Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Diktatur vun der Majoritéit"

Conseil de l'Europe

"Diktatur vun der Majoritéit"

Wéi steet et mam Respekt vu Mënscherechter a Rechtsstaat, déi den Europarot am Prinzip soll garantéieren? D'Fro stellt sech no den Entwécklungen an der Tierkei a méi nach fir aner Memberstaaten. Déi demokratesch Entwécklunge wiere réckleefeg, fënnt déi liberal Politikerin Anne Brasseur.

auto_stories

5 min

An de Medie géif kaum iwwert de Putsch geschwat ginn, seet d'Anne Brasseur (Foto: Picture Alliance / Marius Becker)

De norwegesche Generalsekretär vum Conseil de l’Europe, Thorbjørn Jagland ass als éischten europäesche Vertrieder nom versichte Putsch vum 15. Juli an d'Tierkei gereest. Op enger Pressekonferenz den 3. August zu Ankara sot hien, d’Tierkei misst de Rechtsstaat respektéieren an net ze repressiv virgoen.

Den héije Vertrieder vum Europarot huet awer och eng Ouverture gemaach. Hie sot, Europa misst méi Versteesdemech fir dat, wat an der Tierkei geschitt ass, weisen. De Putschversuch huet den Thorbjørn Jagland schockéiert. D'Putschiste wieren net nëmme bereet gewiescht, op d'Leit ze schéissen. Si wiere sech och bewosst gewiescht, datt dobäi vill Mënsche géingen ëm d'Liewe kommen. "Si hunn d'Parlament an domadder déi demokratesch Institutioune vum Land bombardéiert. De Putschversuch muss dofir op déi schäerfste Manéier veruerteelt ginn."

“Et muss gebotzt ginn”

Den Thorbjørn Jagland ass zu Ankara och op de Reseau vum exiléierten tierkesche Priedeger Fetullah Güllen ze schwätze komm, deen déi tierkesch Regierung fir de Putsch responsabel mécht. Den Europarot géif de Besoin gesinn, "fir dat alles ze botzen", sot den Thorbjørn Jagland.

Fir déi fréier Presidentin vun der parlamentarescher Versammlung vum Conseil de l’Europe Anne Brasseur ass dësem Term "clean up", deen de Jagland gebraucht huet, bedenklech. Et wier e geféierlechen Term mat enger historesch schlechter Konnotatioun. D'Anne Brasseur mengt, den Thorbjørn Jagland hätt domat wëllen ausdrécken, datt déijéineg, déi de Staat wollte vu banne futti maachen, missten zur Rechenschaft gezu ginn. "Ech kennen hie gutt genuch. Hie wollt mat där Ausso net d'Tierkei an hirer Derive ënnerstëtzen", sou d'Interpretatioun vun der liberaler Politikerin.

Gëtt de Putsch vergiess?

Datt Europa méi Versteesdemech fir d’Tierkei misst weisen, kann d’Anne Brasseur novollzéien. Et wier essentiell, den Dialog weider ze féieren. D’Isolatioun vun der Tierkei géif zu Aussoe féiere wéi déi vum Recep Tayyip Erdoğan. Den tierkesche President sot den Dënschdeg 2. August, de Weste géing d’Tierkei am Stéch loossen an op der Säit vun de Putschisten an den Terroriste stoen.

Hie géing d'Saach ëmdréinen, fënnt d'Anne Brasseur. "Dat gesäit een doru wéi hien elo an de Medien operéiert." Den Erdoğan géing soen, jidderee géing sech géint d'Tierkei stellen. D'Anne Brasseur fënnt déi Ausso falsch. Déi Iwwerreaktioun, déi elo an der Tierkei géing geschéien, wier - an hiren Aen - "inakzeptabel".

Allerdéngs géing an de Medien och kaum nach iwwert e Putsch geschwat ginn. Dat wier awer eng schrecklech Situatioun gewiecht. "Stellt iech fir, dee Putsch wier gelongen an d'Militär wier un der Muecht." Dem Anne Brasseur no misst ee sech d'Konsequenzen dovu bewosst maachen. "Da wier de Rechtsstaat bestëmmt och ausgehiewelt ginn."

De Rechtsstaat a Gefor

Dem Anne Brasseur no géing d’Tierkei de Rechtsstaat nom Putschversuch systematesch ofbauen. Dat wier e kruziale Problem. Mam Aféiere vum Ausnamezoustand hätt d'Tierkei déi europäesch Mënscherechtskonventioun ausgeklamert.

Dat wier net vergläichbar mat Frankräich, wou d’Mënscherechtskonventioun zejoert an der Suite vun de Charlie Hebdo Attentater zum Deel suspendéiert gouf. An engem Land wéi Frankräich géingen d'Institutioune fonctionnéieren, fënnt déi liberal Politikerin. Dem Anne Brasseur no hätten d'Institutiounen an der Tierkei och eng Zäit fonctionnéiert. Si erënnert drun, datt d'Verfassungsgeriicht reagéiert hat, wéi den Erdoğan 2014 Twitter gespaart hat. "Deemools hat d'Land nach onofhängeg Institutiounen. Dat schéngt awer elo a Fro gestallt ze sinn."

Net nëmmen d’Tierkei

Fir d’Anne Brasseur ass d’Tierkei nëmmen ee Beispill vu Länner, an deenen demokratesch gewielte Politiker hir Majoritéit géifen ausnotze fir d’Oppositioun an d’Kritiker z'ënnerdrécken. Wa sech net méi géing am Kader vum Rechtsstaat beweegt ginn, wier de Risiko vun enger Diktatur vun der Majoritéit grouss. "Dee Risiko ass och a verschiddenen europäesche Staaten do." Dat misst genee esou denoncéiert gi wéi d'Situatioun an der Tierkei. Als Beispiller nennt d’Anne Brasseur d’EU-Memberstaate Polen an Ungarn.

D'Anne Brasseur seet, si wier besuergt iwwer d’Entwécklung vun der Assemblée parlementaire vum Europarot. De Magazin Spiegel huet an engem rezenten Artikel behaapt, datt Despote wéi d’Presidente vum Kasachstan an dem Aserbaidschan, Nursultan Nasarbajew an İlham Heydər, déi parlamentaresch Versammlung vum Conseil notze géifen, fir hiren Image ze verbesseren. Dobäi géife si - dem Spiegel no - vun europäesche Parlamentarier, wéi dem däitschen CDU Politiker Axel Fischer, Chef vun der däitscher Delegatioun, ënnerstëtzt ginn.

Ass de Conseil de l’Europe nach glafwierdeg?

D’Anne Brasseur nennt keng Nimm, gëtt awer zou: "Verschidde Parlamentarier hunn ze vill positiv Kontakter mat deene Länner." Dofir hätt si eng Rei Politiker kontaktéiert “fir e Punkt ze setzen." D’Roll vum Conseil de l’Europe als Wiechter vun de Mënscherechter an dem Rechtsstaat dierft net ofgeschwächt ginn. Besonnesch net an dësen Zäiten. "D'Cour des droits de l'homme schützt d'Mënscherechter vun 820 Millioune Bierger. Dofir musse mir eis weider asetzen." Groussbritannien hätt wëlles, e "Human Rights Act" ze maachen, fir datt d'Cour Suprême sech kéint iwwer de Geriichtshaff zu Stroossbuerg ewech setzen. "Do ass d''hiérarchie des normes' komplett op d'Kopp gesat." D'Anne Brasseur fäert en Domino-Effekt op aner Staaten. A verschiddene Staate wieren déi demokratesch Entwécklunge réckleefeg.