Radioen

On air

Kultur um 5  |  Amy Winehouse - Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beetebuerg: Doerner wëll hir Meenung net änneren

Gemengepolitk

Beetebuerg: Doerner wëll hir Meenung net änneren

Déi Beetebuerger CSV-Conseillère Christine Doerner seet, si wéilt bei hirer Decisioun bleiwen, wann et ëm d'Ofschafe vun iwwer 20 Parkplazen geet. D'Majoritéitspartner am Gemengerot gesinn dat ganz kritesch.

auto_stories

3 min

D'Rue de la Gare am Zentrum vu Beetebuerg

D’CSV-Conseillère Christine Doerner hat e Freideg am Gemengerot zu Beetebuerg fir eng Motioun vun der LSAP-Oppositioun gestëmmt, déi domat siwe vun 13 Stëmme kritt huet. Hannergrond sinn d'Aarbechte fir d'Verkéiersberouegung vun der Rue de la Gare an d’Fro ob 20 Parkplatze laanscht d’Strooss solle verschwannen. An der Motioun gëtt verlaangt, datt de Schäfferot säi Bauprojet iwwerdenkt. "D'Vollek ass d'Gemeng an net de Schäfferot, de Buergemeeschter oder de Conseil communal", sou verdeedegt d'Christine Doerner hire Choix fir mat der LSAP ze stëmmen.

Beetebuerg gëtt zënter 2011 vun enger CSV-Déi Gréng-DP-Koalitioun regéiert, déi siwe Sëtz huet. D’LSAP-Oppositioun huet der sechs. Deemno misst een domat rechnen, datt et och mol eng Kéier net duergeet mat de Stëmmen, mengt d’CSV Politikerin. "An esou enger knapper politescher Konstellatioun kann et liicht zu engem Engpass kommen", seet d'Christine Doerner.

Weider der CSV trei

Datt si net mat der CSV gestëmmt huet, gesäit d'Christine Doerner awer net als problematesch. Hir Entscheedung wier och keng géint d'CSV, mee géint e Projet vun der Majoritéit am Beetebuerger Gemengerot. Si géif hirer Partei awer op jiddefall trei bleiwen. "Mäi ganzt Liewen, dat ass ganz kloer".

Der Christine Doerner no géif et sech hei souwisou ëm eng Klengegkeet handelen. D’Notaire ass allerdéngs selwer vum Ofschafe vun de Parkplaze betraff well si hir Etude op der Plaz huet. En Interessekonflikt gesäit d'Christine Doerner awer net. Si seet, si wéisst net, ob si iwwerhaapt selwer Cliente géif verléieren. "Mee d'Geschäftsleit, déi vum Passage liewen, déi verléieren op jiddefalls Clienten", sou d'Gemengepolitikerin.

"Et muss jiddereen Waasser a säi Wäin schëdden"

D’CSV-Conseillère ass iwwerzeegt, datt e Kompromëss wäert fonnt ginn. "Ech mengen, et misst jiddereen e bëssen Waasser a säi Wäin schëdden". Mee si seet och: D'Schäffen aus der Gemeng missten dem Projet Zäit ginn, "an d'Parkplazen e puer Joer bäibehalen".

D’Motioun vun der LSAP stellt de Projet vum Ausbau vun der rue de la Gare allerdéngs net ganz a Fro. Bei enger éischter Motioun hat d'Christine Doerner sech enthalen. Do hat d'LSAP gefuerdert dass eng Ënnerféierung ënnert der rue de la Gare opbleift. Duerch déi Enthalung vum Christine Doerner ass eng Patt-Situatioun entstanen, deemno gëtt et am Oktober ee weidere Vote am Gemengerot. Op d'Christine Doerner sech do nach eemol enthale wäert ass nach onkloer.

Doerner ënner Drock gesat?

Wéinst der aktueller Situatioun gouf ee Réckzuch vun der Conseillère Christine Doerner wuel CSV-intern thematiséiert: Dat huet déi gréng Schäffin Josée Lorsché eis gesot. Dem Oppositiounsconseiller Roby Biwer (LSAP) no, hätt d'CSV d'Conseillère awer staark ënner Drock gesat, fir datt si soll demissionéieren.

De Laurent Zeimet seet, d'Christine Doerner géif am Gemengerot bleiwen. Intern Reunioune géif hien awer net kommentéieren, esou den CSV-Buergermeeschter. Bei der CSV zu Beetebuerg gouf et um Méindeg eng Krisereunioun mam Parteipresident Marc Spautz an dem Fraktiounschef Claude Wiseler.

D'Koalitiounspartner si ganz kritesch

D’Verhale vum Christine Doerner beim Vote e Freideg beschreift déi gréng Schäffin Josée Lorsché allerdéngs als ee Problem vun "enger Madame, déi een Alleingang gemaach huet". Dat wier keng fair Politik.

Och den DP-Schäffe Gusty Graas verlaangt, datt d'CSV d’Christine Doerner zur Rechenschaft zitt, "datt si gesot kritt, datt eng Koalitioun sou net ka fonctionnéieren". "Et kann net sou sinn, datt nëmmen no der Madame Doerner hire Virstellunge gehandelt gëtt, hei gëtt verhandelt no de Virstellunge vun enger Koalitioun", sou de Gusty Graas.