Fuerschung Europäesch Integratioun am Institut fir Zäitgeschicht

De Centre virtuel de la connaissance sur l'Europe (CVCE) ass ee vun enger Rei Lëtzebuerger Fuerschungszenteren, déi an den neien Institut fir Zäitgeschicht (IHTP) op der Uni.lu transferéiert gi sinn. D'Marianne Backes war bis de leschte Freideg d’Direktesch vum CVCE. Si kënnt op deem seng Missioun an d'Erausfuerderunge vum Transfert an d'Uni Lëtzebuerg zeréck.

Charlotte Bruneau, md

Marianne Backes
Marianne Backes

Fir eng méi efficace Fuerschung an en Zesummeleeë vun hire Ressourcen z’erméiglechen, sinn eng Rei Fuerschungszenteren zu Lëtzebuerg an den Institut fir Zäitgeschicht (IHTP) transferéiert ginn. De Centre virtuel de la connaissance sur l’Europe, de Centre d’études Robert Schumann an de Centre de documentation et de recherche sur la résistance et l’enrôlement forcé existéieren zënter dem 1. Juli net méi an hirer aler Form.

Hir fréier Fuerschungsschwéierpunkte bleiwen awer Bestanddeel vum IHTP. Déi digital an technesch Ressourcë vum CVCE sollen zur digitaler Strategie vun der Uni Lëtzebuerg bäidroen.

Bis elo gutt Kollaboratioun mat der Uni

“Den CVCE ass jo en Etablissement public, wat schonn zënter 2002 existéiert a sech ëm déi europäesch Integratiounsgeschicht këmmert, an dat ëmmer combinéiert mat den digitalen Technologië realiséiert huet”, sou déi fréier Direktesch Marianne Backes. Den Transfert an den IHTP war am Juni 2015 annoncéiert ginn. “Mir si relativ spéit ukomm fir dee ganzen Transfert ze realiséieren. Dat ass dat eenzegt, wat een elo vläicht ka regrettéieren”, sou d’Marianne Backes. D’Kollaboratioun mat der Uni wier awer ganz gutt gelaf, elo misst ee kucken, wat d’Zukunft bréngt.

D’Marianne Backes integréiert déi nei Struktur net, wiesselt dofir an de Kulturministère. Den Transfert vum CVCE an d’Uni gesäit si jiddefalls als eng Unerkennung un. “Dat ass fir eis effektiv eng Reconnaissance, a bis elo gesäit et sou aus, datt d’Uni sech engagéiert huet, déi Infrastruktur weiderzeféieren.” Wéi dat elo genee ass misst sech an den nächste Joren nach erginn.

Am September trëtt den neien Direkter vum Institut fir Zäitgeschicht, Andreas Fickers, säi Posten un. Seng éischt Aufgab besteet dann doranner, déi nei Fuerschungskonzepter vum Institut am Detail ze definéieren.

Dem Charlotte Bruneau sai Bäitrag iwwert de CVCE:

CVCE

Méi zum Thema

Pia Oppel Meenung
Geheimdéngscht-Archiven

D'Regierung wëll een "Institut d'Histoire du Temps Présent" schafen, mee beim Opschaffe vun de Geheimdéngscht-Archive steet se der zäithistorescher Fuerschung am Wee, mengt d'Pia Oppel.

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen