Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den Ufank vum Enn"

Landtagswahlen a Mecklenburg-Vorpommern

"Den Ufank vum Enn"

Déi rietspopulistesch Alternative für Deutschland krut an de Landtagswahlen a Mecklenburg-Vorpommern ronn 22 Prozent vun de Stëmmen a gëtt domat zweetstäerkste Partei hannert der SPD. Et ass e weidere regionale Succès fir d'AfD virun de Bundestagswahlen 2017.

auto_stories

3 min

D'AfD krut vill Zousproch bei de Landtagswahlen. Foto: Bigstock / De Visu

Am Mäerz vun dësem Joer ass d'Alternative für Deutschland, kuerz AfD, schonn an dräi Landesparlamenter agezunn. A Mecklenburg-Vorpommern stellt déi rietspopulistesch Partei elo déi zweetstäerkste Kraaft. D'AfD iwwerhëlt nieft der CDU och déi Lénk, déi Gréng an déi rietsextrem NPD.

D'SPD bleift déi stäerkste Partei. Si stëllt zënter 1998 de Ministerpresident am nordëstlechste Bundesland an Däitschland. Déi lescht zwou Legislaturperioden huet den Erwin Sellering mat enger grousser SPD-CDU Koalitioun regéiert.

"Et läit un der Flüchtlingspolitik"

Firwat d'AfD esou gutt ofgeschnidden huet, léich un der Flüchtlingsfro, sot den Erwin Sellering um Wahlowend op der ARD. "D'Flüchtlingspolitik vun der Bundesregierung huet d'Mënsche staark veronséchert." D'AfD wier awer ënnert hiren Erwaardunge bliwwen, esou den Erwin Sellering.

"Mir mussen eis an den nächste Jore mat der AfD ausernee setzen, hei am Landtag. Mee nach vill méi muss d'Bundeskanzlerin sech domat ausernee setzen, datt d'Parteielandschaft an Däitschland duerchernee gerëselt ginn ass." Et misst een eppes un der Flüchtlingspolitik änneren, mengt de Ministerpresident vu Mecklenburg-Vorpommern.

Et gesäit den Ament esou aus, wéi wa rout-schwaarz weider géing regéieren. Den Erwin Sellering huet awer dorop bestanen, datt ee sech all Optioune wéilt ophalen.

Vill Zousproch fir AfD

De Spëtzekandidat vun der AfD, de Leif-Erik Holm gesäit am Wahlresultat eng Confirmatioun, datt d’Leit mat der aktueller Bundesregierung net zefridde sinn. "Eis Politik ass net géint d'Migranten, mee géint déi irresponsabel Politik vun der Bundesregierung."

Dat hätten d'Wieler genee esou gesinn. Et wier ëmmer den Haaptsujet bei de Manifestatioune vun der AfD gewiescht, esou de Spëtzekandidat. "Et ass dee Sujet, deen d'Mënschen an dëser Zäit beweegt. D'Mënsche wëllen d'Politik vun der Madame Merkel net an ech mengen, dat kéint den Ufank vum Enn vun hirer Kanzlerschaft sinn."

Fir de Werner Patzelt, Politolog op der Technischen Universität Dresden, deckt d’AfD de Beräich riets vun der CDU of. “D’Analys vun de Wielerstréim weist, datt d’AfD net nëmme Stëmme gefaangen huet vun der CDU an der NPD. Mee virun allem och aus dem Lager vun den Net-Wieler, an a groussem Mooss vun der Linkspartei an der SPD.” D’AfD wier e Sammelbecke fir all déi Wieler, déi mat der Linn vun der politesch-medialer Klass net averstane sinn an eng alternativ Politik wëllen, sou de Patzelt am 100,7-Interview.

Soll d'CDU hir Politik änneren?

Keng vun de Parteien, déi bis elo am Parlament vu Mecklenburg-Vorpommern souzen, konnt Stëmme gewannen. D'Koalitiounspartei CDU ass de grousse Verléierer a kënnt just nach op 19 Prozent. Och déi Lénk an déi Gréng hunn däitlech verluer. D'Bündnis 90/Die Grünen muss souguer zidderen: erréischt d'Resultat vun de Bréifwieler entscheed, ob et iwwerhaapt déi Fënnef-Prozent-Klausel packt, fir an d'Parlament op Schwerin ze kommen.

D'NPD ass iwwerdeems net méi an d'Parlament komm. Domat ass déi rietsextrem Partei a kengem Parlament méi an Däitschland vertrueden.

Ee Joer virun den nationale Wahlen huet d'AfD a Mecklenburg-Vorpommern ee weidert staarkt Resultat erreecht. Ee bundeswäit zweestellegt Resultat vun de Rietspopuliste gëtt ëmmer méi wahrscheinlech. Domat kéint d'AfD am Hierscht 2017 déi stäerksten Oppositiounspartei am Bundestag ginn.

De politesche Kurs elo en vue vun de Bundestagswahlen d’nächst Joer ze änneren géif der CDU näischt bréngen, mengt de Politolog Werner Patzelt. Wieler, déi een elo verluer hätt, géife sech nëmme confirméiert fillen. An trei Wieler kéinten et als Verrot emfannen.


Landtagswahl a Mecklenburg-Vorpommernplay_arrow