Radioen

On air

One World  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Defien an der Veräinswelt

Sport

Defien an der Veräinswelt

De Sport, besonnesch d’Aktivitéite vun de Sportsveräiner am Beräich vun der Jugend, stinn am Mëttelpunkt vun engem Debat haut (21.03.16) an der Stater Gemeng. Zil vun enger Motioun vun der LSAP ass et, eng Plattform vun de Stater Veräiner ze schafen, déi eng Bestandsopnam vun der Situatioun soll maachen... fir duerno Léisungen ze fannen. François Aulner

auto_stories

6 min

Lëtzebuerg a besonnesch d'Stad Lëtzebuerg wuessen an d'Gesellschaft verännert sech. Am Lëtzebuerg vun 2016, kann een d'Problemer vun de Sportsveräiner graff esou resuméieren: Finanziell Schwieregkeeten a Schwieregkeete fir Fräiwëlleger ze fannen. Déi neisten Initiativ an der Stater Gemeng, geet op déi rezent finanziell Problemer bei Stater Futtballveräin Racing (RFCUL) zeréck. De Vizepresident vum Club, den Armand Drews, huet a senger Funktioun vu Stater Gemengeconseiller (LSAP) d’Motioun abruecht. "Also fir mech ass eng gewëss Urgence do. Mir kommen ëmmer méi a Schwieregkeeten."

D'Veräiner begréisse wéi et schéngt de neien Ulaf fir eng Plattform vun de Veräiner ze schafen. De President vum Stater Basket Racing Club, Member vum Comité vum Dikrecher Liichtathletik-Club "Celtic", a Member vum Exekutivcomité vun déi Gréng, de Paul Zens seet: "Mir sinn als Sportsveräiner op der enger Säit Konkurrent ee fir den anere fir Memberen ze fannen, (...) op der anerer Säit hu mir allerdéngs vill gemeinsam Saachen, déi mer kënne revendiquéieren, déi mer froen, oder déi sollen thematiséiert ginn." Och de Vize-President vun der Vëlosfederatioun an Éierepresident vum Liichtathletikveräin CAL-Spora (CSL), den Emile Hermes begréisst d'Iddi vun enger gemeinsamer Plattform. Hie schléit awer och vir, datt eng wëssenschaftlech Bestandsopnam vum Sport hei zu Lëtzebuerg misst gemaach ginn, fir déi reell Defien a Schwieregkeeten kloer ze detektéieren an déi richteg Weichen kennen ze setzen: "Vläit mat der Uni Lëtzebuerg?".

Finanziell Problemer

D’finanziell Schwieregkeete beim RFCUL si virun allem op d'Aktivitéiten am Jugendberäich zeréckzeféieren. D’Stater Sports-schäffe Simone Beissel (DP) erkläert, datt Sportveräiner ëmmer méi para-sportlech Aktivitéiten ubidden: "Nieft dem Training, maachen se praktesch Ganzdagsschoul mat hinnen. T'ass u sech foyer scolaire oder souguer Crèche bis." De Problem wier awer, datt d'Veräiner just Subsidë fir déi sportlech Aktivitéite kréien. D'Clibb bräichten donieft och Subsiden fir de "côté général", esou d'Simone Beissel.

De Paul Zens mengt, et kéint een doriwwer nodenken, fir de Veräinsmembere, déi Responsabilitéiten droen, ze bezuelen. Ähnlech proposéiert den Armand Drews, datt Jugendtrainer Sue solle kréien. D'Simone Beissel mengt och, datt Clibb d'aktuell relativ niddreg Cotisatioune kéinten an d'Lut setzen oder hir Aktivitéiten erofschrauwen. "Well déi si momentan vu Sonndes bis Sonndes an dat hält kee Club aus."

Um finanzielle Volet bräichten d'Clibb dem Paul Zens no och allgemeng méi Previsibilitéit. Fir d'Subsiden ze kréien, missten all Joer nei Demande gemaach ginn. Ähnlech wier et och mat de Sponsoren, mat deene vu Saison zu Saison nei Verträg misste verhandelt ginn. "Et wier gutt, wa mir iergendwéi eng Hëllef kréichen, an dat ka bal just déi ëffentlech Hand sinn, déi engem puer Joer laang, Recetten assuréiert."

Sponsoren am 21. Jorhonnert

Sponsore fannen, mécht de Clibb vill Kappzerbrieches. Doriwwer sinn sech souwuel d'Gemengeresponsabel, wéi d'Vertrieder vun de Clibb Eens. Den Emile Hermes constatéiert, datt et ëmmer manner Firme géinge ginn, fir déi et iwwerhaapt interessant wier kleng Veräiner z’ënnerstëtzen. Dat wier e Resultat vun der Mondialisatioun.

Dem laangjäregen Sportler no, bestéing eng Léisung doranner, den Dialog mat den Entreprisen ze änneren oder eng nei Sensibiliséierung ze lancéieren. "Firwat net de Betriber soen, datt de Sport och medizinesch an therapeutesch eng ganz grouss Importenz huet."

Benevolat

"Eis Veräins-Dirigenten an de Staff rondrëm, ass am gaang méi al ze ginn", esou den Emile Hermes. Wéi a villen anere Beräicher, an net nëmmen zu Lëtzebuerg, gëtt et ëmmer méi schwéier Fräiwëlleger ze fannen. Och dat wier op d’gesellschaftlech Entwécklung zeréckzeféieren. D’Leit hätten hautdesdaags méi alternativ Offeren, wéi sech fräiwëlleg z'engagéieren, mee virun allem wieren se méi ënner Drock. De Paul Zens gesäit dat och esou. Fir Jugendlecher géing et net méi duergoen eng Première ze maachen, se misste sech och positionéieren. "An dann ass de Sport op Eemol Niewesaach." Wann ee bis schafft, géing een hautdesdaags och méi ënner Drock gesat gi wéi fréier.

Wéi schwiereg et ass Benevoler ze fannen, weist den Armand Drews mat folgendem Beispill: Den RFCUL hätt keng Leit méi déi d'Duschë kéinte botzen, dowéinst hätt ee mam Familljeministère eng Léisung fonnt, fir datt Leit déi den RMG kréien, déi Tâche iwwerhuelen an a Géigepartie de Mindestloun kréien.

Den Emile Hermes huet en Appel un all Mënsch lancéiert, "fir eng Hand unzepaken." Et wier jo och net esou, datt een déi ganzen Zäit a langweilege Sitzunge géing setzen. Benevolat wier wichteg, mat vill Spaass a vill Freed verbonnen. "Hëlleft am Benevolat, et ass der Wäert!"