Radioen

On air

Notturno  |  Thad Jones - April In Paris

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ënner Schock Gesetzer maachen

Justiz an Terrorismus

Ënner Schock Gesetzer maachen

​Software fir d'Duerchsiche vu Computeren, Online-Enquêten ënner Pseudonym, direkten Accès op verschidden Informatioune vun den Telefonsoperateuren: D'Justiz soll eng ganz Rei nei Méiglechkeete fir d'Strofverfolgung am Beräich Terrorismus kréien. Et stellt sech d'Fro, ob de Gesetzprojet 6921, deen zwou Wochen no den Attentater zu Paräis um Dësch louch, iwwerstierzt op den Instanzewee geschéckt gouf.

auto_stories

10 min

De Justizminister Felix Braz wëll mat punktuelle Nobesserunge op d'Kritiken um Gesetzprojet 6921 reagéieren.

"Europa steet ënner dem Schock vun de Paräiser Attentater vum 13. November. (...) An et muss ee sech froen, ob déi Lëtzebuerger Legislatioun et erlaabt, efficace op dës Menace ze reagéieren." Sou heescht et an der Begrënnung vum Gesetzprojet 6921, deen de Justizminister Felix Braz zwou Wochen no den Attentater an der Chamber deposéiert huet. "Den Text huet de Justizminister deposéiert an ass och domadder den Auteur vum Text. Wann Dir elo fannt, dass mir séier geschafft hunn, gesinn ech doranner kee Virworf."

Et muss een hoffen, datt net d'Auteure selwer nach ënner Schock stoungen, wéi se d'Gesetz geschriwwen hunn, seet d'Ines Kurschat. D'Journalistin beim Lëtzebuerger Land a Member vun der Consultativer Mënscherechtskommissioun hält d'Approche vun der Regierung fir bedenklech. Et misst ee sech och froen, firwat esou ee Projet grad vun engem grénge Justizminister proposéiert gëtt. "Mir schwätzen elo iwwer Mesuren, déi extrem déif an d'Privatsphär oder an d'Perséinlechkeetsrechter agräifen a mir diskutéieren et bal guer net. Ech fannen dat extrem bedenklech."

"Checks and balances"

Fir eng kontrovers Diskussioun bidden d'Avise vun der Consultativer Mënscherechtskommissioun a vun der Dateschutzkommissioun op alle Fall genuch Ausgangspunkten. Béid Kommissioune warnen, datt de Gesetzprojet wéinst senge villen Onprezisiounen an Onkloerheete Risike fir de Schutz vun de Grondrechter mat sech bréngt.

Zum Beispill géife wichteg Aschränkunge feelen, fir den Asaz vum sougenannte Staatstrojaner, also d'Duerchsiche vu Computere mat enger Software, oder och fir d'Oflauschtere vu Wunnengen. Et feele wichteg Ofsécherungen, déi et soss bei esou Enquêtë ginn, kritiséiert d'Ines Kurschat. "Dat well Begrëffer net kloer sinn, well d'Limitten net kloer sinn. Wéini gëtt esou eng Mesure iwwerhaapt gemaach?" Aner Froe wieren, wat mat de gesammelten Donnéeë geschitt a wéi eng Rechter Drëttpersounen hunn, déi duerch esou een Iwwerwaachungsnetz mat era falen.

De ganzen Interview mam Ines Kurschat a mat der Affekotin Anamarija Tunjic vun der Consultativer Mënscherechtskommissioun:

Staatstrojaner: Méi Risiken, wéi Virdeeler?

D'Justiz soll en direkten Accès zu verschiddenen Informatioune vun den Telekomsoperateure kréien. An e Verdächtege soll och ouni Inculpatioun dierfe geo-lokaliséiert an traçéiert ginn. Dës nei Instrumenter soll d'Justiz awer net just bei Terrorverdacht benotzen dierfen, mee fir all Crimen an Deliten.

Dat verstéisst géint europäescht Recht, seet den Thierry Lallemang vun der Dateschutzkommissioun: "Dee Problem hu mer och bei der Vorratsdatespäicherung. Do ass amplaz am Projet de loi virgesinn, eng Lëscht vun Infraktiounen ze maachen." Den Europäesche Geriichtshaff hätt decidéiert, datt d'Autoritéiten den Accès op perséinlech Donnéeë just dierfe kréien, wann dat fir d'Opkläerung vu schwéiere Crimen néideg wier.

