Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cargolux: Gewerkschaften net op enger Linn

Aviatioun

Cargolux: Gewerkschaften net op enger Linn

Am Dossier Cargolux bedauert de Minister François Bausch, datt den LCGB an d'Pilotevereenegung un d'Ëffentlechkeet gaange sinn. LCGB an ALPL fuerderen, datt d'Direktioun an d'Aktionäre séier Kloerheet solle schafen, iwwert d’Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Cargo-Airline. D'Iwwerliewe vun der Cargolux an d’Erhale vun den Aarbechtsplatzen hei am Land solle garantéiert ginn. Den OGBL-Gewerkschaftler Hubert Hollerich schwätzt vun engem neien Alleingang vum LCGB.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Wolfgang Mendorf

De Cargolux-Generaldirekter Richard Forson hat Enn Oktober an der däitscher Fachpress gesot, datt d'Mataarbechter misste verstoen, datt de Wandlungsprozess bei der Airline, haart Decisioune wäert mat sech bréngen.

Den LCGB an d'Pilotegewerkschaft ALPL schwätze vun engem "Schlingerkurs" bei der strategescher Ausriichtung vun der Cargolux. Een iwwerstierzt ofgeschlossene Kollektivvertrag géif zu Problemer féieren, sou den ALPL-Generalsekretär Dirk Becker. Doduerch kéint d'Cargolux sech um haart ëmkämpfte Marché net sou positionéieren, datt d'Iwwerliewe garantéiert wier. D'Aarbechtplaze bei der Cargolux a bei de Betriber, déi vum Succès vun der Cargo-Airline ofhänken, wieren net dauerhaft geséchert.

Et géif e sech Suergen ëm d'Cargolux maachen, mee et wéilt een d'Airline net schlecht rieden, esou den Dirk Becker weider. LCGB an ALPL hunn op hirer Pressekonferenz net gesot, datt et um Dënschdeg informell Eenzelgespréicher vun de Gewerkschafte mam Minister François Bausch goufen.

Alleingang vum LCGB

"Et war ofgemaach ginn, net an d'Ëffentlechkeet ze goen, bis datt d'Fakten alleguer um Dësch leien", sou den OGBL-Zentralsekretär Hubert Hollerich. Hie seet, hie géif deen Alleingang vum LCGB net verstoen.

Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch erënnert drun, datt de Staat mat ronn aacht Prozent dee klengste Cargolux-Aktionär ass. Och de Minister ass net begeeschtert, datt "an der Ëffentlechkeet groussen Tam-Tam gemaach gëtt". Hien hätt léiwer, d'Fronte géife sech berouegen an et géif un engem Dësch zesummen iwwer déi schwiereg Situatioun vun der Entreprise diskutéiert ginn.

Et géif ëm ganz vill goen. Ënner anerem dorëm fir een neie Business-Modell fir d'Cargolux auszeschaffen. Et wier scho laang gewosst, datt et net einfach wier. Et géif deemno senger Meenung no, keen neie Moment ginn.

Am Cargolux-Verwaltungsrot den 20. Dezember kéint decidéiert ginn, datt all Acteure gemeinsam bannent e puer Méint sollen analyséieren, wéi d'Cargolux nei opgestallt ka ginn, fir der Konkurrenz gewuess ze sinn, esou den OGBL.

D'Cargo-Airline beschäftegt hei am Land ronn 400 Piloten an iwwer 800 Leit Buedempersonal.


Audio: Bäitrag vum Serge Kesseler vum 1. Dezember 2016

Gewerkschaften net op enger Linnplay_arrow