Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Basalte

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Debatt iwwer d'Begrenzung vu Regierungsmandater

Referendum

Debatt iwwer d'Begrenzung vu Regierungsmandater

Invitéen am "Riicht Eraus Spezial" iwwer déi drëtt Referendumsfro waren de gréngen Deputéierte Claude Adam, den Deputéierte vun déi Lénk Serge Urbany, de fréieren CSV-Minister Marc Fischbach an de Vize-President vun der Piratepartei Marc Goergen.

auto_stories

3 min

De fréieren CSV-Minister Marc Fischbach an de lénken Deputéierte Serge Urbany (v.l.n.r.)

Wann eng zäitlech Begrenzung vu Regierungsmandater op maximal 10 Joer ouni Ënnerbriechung géif agefouert ginn, misst ee Politiker op mannst eng Legislaturperiode Paus maachen ier en nees ka Minister ginn. Dat huet de gréngen Deputéierte Claude Adam an der Diskussioun präziséiert. Et géif net duergoen, wann eenzel Parteien sech fräiwëlleg zu esou enger Limitéierung engagéieren, sou säin Argument fir eng Verankerung vun dëser Iddi an der Verfassung. D’Reegele misste fir all d’Parteien déi nämmlecht sinn. De gréngen Deputéierten huet op eng Nofro aus dem Publikum hinn verséchert, dass eng Begrenzung fir dës Regierung réckwierkend vun 2013 un géif gëllen - sou wéi den LSAP-Vize-Premier Etienne Schneider dat dës Woch betount hat.

D’Piratepartei ass géint eng zäitlech Begrenzung vun de Ministermandater: Et misst een dem Wieler de Choix iwwerloossen. Wann d’Leit beim consultative Referendum awer géife fir des Mesüre stëmmen, wier et dem Marc Goergen vun de Piraten no wichteg, deen Ament den Deontologiekodex un déi nei Realitéit unzepassen. Déi aktuell Bestëmmunge wieren zimlech “wischiwaschi” a géifen net dem Risiko Rechnung droen, dass ee Minister, deen no 10 Joer misst ophalen, nach während der Amtszäit säin Depart misst preparéieren.

De fréiere CSV-Minister Marc Fischbach hält d’Iddi vun enger zäitlecher Begrenzung vu Regierungsmandater prinzipiell fir richteg. Mat der Propose, iwwer déi beim consultative Referendum de 7. Juni ofgestëmmt gëtt, ass hien awer net averstan: Amplaz vun 10 Joer wier eng "definitiv Begrenzung op 15 bis 20 Joer ouni Ënnerbriechung" méi realistesch, sou de Marc Fischbach gëschter an der Emissioun "Riicht Eraus Spezial". De fréiere CSV-Premier Jean-Claude Juncker war 31 Joer an der Regierung, dovunner 18 als Premier. De Marc Fischbach selwer war 15 Joer Minister. Hien ass net der Meenung, dass déi vun der Majoritéit proposéiert zäitlech Limitatioun besonnesch d’CSV géif viséieren.

Déi Lénk si fir eng Begrenzung vun de Ministermandater. Dat och fir eng Situatioun ze verhënneren, wéi ënnert der Regierung Juncker, wou eng Serie vu Skandaler zu enger déiwer politesch-moralescher Krise gefouert hätten, sou de Serge Urbany. Déi viregt Regierungen hätte wéi eng Aart Monarchie funktionéiert, dobäi wier d’Chamber de Sëtz vum Pouvoir. Déi Lénk fuerderen zousätzlech Garantië fir eng efficace Kontroll vun der Regierung. Zum Beispill missten d’Deputéiert grad wéi d’Bierger eng Garantie hunn, dass d’Regierung den Accès zu wichtegen Informatiounen zouléisst.

Déi ganz Emissioun, moderéiert vum Gil Goebbels a Pia Oppel: