Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Cardigans - Lovefool

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deen "aneren" Nation Branding

Lëtzebuerger Identitéit

Deen "aneren" Nation Branding

Clichéen a Stereotyppe sinn ëmmer gutt ze gebrauchen, wann et u wierklecher Substanz feelt - Lëtzebuerg ass op der Sich no senger Identitéit, tëscht Oppenheet a Repli identitaire. Historesch gesinn ass den Nation Branding näischt Neies.

auto_stories

6 min

De Logo vun der Campagne. Foto: SIP / Luc Deflorenne

Kleng a grouss Déiercher, déi rout wäiss blo ugestrach am ëffentleche Raum stinn, nieft de Landstroossen, oder och an de Vitrinne vun de Butteker. D’Gëlle Fra, déi duerhale muss fir Béier, Crémant a Parfumsfläschen ze dekoréieren. D’Melusina, déi net méi bei Vollmound, mee ëmmer dann nees opdaucht, wa verkrampft no engem Identitéitsersatz gesicht gëtt. An natierlech de roude Léif, Nationalsymbol par excellence, dat sech scho laang de Wee vum Sport bis an all d’Felder vun der Lëtzebuerger Gesellschaft erschlach huet.

Iwwerall si si nees ze fannen, d'Biller vun enger Kultur, déi een anscheinend zu Lëtzebuerg esou schwéier definéiert kritt, datt ee mol kee Plang fir si opstelle kann, ouni endlos Versammlungen an Diskussiounsowender z'organiséieren.

Op der Sich no der Identitéit

All d’Clichéen a Stereotyppe sinn ëmmer gutt ze gebrauchen, wann et u wierklecher Substanz feelt. D’Biller vun de Buergen a Schlässer sinn nach ëmmer gutt fir duerzehalen, während déi modern an nei Architektur zu Lëtzebuerg allerhéchsten hir Duerstellung an der rouder Bréck fënnt. Och wann déi schonn een halleft Joerhonnert al ass. Wéisou behaapt Lëtzebuerg eng Velosnatioun ze sinn, wann d'Leit de ganzen Dag am Auto setzen?

Wouhier kënnt et, datt zu Lëtzebuerg am Alldag vu Commerce a Konsum - och deem vun der Kultur - Symboler a Clichéen nees esou populär sinn, wéi am Joerhonnert virun 1939? Esouguer wéi d'Natioun 1989 150 Joer Onofhängegkeet gefeiert huet, stounge keng rout, wäiss a blo Elefanten an der Foussgängerzon.

Folklor berouegt

Mee wou hat et ugefaangen? Wann d'Francine Closener am Depliant vun der neier Lëtzebuerger Signature vum Nation Branding seet, datt Lëtzebuerg dat eenzegt Land ass, dat mat Mexiko een "x" a sengem Numm huet. Oder éischter an der Iwwersetzung vu sengem Numm. Dann dierf ee soen, datt - wéi Lëtzebuerg deemools de roude Léif als Wopendéier opgeholl hat - Lëtzebuerg, mat Albanien, och dat eenzegt Land um europäesche Kontinent mat engem Wopendéier um Fändel war.

A senger Symbolik, déi den Ament omnipresent ass, schéngt Lëtzebuerg dacks resolut antimodern a konservativ ze sinn. An dat net ouni sech an enger ganz bestëmmter Gemittlechkeet vum Denken ze wenzelen. Folklor berouegt, wann ee wëll bleiwen, wat een ass. An an der ganzer Ikonografie vun der Selbstduerstellung ass et schwéier, tëscht den Internetsitë vun der Regierung an der Vitrine vun engem Souvenirsbuttek z'ënnerscheeden.

Kitsch

Dee ganze Koup u Billercher, nationalen Ikonen, a pseudo-progressive Logoen dréit ganz kloer de séissen Nogeschmaach vum Kitsch a sech. De Kitsch - ee schéint Wuert, dat net zoufälleg an Däitschland erfonnt gouf, wéi sech a ganz Europa am 19. Joerhonnert d'Notioun vum Nationalstaat duerchsetze sollt.

Et ass ganz kloer een "nation" a keen "territorial"- oder "country branding", dee mir wëllen. Mee Lëtzebuerg wëll a ka jo net nëmme bleiwen, wat et ass. An do kéint ee sech virstellen, datt den Nation Branding, dee jo net just Form, mee och Inhalt ass, soll Inhalt bidden an eng Alternativ kéint sinn. Wat fir ee Bild gëtt sech Lëtzebuerg, wann et dorëm geet, eng Identitéit no baussen, mee och no bannen opzebauen?

Virum Nation Branding ...

D'Sonja Kmec, Historikerin un der Uni Lëtzebuerg, huet sech domat ausernee gesat. Si huet ënnert anerem um Buch "Inventing Luxembourg - Representations of the Past, Space and Language from the Nineteenth to the Twenty-First Century" matgeschafft, an deem d'Symboler vu Lëtzebuerg kritesch ënnersicht ginn. Donieft huet si d'Sammelbänn vun de "Lieux de Mémoire" mat erausginn, déi d'Stereotyppen an d'Ikonografie vu Lëtzebuerg ënnert d'Lupp huelen. Et gouf also eng Fachliteratur zum Thema, laang éier de Begrëff vum Nation Branding an d'Schlagzeile koum.

Den neie Logo vum Nation Branding, wier eng Zort Explosioun vum "x" a Luxembourg, fënnt d'Sonja Kmec. Et wier d'Symbol fir eng Oppenheet no baussen an dat wier och eent vun de Schlagwieder vun der Campagne, esou d'Historikerin. Dëst Oppe-si wier e Slogan, deen historesch verankert wier. "Et gesäit een, wéi Lëtzebuerg an de leschten honnert Joer duergestallt gouf."

Tëscht Oppenheet a Repli identitaire

Der Sonja Kmec no gëtt et zënter dem Zweete Weltkrich eng Dualitéit an der Selbstduerstellung vu Lëtzebuerg: Engersäits wéilt ee bleiwe wat ee wier. Lëtzebuerg géif an deem Sënn duergestallt ginn als zou, ob sech bezunn a lokal geséchert. Anersäits wéilt een d'Land no baussen opmaachen an als oppen an dynamesch a frëndlech eriwwer komme loossen. "Do gëtt probéiert, ëmmer méi grouss Kreesser ze zéien." Et wéilt een déi Länner a Géigende ronderëm Lëtzebuerg, "déi ganz Welt am Fong" op Lëtzebuerg bezéien.

Déi méi oppen Duerstellung vu Lëtzebuerg géif der Sonja Kmec no, zënter den 1970er Joren ëmmer méi staark ginn. "Dat Op-sech-bezu-si kënnt awer och erëm. Et ass net, wéi wann dat fort wier." Dofir wier och d'Gefor vun engem Repli identitaire ëmmer do. "An zwar wann een dat Globaalt esou an de Virdergrond stellt, datt dat Lokaalt vermësst gëtt."

Ee Beispill vun der zentrifugaler, also enger oppener Duerstellung vu Lëtzebuerg, wier zum Beispill datt wéi d'Festung geschlaff gi wier, gesot gi wier, d'Lëtzebuerger Gesellschaft wier eng oppe Gesellschaft. Doduerch hätt sech de Commerce entwéckelt, erkläert d'Chercheuse. "Et gëtt dacks vun enger Zort Corcelet geschwat, dee gesprengt gouf." Ee weidert Beispill wier Schengen an d'Opmaache vun de Grenzen an déi domat verbonnen Iddi, datt Lëtzebuerg sech misst an d'Europäesch Unioun integréieren. Déi Representatioun wier an de leschten 20 bis 30 Joer ëmmer méi staark ginn, esou d'Sonja Kmec.

D'Fro vun der Sprooch

Beim Repli identitaire géife bekannt Symboler an Traditioune widderholl ginn. Dat géif een zum Beispill an der aktueller Sproochendebatt gesinn. "Do ginn et Echoe vu Saachen, déi an de 1910 a 1920er Jore scho gesot goufen." Zum Beispill d'Ausso, datt ee wéilt d'Lëtzebuergesch fërderen. D'Qualitéit vun den Aussoe wier awer eng aner, wann een esou vill Sproochen am Land hätt an d'Lëtzebuerg Sprooch an deem Kontext wéilt fërderen. "Et probéiert ee vläicht och, dat Lokaalt mat deem Globalen ze verbannen."

Dat géif och am Nation Branding probéiert ginn, esou d'Sonja Kmec. Et géif probéiert ginn, dat Lokaalt ze huelen, fir Lëtzebuerg ze verkafen. Déi National Symboler géifen net geholl ginn, fir sech ze verschléissen, mee fir sech no baussen opzemaachen.

D'Natioun als Konstrukt

Schonn 1983 hat dee kierzlech verstuerwenen Historiker Benedict Anderson vun den "Imagined Communities" geschriwwen. An dësem mëttlerweil klasseschen Text huet hien d'Iddi vun enger Natioun als Konstrukt duergestallt, als näischt Natierleches. D'Natioun wier eppes, wat d'Mënsche sech virun allem géife virstellen, schreift de Benedict Anderson. Eppes, wat begrenzt souverän wier a wat virun allem um Enn vum 19. Joerhonnert sollt eng nei Zort vu Gemeinschaft representéieren.

Dem Anderson säin Text wier och zu Lëtzebuerg ee wichtege Baustee fir eng Diskussioun ëm d'Iddi vun den nationale Wäerter - déi aktuell direkt oder iwwer de Wee vun der Sproochendiskussioun gefouert gëtt - anescht ze féieren.