Radioen

On air

De Moien  |  Tensnake - Sunshine Feat. Panama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Expert: Autoritéiten zu Berlin wosste Bescheed

VW-SKANDAL

Expert: Autoritéiten zu Berlin wosste Bescheed

Dës Woch hunn am Europaparlament d'Aarbechte vun der Enquêtekommissioun iwwert de VW-Skandal ugefaangen. Wie wosst wat? Dat ass eng vun de Froen, déi gestallt ginn. Engem däitschen Expert no, waren déi däitsch Autoritéiten zanter Joeren um Courant, mee si hu näischt ënnerholl.

Danièle Weber (Bréissel)

auto_stories

3 min

VW-Skandal: Dem Jürgen Resch vun der ONG Deutsche Umwelthilfe no, wossten déi däitsch Autoritéiten Bescheed (©Bigstock)

Et ware laang Diskussiounen, bis datt am Europaparlament eng Enquête-Kommissioun iwert den VW-Skandal op d´Been gesat gouf – dës Woch war et souwäit. D'Parlament muss erausfannen, firwat déi Software, déi Testresultater gefälscht huet, an den USA detektéiert gouf an net an Europa, sot d'Präsidentin vun der Kommissioun, déi belsch Sozialistin Kathleen van Brempt. Do gëtt den däitschen Expert Jürgen Resch vun der ONG Deutsche Umwelthilfe hir Recht. 

An hie seet: d'Autoritéiten zu Berlin wossten Bescheed. "Scho viru fënnef Joer hu mir dem däitschen Transportministère Beweiser virgeluecht. Mir haten e Rendez-vous am Ministère an hunn do Recherche vu Whistleblower presentéiert, eng 30 Säiten", erzielt de Jürgen Resch. Mee de Ministère hätt deenen Hiwäiser net wëllen nogoen. "Nach méi schlëmm: mir krute signaliséiert, datt déi Ecarte bekannt wieren, an datt een se als legal Interpretatioun vun der Autosindustrie géif gesinn, well déi d'Grenzwäerter just am Labo missten agehal ginn", sou de Jürgen Resch weider. 

Plainten a villen EU-Länner net méiglech

Eréicht, wéi d´Affaire an den USA lancéiert gouf, huet sech d'Approche am däitschen Transportministère geännert. D'Autoritéiten dowéinst viru Geriicht ze huelen, war awer net méiglech well déi däitsch Justiz et net virgesäit, géint zweiwelhaft Autorisatiounen ze kloen. Och an aneren EU-Länner gëtt et keng Méiglechkeet, fir Sammelplaintë wéi an den USA ze maachen.

Autosproduzenten, déi falsch Donnée iwwert de Benzinkonsum erausginn hunn, hätten zwar Prozesser viru Geriicht verluer – mee dat Uerteel gëllt dann ëmmer nëmme fir ee bestëmmte Won, an net fir den Autosmodell am allgemengen, seet de Jürgen Resch. Hie fënnt, do misst d'EU-Kommissioun elo usetzen. "Do muss nogebessert ginn, d'Rechter vun der Verbraucher mussen ugepasst ginn. Am Beräich vum Law Enforcement a Verbraucherschutz ginn et gutt Beispiller aus den USA, och wann déi am Ëmweltberäich dacks mol kritesch gesi ginn". 

Méi niddreg Grenzwäerter duerchaus méiglech

D'Kommissioun huet nei Emissiounswäerter virgeluecht – déi vu villen als ze héich ugesi ginn. D'Argument vun den Autosproduzenten, si kéinten den Ablack keng méi niddreg Wäerter liwweren, léisst de Jürgen Resch net gëllen.

Däitsch Firme verkafen nämlech Autoen an d´USA, déi do déi vill méi niddreg Grenzwäerter anhalen."Et ass eigentlech einfach fir d'Autosindustrie: si musse just e klengen Deel vum Profit an d'Ofgas-Technik stiechen a nëmmen nach ee Qualitéitsniveau bauen, nämlech de Qualitéitsniveau fir den Export a fir Däitschland", seet de Jürgen Resch. 

Lauschtert de Bäitrag: