Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cousin Kula - Hangin' on Your Lips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Stad Lëtzebuerg am Wandel

Neie PAG

D'Stad Lëtzebuerg am Wandel

Bis 2020 kéinten 126.000 Leit an der Stad wunnen. Aarbechtsplaze sollen et der dann 180.000 ginn. Mam neie Bebauungsplang (PAG) sollen Äntwerten op d'Erausfuerderunge geliwwert ginn, déi doduerch entstinn. Net genuch, fënnt d'Oppositioun am Stater Gemengerot.

auto_stories

7 min

Stad Lëtzebuerg: 180.000 Aarbechtsplaze bis 2020

Dem Gesetz no sinn déi Lëtzebuerger Gemengeresponsabel zënter 2004 obligéiert, hire PAG z'iwwerschaffen. Dat heescht, datt alleguerten d'Gemengen, bis 2018, hire Bebauungsplang an déi selwecht Sprooch mussen iwwersetzen. Et wier also elo un der Zäit gewiescht, de PAG vun der Stad Lëtzebuerg ze reforméieren, seet d’DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Bis ewell gouf et ëmmer just een eenzege Plang, deen all d'Elementer vun der Stad gewisen huet. Deen neie PAG soll aus zwee Pläng bestoen: Ee generellen, an een, deen all eenzele Quartier am Detail duerstellt.

Loftfotoen an Infrarout

D'Oppositioun am Stater Gemengerot fënnt, datt den neie PAG ze komplex wier, schwéier ze verstoen. Där Meenung ass och d’Lydie Polfer. Allerdéngs wier e méi prezis an d'Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg géif am Mëttelpunkt stoen, seet si. Am Kader vun der konkreter Ausschaffung vum Plang, huet d'Equip ronderëm d'Urbanistin vun der Stad, Chantal Zeyen, eng Rei Analyse gemaach. "Mir hu mat Loftfotoe geschafft an Infraroutkameraen, mir hunn d'Geologie gekuckt an de Solarkadaster", sou d'Chantal Zeyen.

An éischter Linn soll sech mam neie PAG ëm d’Quartieren Hollerech, Kierchbierg an Uewerstad gekëmmert ginn. Do sollen Akaafsméiglechkeeten a Sozialstrukturen entstoen. Analyséiert gouf och, wéi vill nach gebaut ka ginn. Alles an allem sinn nach ronn 540 Hektar bebaubar.

Plaz fir 180.000 Awunner

Et gëtt also genuch Plaz, fir datt de Bauperimeter net brauch erweidert ze ginn - och wann d’Prognostiquen iwwer déi demographesch Entwécklung weisen, datt d’Bevëlkerung bis 2020 soll an d’Luucht goen. Haut liewen eng 110.000 Mënschen an der Stad. "Tëscht 2020 an 2025 kéint d'Bevëlkerung op 126.000 Persounen eropgoen. A bis 2030 kéinten et der 151.000 sinn, och wann dat haut schwéier virauszegesinn ass", erkläert Chantal Zeyen. Plaz wier souguer fir bis zu 180.000 Leit, mengt d'Urbanistin

Eleng wat d'Aarbechtsplazen an der Haaptstad ugeet, sollen déi am Joer 2020 op 180.000 klammen. Méi Aarbechtsplazen also wéi Awunner. Virun allem misst déi héich Zuel u Pendler, déi all Dag op Lëtzebuerg kommen, consideréiert ginn, mengt de Romain Molitor vum Büro fir Verkéiersplanung Komobile.

Kloer Tendenz a Richtung ëffentlechen Transport

Duerch den ëffentlechen Transport géing den Trafic am Joer 2020 awer ofhuelen. "Den Autosverkéier hëlt signifikativ of, et gëtt ee Balancement an d'Richtung vum ëffentlechen Transport" seet de Romain Molitor, op d'Zukunft gekuckt. Den geplangten Tram an déi nei Offeren am Beräich vum Zuch géif gräifen, do gesäit de Romain Molitor a senge Previsiounen eng kloer Tendenz.

A Saache Mobilitéit hat déi Stater CSV sech awer méi ee prezise Plang erwaart. D’Reform vum PAG géing virun allem aus Iddien an net aus Realisatiounsvirschléi bestoen, kritiséiert d’Gemengeconseillère Isabel Wiseler. "Ech hätt gär eppes Visuelles gesi fir de Mobilitéitsplang. Firwat hu sinn net probéiert, ee vun de Modeller bildlech duerzestellen, fir datt ee sech eppes hätt kënnen dorënner virstellen?".

"Total ondemokratesch"

"Back to the future" - esou bezeechent déi Stater LSAP d’Reform vum PAG. Op laang Dauer wier keng Visioun hannert dem Projet. Et wier een och ze spéit iwwert esou e groussen Dossier informéiert ginn, seet de Marc Angel. Dem LSAP-Deputéierte a Gemengeconseiller Franz Fayot geet souwäit ze soen, eng Diskussioun mam Bierger, wéi vun der Majoritéit geplangt, wier eigentlech guer net erwënscht.

Hie schwätzt vun enger ‘’total ondemokratescher" Prozedur. De Gemengerot wier knapps virun der Ofstëmmung fir de PAG an d'Prozedur ze schécke mat Dokumenter iwwerschott ginn, déi schwéier z'analyséiere gewiescht wieren. "Dat hei ass ee Beispill aus dem Léierbuch, wéi een een Debat am Keim erstéckt", sou de Franz Fayot.

Keng Altersheemer, keng Schoulen

D'LSAP hat gefuerdert, d'Prozedur eréischt am Hierscht ze lancéieren, ouni Erfolleg. D'Marceline Goergen vun der ADR bedauert, datt Detailer am PAG feelen. U verschidde Leit wier guer net geduecht ginn, zum Beispill un déi eeler Leit oder un déi Jonk. "Mir hu keng eng Plaz fir ee Fleege- oder Altersheim, an an de villen neie Quartiere sinn absolut keng Schoulen agezeechent", seet si.

Alleguer d'Oppositiounsparteien, also CSV, LSAP, déi Lénk an d'ADR, hate sech dëse Méindeg beim Vote fir de PAG an d'Prozedur ze schécken, enthalen. Mat de Stëmme vun der blo-grénger Majoritéit ass de Plang awer elo an d’Prozedur geschéckt ginn.

"Erausfuerderunge gutt léisen"

De grénge Francois Benoy seet, d’Reform géif Äntwerten op Problemer ginn. "D'Stad kritt ëmmer méi Awunner an et kommen ëmmer méi Leit heihi schaffen. An déi Erausfuerderunge probéiere mir hei gutt ze léisen, zum Beispill andeems mir déi gréng Strukturen, déi mir hunn, halen an de Perimeter net ausweiden".

Vum 20. Juni u soll den neie Bebauungsplang ee Mount laang am Biergerzenter ausgehaange ginn. Do kennen d’Bierger hir Remarquë maachen. Bis Enn Juni gi sechs Biergerversammlungen organiséiert. D’Oppositiounsparteie fuerderen d’Bierger op, sech z'informéieren. Den definitive Vote iwwert d'Reform vum PAG soll am Januar 2017 sinn.