Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Géigewaartskonscht: Lounen Donatioune sech?

Luxembourg Art Week

Géigewaartskonscht: Lounen Donatioune sech?

Wat bréngt et dem Konschtsammler, Deeler vu senger Kollektioun un ee Musée ze ginn? Wéi profitéiert de Musée dovun? Doriwwer gouf op der Luxembourg Art Week diskutéiert. Mat ënnerschiddleche Konklusiounen. Agelueden waren d'Danièle Wagener, Direktesch vun der Villa Vauban, den Jo Kox als Direkter vum Fonds culturel national, de Privatsammler Patrick Majerus an den Alistair Hicks, deen 20 Joer laang d'Sammlung vun der Deutsche Bank geréiert huet.

auto_stories

4 min

Géigewaartskonscht op der Luxembourg Art Week

Zanter ronn zéng Joer gëtt et keng Verméigenssteier méi zu Lëtzebuerg. Wann een iwwert sechs Méint de Proprietaire vun engem "bien meublé" , also och engem Konschtwierk ass, da brauch een dat och net ze versteieren. Eng Donatioun bannent enger Famill gëtt mat 1,8 Prozent besteiert, baussent der Famill mat 14 Prozent.

D'TVA op de Konschtwierker läit zu Lëtzebuerg bei 8 Prozent: Dat ass héich fir ee "bien culturel" wann een et mat de 5,5 Prozent a Frankräich vergläicht, mee wéineg am Verglach mat den 19 Prozent an Däitschland. Konschtwierker déi zum Beispill am Freeport beim Findel gelagert si profitéiere vun enger Suspensioun vun der TVA .

D'Konditioune si gutt

Wann een elo eng Donatioun vu Konscht un ee Kulturinstitut mécht, da kann een hei am Land bis zu 20 Prozent vun deem Akommes ofsetzen, de Plafong läit do bei enger Millioun Euro.

Zu Lëtzebuerg sinn also d'Konditioune geschafe fir Donatiounen am Beraich vun der Konscht ze favoriséieren. Als konkret Beispill: De Centre national de l'audiovisuel huet rezent e grousst Archiv mat Fotografië vum Romain Urhausen a seng permanent Sammlung opgeholl. D'Halschent vun deem Bestand huet den Diddelenger CNA direkt, mat sengem Aquisitiounsbudget, dem Romain Urhausen ofkaaft. Fir déi aner Halschent koum dunn de System vun der Donatioun an d'Spill. De Romain Rrhausen huet déi zweeten Halschent dem CNA ginn a krut dofir Steiererliichterunge accordéiert.

Zertifikater fir Steiererliichterunge vum FOCUNA

Dee Moment kënnt dann och de FOCUNA an d'Spill, de Fonds culturel national ass 1982 gegrënnt ginn. Am Ufank huet dës Institutioun just mat rengem Mezenat, also direkte Spenden a Form vu Suen oder Gidder, funktionéiert. Dee Moment war dat nach alles staark vun enger patrimonialer Kulturpolitik gezeechent. Den neie FOCUNA gëtt virun allem mat ronn 600.000 Euro vun der der Fondation Grande Duchesse Charlotte also och dem Erléiss vun der Nationallotterie finanzéiert.

Fir d'Donatiounen huet den Fonds culturel national haut awer eng präzis Roll. Fir vu Steiererliichterungen ze profitéiere gëtt de FOCUNA Zertifikater, déi eng Valeur vum jeeweilege Konschtwierk festleeën. En externen Expert gëtt dofir zur Hëllef geruff. Mee den aktuelle President vum FOCUNA , de Jo Kox, huet op dem Ronndëschgespréich op der Art week awer och präziséiert, datt et bis elo nach net virkomm wier, datt een hei Zommen iwwert 100.000 Euro geschat hätt.

Ee Beispill: D'Villa Vauban

Am Moment besteet awer och nach d'Geleeënheet e ganz aneren Aspekt vum System vun den Donatioune an der Konscht zu Lëtzebuerg kucken ze goen. An der aktueller Ausstellung "Espaces d'artistes" an der Villa Vauban fënnt een ebe grad e gutt Beispill dofir wéi d'Stad Lëtzebuerg hei eng Serie vu rezenten Acquisitiounen am Beräich vun der Lëtzebuerger Konscht, an awer och Donatiounen ausstellt.

D'Danièle Wagner, Direktesch vun den zwee Muséen vun der Stad Lëtzebuerg huet präziséiert, datt grad d'Villa Vauban ee wichtegen Deel vun hierer Sammlung aus historeschen Donatiounen, besonnesch där vun dem Jean Pierre Pescatore, bezitt. Dei mëttlerweil ronn 2500 Pièce grouss Sammlung vun der Villa Vauban besteet zu ronn 20 Prozent aus Donen.

Privatsammler: "Net waarde bis 70 Joer"

Op dem Ronndëschgespréich iwwert de Sujet vun den Donatiounen an den ëffentleche Konschtsammlungen hei zu Letzbuerg war awer och ee Privatsammler, den Patrick Majerus, agelueden. Hien huet sech an sengem Sammelberäich resolut op international Géigewaartskonscht spezialiséiert. Nëmmen als Beispill: virun zwou Wochen krut den Kënschtler Kader Attia a Frankräich de renomméierte Prix Marcel Duchamp. Ënnert de ronn 200 Wierker a senger aktueller Sammlung huet de Patrick Majerus och e Wierk vum Attia, deen am Moment iwwerall ann de grousse Muséen ausstellt.

Bemierkenswert ass hei awer, datt de Patrick Majerus bis elo eng 17 Donatiounen aus senger Sammlung gemaach huet. An de jonke Collectionneur huet präziséiert, datt et a sengen Aen kee Sënn méi mécht fir ze waarden bis een als Sammler 70 Joer als ass, fir da seng Wierker un ëffentlech Institutioune weider ze ginn.

Muséesdirekter oder Manager?

De Patrick Majerus huet zwar gelueft, datt et am Moment Steiererliichterunge fir Konschtdonatiounen hei zu Lëtzbuerg gëtt, mee hien huet an engems gemengt, datt de Beruff vum Muséesdirekter sech haut ëmmer méi zu engem Managerposte géing wandelen. Et sollt een sech virstelle kënnen, datt zum Beispill e lokale Muséesdirekter einfach u grouss sougeannte "Corporate" Sammlunge wei déi vun der Deutsche Bank géing eruntrieden, fir déi direkt no Donatioune fir säi Musée ze froen.

Dës Propositioun huet iwwerrascht, mee si huet hir Logik op engem Konschtmaart op deem d'Präisser esou héich sinn, datt déi meeschte mëttel bis kleng Konschtmuséen iwwerhaapt keng grouss eegen Acquisitioune méi maache kënnen.

Alistair Hicks: Konscht ass net nëmmen eng Investitioun

D'Beispill vun der Deutschen Bank war gefall well op dem Ronndëschgespréich och den Londoner Beroder Alistair Hicks ageluede war, deen iwwert 20 Joer laang d'Sammlung vun der Deutschen Bank matt Honnertdausenden aktuelle Konschtwierker geleet huet.

Seng Positioun war déi vun engem Konschtakaf deen ebe net just eng Investitioun, mee vill méi eng eege Logik vun der Sammlung misst hunn. Dat gëllt, senger Meenung no, och fir Konschtwierker déi weltwäit an den Bureaue vun der Deutsche Bank verdeelt sinn.

Et ass opgefall, um Ronndëschgespréich, datt et nach ëmmer eng riseg Diskrepanz, virun allem finanzieller Natur, tëscht dem internationale Géigewaaartskonschtmarché an de lokalen Akeef a Ventë gëtt.