Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump mécht wat hie wëll

USA

Den Donald Trump mécht wat hie wëll

Nom Donald Trump senger iwwerraschender Victoire den 8. November géint d'Demokratin Hillary Clinton huet sech wéineg verännert. Hie schéckt weider Twitter-Messagen iwwer alles wat hien nervt, an hien ass derbäi duerch d'USA ze reesen - seng Campagne huet, wéi et schéngt, ni opgehalen. Op der Bühn ass de Republikaner aggressiv an net onbedéngt presidentiell.

auto_stories

2 min

Bigstock / Gino Santa Maria

"Haut diskutéieren ech mat Iech mäi Plang, fir Amerika nees staark ze maachen. Mee mir haten dach vill Spaass géint d'Hillary Clinton ze kämpfen, oder?" Dëst huet den neie gewielten US-President Donald Trump kierzlech seng Supporter zu Cincinnati am Staat Ohio gefrot. Et ass deen éischte Stopp op senger Tour uechter d'Staaten, no senger Wahlvictoire den 9. November. Honnerten Ënnerstëtzer jäizen "lock her up", späert si an: Den Opruff, fir d'Hillary Clinton an de Prisong ze schécken - eppes, wat den Donald Trump a senger Wahlcampagne versprach hat.

Wéi e Kandidat

Geschwënn ass den Donald Trump President vun den USA, mee de Republikaner schwätzt nach ëmmer, wéi e Kandidat matzen an der Campagne: Hie gräift alles a jiddereen un - besonnesch d'Medien, déi net geduecht haten, datt eng aggressiv Campagne zu enger Victoire kéint féieren.

Viru senge Supporter huet den Donald Trump versprach, d'Land nees zesummenzebréngen, nodeem d'Presidentiellen d'USA an Zwee gespléckt hunn. "Mir wäerten eist ganzt Land nees zesummebréngen, eist ganzt Land. Mir wäerten dës Aarbecht richteg maachen." Den Donald Trump schwätzt vun Unitéit, säin Toun ass awer een aneren.

Net ouni Konsequenzen

Dernieft huet den Donald Trump widderholl, wat hie schonn a senger Campagne versprach huet: Hie seet, hie wéilt Milliounen nei Aarbechtsplaze schafen an eng Mauer op der Grenz tëscht Mexico an den USA bauen. De Republikaner huet iwwerdeems gewarnt, datt hien den amerikaneschen Entreprisen et wéilt schwéier maachen, am Ausland Profit ze maachen. "Ech hunn de Leit an deene Firmae gesot, datt si d'USA net ouni Konsequenze wäerte verloossen." Wéilten d'Firmen an d'Ausland goen, hätt dat Konsequenzen a si missten zum Beispill héich Steiere bezuelen, esou den zukünftege President.

Den Donald Trump behëlt sech weiderhin, wéi e Businessman. Dat erkläert och säi positiivt Verhale vis à vis vun de Presidente vun de Philippinnen an dem Taiwan: Staaten, mat deenen d'USA, am Fall vun de Philipinnen komplizéiert, an am Fall vun Taiwan – aus Respekt viru China –inexistent Relatiounen haten.