Budget 2017 De Staatsbudget ass deposéiert

Trotz staarkem Wirtschaftswuesstem, soll den Defizit vum Zentralstaat 2017 bei bal enger Milliard Euro leien. Déi blo-rout-gréng Koalitioun justifiéiert dës Budgetspolitik mat de geplangte Steiererliichterungen a mat den héijen Investissementer. Oppositioun a Patronat stellen déi Approche a Fro.

Pia Oppel / cwi

Staatsbudget
De Staatsbudget gouf den 12. Oktober deposéiert. Foto: CHD

Déi gutt finanziell Situatioun bei de Gemengen a bei der Sécurité Sociale kompenséieren een Defizit beim Zentralstaat vu geschaten 980 Milliounen Euro. Et sinn also déi gesamt-ëffentlech Finanzen, déi et dem DP-Deputéierten Eugène Berger no der Presentatioun vum Budget erlaabt hunn, vun engem equilibréierte Budget fir d'Joer 2017 ze schwätzen. Et hätt ee gutt geschafft. Dofir hätt een elo genuch Moyene fir z'investéieren, esou de President vun der Finanzkommissioun. An Investéiere wéilt ee virun allem a Sozialleeschtungen, an ee qualitative Wuesstem, an den ëffentlechen Transport, d'Educatioun, d'Fuerschung an an d'Kompetitivitéit vum Land.

Obwuel d’Wirtschaft d’nächst Joer ëm 4,6 Prozent soll wuessen, geet d’Regierung dervun aus, datt d’Staatsschold ëm iwwer eng Milliard Euro, op 23,6 Prozent vum PIB klëmmt. Déi blo-rout-gréng Koalitioun gëtt sech d’Méiglechkeet, déi nächst zwee Joer nei Scholden an Héicht vun 2,75 Milliarden Euro ze maachen.

"Stabil Verscholdung"

Trotzdem war et de Message vum Finanzminister Pierre Gramegna: D’Regierung huet déi finanziell Situatioun am Grëff. D'Scholdespiral wier gebrach an d'Verscholdung géif bei 3 Prozent vum Räichtum stabil bleiwen. "Also wäit ënnert der Regierung hirem Zil vun 30 Prozent", huet de Finanzminister betount. Eng staark Augmentatioun vun der Schold, wéi si nach 2013 wéinst méi schlechte Wirtschaftsprognose gefaart gouf, ass effektiv elo net méi z’erwaarden.

Mee mat engem Budgets-Defizit vu bal enger Milliard wier d'Koalitioun nees do, wou si 2013 ugefaangen hätt, bedauert de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, Carlo Thelen. Et misst een dofir suergen, datt een och gewappnet wier, fir de Fall, datt d'Wirtschaft géif kippen. Am Moment géif een dat net maachen, fënnt de Carlo Thelen. Lëtzebuerg hätt eng gutt wirtschaftlech Konjunktur. "Mir maachen eng pro-zyklesch Budgetspolitik, keng anti-zyklesch."

Héich Investissementer a Steierreduktiounen

Iwwerdeems sinn d'Wuesstemsprognosen am Budget immens optimistesch. Dat huet de Minister och ze verstoe ginn, mat engem Verweis op Risiken, wéi déi schwaach Entwécklung vum Welthandel, de Brexit, d'Zënspolitik vun den Zentralbanken, oder och déi prekär Sécherheetslag op der Welt. Och déi gréng Fraktiounscheffin Viviane Loschetter betount dës Onsécherheeten. Si hält d'Budgetspolitik trotzdem fir nohalteg. "De Budget investéiert an d'Matière grise an an d'Personalressourcen." Et géife virun allem am Enseignement Plaze geschaaft ginn an dat ob alle Niveauen. Dora geséichen déi gréng déi bescht Manéier, fir an d'Zukunft z'investéieren.

Héich Investissementer a Steierreduktiounen, domadder huet de Finanzminister Pierre Gramegna d'Entwécklung vun de Staatsfinanzen a senger Ried justifiéiert. Donieft huet hien d'Fro vun den Alternativen opgehäit. Hien huet gefrot, wou déi Leit, déi nach méi eng drastesch Diminutioun vun de Staatsscholde géife fuerderen, d'Spuermoossname géifen hierhuelen. "Wëllen si dat bei den Investissementer maachen? Wëlle si dat bei de Sozialleeschtunge maachen? Oder wëlle si dat bei de Paie vum Staat maachen?" D'Schold nach méi drastesch erofzefuere wier kontraproduktiv a schlecht fir d'Wirtschaft, huet de Finanzminister betount.

Verréckt an net responsabel?

CSV an ADR kritiséieren, datt d'Regierung trotz der gudder Konjunktur géif Defiziter maachen an d'Staatsschold géif klamme loossen. Fir den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler huet d'Regierung hir uganks annoncéiert Budgetsrigueur net just fir d'nächst Joer fale gelooss. Den Defizit géif weider geschleeft ginn an e géif déi nächst Joren méi héich ginn, wéi déi hallef Milliard, déi virgesi wier. De Claude Wiseler seet sech frou, datt géif iwwer de qualitative Wuesstem geschwat ginn. "Mee ech stelle fest, datt déi Projeten, déi de Finanzminister presentéiert - wéi den Tram oder d'Gare ënnert der rouder Bréck - alles Projete sinn, déi vun der leschter Regierung op d'Bee gesat goufen." Den Oppositiounspolitiker gesäit an der Presentatioun vun de Mesurë "guer näischt Neies."

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet d'Budgetspolitik als "verréckt an onresponsabel" bezeechent. Et wiere sécher Leit am Land, déi zum Beispill duerch Steiererliichterunge misste gehollef kréien. Mee elo géif eng Steierreform mat der Géisskan gemaach ginn, bei där jidderee gehollef kréich. Den ADR-Politiker versteet net, firwat Leit, déi zum Beispill 30.000 Euro de Mount géife verdéngen, Steiererliichterunge misste kréien. Hie kritiséiert, datt dofir Sue geléint ginn. "All Deputéierte kritt Steiererliichterungen. Ech kennen awer kee soziale Fall an där ganzer Chamber hei." De Budget wier een elektorale Budget op d'Joer 2018. Net awer een, fir déi kommend Generatioun, betount de Gast Gibéryen.

Kompensatiounsmesurë fir Betriber

D'Steierreform kënnt och de Betriber ze gutt, well d'Kollektivitéitssteier vun 21 op 18 Prozent erof gesat gëtt. Well d'OECD nei Regele fir d'Besteierung vu multinationale Konzerner virschreift, huet de Finanzminister Pierre Gramegna iwwerdeems Kompensatiounsmesuren annoncéiert. Duerch d'Ëmsetze vun de Regelen, géif d'Steierbasis vun den Entreprisë weltwäit méi breet ginn. Dofir wéilt d'Regierung zesumme mam Privatsecteur no Weeër sichen, fir dëst ze kompenséieren an d'Netto-Steierlaascht vun den Entreprisen ze stabiliséieren. "Et geet heibäi net dorëm, fir den Entreprisë Steiererkadoen ze maachen, mee just fir den Impakt vu BEPS ze neutraliséieren."

Den Deputéierte vun déi Lénk, den David Wagner, huet no der Presentatioun vum Budget d'Steierentlaaschtunge fir d'Betriber kritiséiert. "Et geet noutgedrongen an eng Richtung vun Defiziten. Anerersäits wuessen d'Salairen am Land op Dauer net." Dat géif net fonctionnéieren." Eng streng Politik hätt nach néierens fonctionnéiert an zu Lëtzebuerg wier dat net anescht.

D'Gewerkschaften, d'Chambre des Salariés, grad wéi de Patronatsdaachverband UEL hu gëschter op Nofro hi gesot, si wéilten eréischt an den nächsten Deeg reagéieren, wa si de Budget bis am Detail analyséiert hätten. D'Chamber-Finanzkommissioun fänkt elo scho mat der Diskussioun iwwer de Projet un. De Vote ass iwwer den Text ass am Dezember.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Pia Oppel
Lauschteren

Méi zum Thema

Budget 2017
Staatsbudget 2017

De Budget vum Zentralstaat wäert d'nächst Joer en Defizit vu ronn enger Milliard Euro maachen. Dat weist de Staatsbudget 2017, deen de Finanzminister Gramegna de Moien an der Chamber deponéiert huet

Zukunftsfong
Staatsfinanzen

De "Fonds souverain intergénérationnel" soll déi finanziell Zukunft vum Land sécheren. Zwee Joer nodeems de Fong gegrënnt gouf schwätzt d’CSV vun engem Marketinggadget. Ass d'Kritik berechtegt?

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen