Radioen

On air

Espresso Beats  |  Bolis Pupul - Completely Half

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Donald Trump seng méiglech Interessekonflikter

President a Milliardär

Dem Donald Trump seng méiglech Interessekonflikter

A engem gudde Mount gëtt den Donald Trump offiziell amerikanesche President. Virdru muss de Milliardär beweisen, datt hien d'Presidence net wäert benotze fir nach méi räich ze ginn. Vum éischten Dag u riskéiert hien Interessekonflikter.

auto_stories

2 min

D'Ivanka an den Donald Trump bei Ouverture vum Trump Hotel zu Washington (Foto: picture alliance / Cheriss May)

Um Donneschdeg sollt den Donald Trump alles erklären, op senger éischter Pressekonferenz zënter dem 8. November. Zesumme mat senge Kanner Don Jr., Eric, an Ivanka wollt dee mächtegste Mann vun der Welt iwwert säi Business schwätzen. Et sollt drëms goen, wéi de Milliardär Interessekonflikter wäert aus dem Wee goen, wann hie President vun den USA gëtt. Déi Annoncë goufen ofgesot a mussen elo bis just virun der Investiture am Januar waarden.

De Grond: et ginn nach vill Detailer ze regelen. Well sech a just e puer Méint vun allen Investissementer a vun allen eegene Firmaen ze trennen ass net einfach, schéngt et.

D'Duechter Ivanka

Am Wahlkampf sot den Donald Trump, hie géif seng vill Firmaen, seng Golf-Terrainen, seng Residencen, a seng Hoteller u seng Kanner ofginn. Si wäerten awer och hirem Papp am Wäissen Haus bäistoen, genee wéi och scho während der Campagne. Si sinn en Deel vun der Trump-Equipe, och an dësen Deeg vun der Transitioun.

Deen éischten Indiz vun engem Interessekonflikt, op d'mannst ee visuellen, war eng Foto vum Trump senger Duechter Ivanka, déi bei engem Treffe mam japanesche Premier Shinzo Abe mat am Sall war. Och bei engem Telefonsgespréich mam argentinesche President Macri hätt si matgemaach, sou déi argentinesch Presidence.

De Problem ass, datt d'Ivanka Trump responsabel ass fir vill vum Donald Trump sengen Hoteller uechtert d'Welt. Zu Buenos Aires kéint och ee gebaut ginn.

Kloert, kaalt Trump-Waasser

Dës Woch huet den Donald Trump e puer vun deene räichsten a mächtegsten Entrepreneuren am Technologie-Secteur bei sech an den Trump Tower geruff. Um Dësch souzen ënnert anerem héich Representante vu Facebook, Google a vun Apple. Och dem Trump seng Kanner waren dobäi. Gedronk gouf Trump-Waasser. Déi méiglech Interessekonflikter sinn iwwerall.

An där amerikanescher Haaptstad steet den Trump International Hotel, an engem Gebai dat der Regierung gehéiert. Och vun deem Hotel muss de President Trump sech wahrscheinlech an Zukunft trennen.

Fir Demokrate wäert et vill Méiglechkeete ginn, den Donald Trump ënner Drock ze setzen, wann de Business an d'Presidence sech ze no kommen.