méi mat a Walen. Déi fréier DP Ministerin wëll keng Aussoe maachen iwwert d'Ursaache vun hirem Récktrëtt virun engem Joer aus der Regierung. Mat der Politik wär et ganz eriwwer, esou d’Maggy Nagel. Zanter Uganks vum Joer ass si éischte Regierungsrot am Wirtschaftsministère. Als Lëtzebuerger Kommissärin ass d'Maggy Nagel zoustänneg fir d’Weltausstellung 2020 zu Dubai.

Mick Entringer / ys

Maggy Nagel
Maggy Nagel (Foto: Archiv)

D'Maggy Nagel wëll hir politesch Vergaangenheet net méi kommentéieren. Domadder hätt si ofgeschloss, seet déi fréier DP-Ministerin fir Kultur a Logement.

Politik: Keng Ressentimenter

"Ech sinn an der DP, an do wäert ech och bleiwen. Mee ech huele keng aner Funktiounen un." Si wier ee Mënsch, deen net zréck géif denken, mee ee Mënsch, dee vun Dag zu Dag géif liewen. Hiren Dossier wier elo "Dubai". Bis am Abrëll 2021, wann d'Weltausstellung zu Dubai hir Dieren zoumécht. Si wier elo genee sou begeeschtert wéi virdru fir hir politesch Dossieren.

Si hätt keng Ressentimenter méi géigeniwwer hirer politescher Vergaangenheet an dem Récktrëtt aus der Regierung. "Ech sinn een optimistesche Mënsch, an ech gleewen un d'Guttheet bei de Mënschen", seet d'Maggy Nagel. An all hire Funktioune wou si gewielt gi wier hätt si hir Responsabilitéit geholl. An och am Dossier Dubai wäert dat hirer Meenung no de Fall sinn.

D'nächst Joer kritt d'Lëtzebuerger Kommissärin fir d'Weltausstellung 60 Joer. Si géif awer net a Pensioun goen, an hir Missioun bis zum Schluss ausféieren.

Dubai: ee Lëtzebuerger Pavillon mat Konzept

De Lëtzebuerger Bäitrag fir Dubai soll nohalteg, zukunftsorientéiert, solidarwirtschaftlech, zirkulär a recyclabel sinn. "Resourceful Luxembourg" ass de Motto vum geplangte Lëtzebuerger Pavillon. "Wou kënnt Lëtzebuerg hir, wat fir Ressourcen hate mir, wou si mir elo am Moment, a wou wëlle mir hin?", seet d’Kommissärin. "De la terre jusqu’aux étoiles..."

Bis si d'Mandat iwwerholl huet, wierr keng Evaluatioun gemaach ginn iwwert déi viregt Weltausstellung zu Shanghai, bei där Lëtzebuerg 2010 matgemaach hat. Dat géif elo geschéien, a si wéilt déi Evaluatioun duerno och public maachen, seet d'Maggy Nagel.

D'Vereent Arabesch Emiraten wieren een innovatiivt, oppent an tolerant Land. Dat oppenst Land an där Regioun, seet déi fréier DP-Politikerin. Fraen hätten eng wichteg Roll, och a féierende Positiounen. Op d'Fro ob et si géing stéieren, datt d'Vereenegt Arabesch Emiraten keng Demokratie sinn, an datt Parteien a Gewerkschafte verbuede sinn, seet d'Maggy Nagel: Nee. Dat wier do ënne keen Thema.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Claude Franck Kommentar
Regierungsembildung

De Récktrëtt vun der Ministesch Maggy Nagel huet net just op hir Schwächten higewisen, mä och op déi vun hirer Partei. D'DP huet eis eppes virgemaach, amplaz fir Kloerheet ze suergen.

x-bettel-g-arend.jpg
Regierungsëmbildung no Récktrëtt Maggy Nagel

Déi ëmstridde Ministerin Maggy Nagel ass zeréckgetrueden. De Walfer Député-Maire Guy Arendt (DP) gëtt als Staatssekretär neie Regierungsmember fir de Xavier Bëttel am Kulturministère z'ënnerstëtzen.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen