400 Delegéiert, Gewerkschaftspersonal a Gewerkschaftsspëtzt hunn dem OGBL um Samschdeg op engem extraordinäre Kongress nei Strukture ginn. Et gouf entscheet, datt nieft de 15 Beruffssyndikater an Zukunft d'Lokalsektioune vu 59 op 25 reduzéiert ginn. D'Regionalsektiounen, déi driwwer stinn, ginn ofgeschaaft. En neie "Service vun den nationale Servicer" iwwerhëlt d'Begleedung vun de Lokalsektiounen, fir se nei aus ze riichten.
D'Salariat: déi kritesch Mass
De Kongress war hannert zouenen Dieren. Dem André Roeltgen, President vum OGBL no, wär dee Projet gutt vun den Delegéierten opgeholl a vun der grousser Majoritéit ugeholl ginn. Et hätt een et bei der Restrukturéierung net mat enger Zentraliséierung ze dinn, seet den André Roeltgen. Et géing drëms goen eng kritesch Mass ze kréien, fir sech besser fir d’Salariat an ze setzen. Intern wär den OGBL duerch déi 15 Beruffssyndikater pluralistesch opgestallt.
"Eenheetsgewerkschaft, ass den eenzege richtege Modeel, well d’Salariat grondsätzlech gemeinsam Interessen huet", seet den André Roeltgen. Duerch Gewerkschaftzersplitterung géing vill Energie verschwent ginn. Et misst een déi Eenheet erreechen, fir efficace d'Interesse vum Salariat ze vertrieden.