Radioen

On air

Notturno  |  Yoshika Colwell - It's Getting Late

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi Staark géint déi Schwaach"

Luxleaks-Prozess

"Déi Staark géint déi Schwaach"

D'Uerteel am LuxLeaks-Prozess gëtt den 29. Juni gesprach, sot de Riichter um Enn vum aachten a leschte Prozessdag. Den Antoine Deltour huet un d'Geriicht appeléiert, hien net als Delinquent ze jugéieren, mee als Whistleblower.

auto_stories

3 min

Dem ugeklote Journalist Edouard Perrin seng Verdeedeger hu viru Geriicht widderholl, hire Client hätt sech näischt virzewerfen

Fir d’Verdeedeger vun den dräi Ugekloten a fir d'Partie civile, d'Firma PricewaterhouseCoopers, war et um leschte Prozessdag d’Geleeënheet, op dem Parquet säi Requisitoire vu gëschter ze reagéieren. Dem zweete Whistleblower Raphael Halet sain Affekot huet dem Parquet virgeworf, "déi Staark géint déi Schwaach ze beschützen”.

Dem Maître Bernard Colin no hätt de Procureur d'État adjoint a sengem Requisitoire d'Debatt op d’Lëtzebuerger Strofrecht wéilte begrenzen an d’Jurisprudenz vum Mënscherechtsgeriicht a Bezuch op Whistleblower ausklammeren.

De Verdeedeger vu PricewaterhouseCoopers sot, säi Client hätt sech näischt Illegales virzewerfen, och net a Bezuch op EU-Recht. De Maître Hervé Hansen huet dem fréiere PWC-Mataarbechter Halet ënnerstallt, een "Opportunist" ze sinn, a kee Whistleblower. Eng Partie Duerstellunge viru Geriicht huet de Maître Hervé Hansen als, "bobards" bezeechent.

"Acquittement pur et simple"

De Maître Philippe Penning, Affekot vum Antoine Deltour sot, säi Client wier net géint d'Beruffs- respektiv d'Betribsgeheimnis. Seng Demarche awer géif kloer de Kritärë vun engem Whistleblower entspriechen, deen op Mëssstänn hätt wéilten opmierksam maachen.

D’Verdeedeger vum Journalist Edouard Perrin hunn ënnerstrach, datt dem Raphael Halet seng Aussoe viru Geriicht hire Client entlaascht hätten. Hire Client hätt sech näischt virzewerfen, de franséische Journalist misst fräigesprach ginn. ​"Acquittement pure et simple", huet de Maître Roland Michel gefuerdert.

"Just ee Bierger"

Um Enn haten och nach déi dräi Ugekloten d’Wuert. Den Edouard Perrin sot, hie géif sech der Versioun vum Procureur uschléissen. Deen hat dem Journalist um virleschten Dag ugerechent, de Saachen op de Fong gaang ze sinn. De fréiere PWC-Mataarbechter Raphael Halet huet sengersäits de Schutz vum Geriicht ugefrot, hie wier "just ee Bierger".

Den Antoine Deltour, deen als éischt vertraulech Dokumenter vu PWC – nämlech Steierrulingen - geleakt hat, huet un d’Geriicht appeléiert, hien net als Delinquent, mee als Whistleblower ze jugéieren. Ee Statut, dee souwuel d’Auditsfirma wéi och de Parquet dem Deltour an dem Halet an deem Prozess ofgesprach hunn.

D’Uerteel am LuxLeaks-Prozess gëtt den 29. Juni gesprach, sou de Riichter Marc Thill de Mëtten um Enn vum aachten a leschte Prozessdag.