Den Asaz vum Staatstrojaner wier kaum encadréiert, wat mat engem grousse Risiko vun Abuse verbonne wier, sou eng weider Kritik vun der CNPD. De Staatstrojaner wier fir d'Pouvoire vun der Justiz ee "Qualitéitssprong" an et misst ee sech d'Fro stellen, ob dat Instrument net méi Risike mat sech bréngt wéi Virdeeler, heescht et am Avis vun der CNPD.

Prinzipiell kéint een esou en Instrument konform zu de Grondrechter asetzen, dofir missten awer nach vill Prezisiounen am Gesetz gemaach ginn. Eng onofhängeg Autoritéit misst d'Erlaabnis kréien, een Audit vun der Software ze maachen.

De ganzen Interview mam Thierry Lallemang vun der Dateschutzkommissioun

Minister brécht éischten Interview of

De Justizminister huet mëttlerweil decidéiert, fir op verschidde Kritikpunkten anzegoen, an de Gesetzprojet ze amendéieren. Nach een Hiweis, datt dës Reform iwwerstierzt lancéiert gouf.

An dat Bild passt och, datt de Felix Braz d'lescht Woch bei engem éischte Rendez-Vous den Interview zwee Mol ofgebrach huet, fir en um Schluss op een aneren Dag ze verleeën. Dat, nodeems hien eng Rei Froen net prezis beäntwere konnt. Zum Beispill op wéi eng Donnéeë vun den Telekomsoperateuren d'Justiz genee soll een direkten Accès kréien, oder firwat proposéiert gëtt, verschidde Mesurë fir all Crimen, net just fir Terrorismus anzeféieren.

Stëmmt den Androck, datt hie sech bis dohinner net am Fong mat sengem Gesetzprojet ausenaner gesat hat? "Neen, mir ass et just drëms gaangen, datt ech Iech en anstännegen Interview ka ginn. Hei si mer jo op dräi Texter parallel ënnerwee an ech wollt nach emol d'Implikatiounen par rapport zu aneren Texter iwwerpréiwen. Ech hu léiwer, mir maachen eng Woch méi spéit een anstännegen Interview, ewéi eng Woch méi fréi en Interview, wou mer herno allen zwee musse soen, do ware Saachen am Bericht, déi net gestëmmt hunn, zum Deel wéinst menger Schold."

Nobesserunge geplangt

Lo soll den Text also punktuell ugepasst ginn. Beim Staatstrojaner ass de Justizminister zu klengen Ajustementer bereet, notamment datt den Optrag vum Untersuchungsriichter muss preziséieren, wéi eng Donnéeë vun der Enquête viséiert sinn. Wou d'Software soll hier kommen a wéi hire Funktionnement soll kontrolléiert ginn, wëll de Minister awer an dësem Text net preziséieren: Hei géing et ëm Ännerunge vum Code d'instruction criminelle goen, wou esou Detailer net géifen higehéieren. De Justizminister verweist op d'Geheimdéngschtreform, mat där och ee Staatstrojaner soll agefouert ginn. D'Justiz géif déi Reegelen dann iwwerhuelen. Kloer wier, datt d'Software just dierft prezis Aufgaben erfëllen an net dierft den infizéierte Computer veränneren.

De Minister ass dann der Meenung, datt muss preziséiert ginn, wie bei der Police Judiciaire dierf ënner Pseudonym um Internet enquêtéieren - an datt dobäi net den Numm vun enger reeller Persoun dierf mëssbraucht ginn: "Ausser d'Leit wieren domadder averstan, well et an hirem Interêt ass, datt dat geschitt.

Beim ILR, dem Regulateur ë.a. vum Telekomsmarché, gëtt wéi geplangt eng Datebank ugeluecht, op déi d'Justiz direkt kann zréck gräifen. Preziséiert gëtt awer, datt do just Nimm, Adresse grad wéi fix a mobil Telefonsnummere gespäichert ginn. Gestrach gëtt aus dem Projet dann ënnert anerem d'Méiglechkeet, datt d'Justiz och direkten Accès zum Clientsfichier vun den Telekomsoperateurë soll kréien, wou een och IP-Adressen ka gewuer ginn, vu Geräter déi un den Internet ugeschloss sinn.

A bei der Identifikatioun an dem Traçage vu Verdächtegen, déi net just bei Terrorismus sollen erméiglecht ginn, soll de Gesetzprojet duerch kloer limitéierte Strofekatalog preziséiert ginn. ​Haaptfokus vum Gesetzprojet soll d'Strofverfolgung am Beräich Terrorismus sinn, betount de Justizminister. 

​De ganzen Interview mam Felix Braz: