Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E wäert ënnerschriwwe ginn"

CETA-Accord

"E wäert ënnerschriwwe ginn"

"Et ass just eng Fro vun der Zäit bis d'Belsch dem europäesch-kanadesche Fräihandelsaccord zoustëmmt", seet den LSAP-Deputéierte Marc Angel. D’Wallonie wier net géint de CETA-Accord an et géife weider Verhandlunge gefouert ginn.

auto_stories

3 min

De Marc Angel ass LSAP-Deputéierten

Déi wallounesch Regionalregierung ënnert dem Sozialdemokrat Paul Magnette stëmmt dem CETA-Accord bis elo net zou. Dowéinst kann d’Belsch den europäesch kanadeschen Handelstraité net ënnerschreiwen, de CETA-Accord ass blockéiert. "Wann d’Belsch nach Zäit brauch, da soll ee si net ënner Drock setzen", seet de Marc Angel.

Et wier dem LSAP Deputéierten no net gutt wann d’Belsch d'Gefill hätt, et géif net op si gelauschtert ginn an et wéilt een eppes iwwert de Knéi briechen. D’Zousazdeklaratioun zum CETA-Accord soll dowéinst nach erweidert ginn.

E Merci fir d’Zivilgesellschaft

Dem LSAP Politiker no ass et de Verdéngscht sozialistesche Minister an Europa, datt et zu Verbesserunge beim CETA-Accord komm ass. D’Sozialisten hätten op d’Zivilgesellschaft gelauschtert. Dofir géif hien der Zivilgesellschaft och Merci soen.

De CETA-Accord läit zanter Juli 2014 fir. Zum Gléck wier villes geännert ginn, notamment am Beräich vum Investoreschutz, betount de Marc Angel. Dat Kapitel wier frësch geschriwwe ginn an et wier zanter Februar dëst Joer accessibel. "Et ass komplex, mee mir haten Zäit fir et ze studéieren." Den LSAP Deputéierte seet, hien hätt 300 Säite vun den insgesamt 1500 Säite vum Traité gelies (ouni d’Annexen), an hien hätt si mam Zousazprotokoll verglach.

Den Zousazprotokoll géif de CETA-Accord kloer agrenzen, ënnersträicht de Marc Angel. Et bräicht een déi nei Dispositiounen net an den Accord selwer z'integréieren. Den Zousazprotokoll hätt déi selwecht juristesch Valeur, wéi den Traité, mengt de Marc Angel. Béid Texter géifen e Ganzt erginn.

En ëffentlechen Debat no der Signature

Et hätt een et dem Marc Angel no och mat engem Accord mixte ze dinn. D’Europaparlament an national Parlamenter hätten nach d’Geleeënheet, iwwert CETA of ze stëmmen.

De Marc Angel léisst net gëllen, datt d’Zivilgesellschaft an d’Gewerkschafte keen Afloss gehat hätten op d’Ausschaffe vum Ofkommes. No der Signature vum Accord géif och Zäit bleiwen, fir e breeden Debat an der Zivilgesellschaft ze féieren - och mat de Sozialpartner.

Déi ganz Diskussioune ronderëm CETA an TTIP hätten dozou gefouert, datt iwwerhaapt méi d'Opmierksamkeet op Handelsverträg geluecht gi wier. Dat wier net just de Verdéngscht vun der Zivilgesellschaft, mee och vu ville Politiker déi sech Suerge gemaach hätten. Dem Marc Angel no wier sech Dank dem Zesummespill vu Politik a Zivilgesellschaft, kritesch mat esou Verträg ausernee gesat ginn.

Den LSAP Politiker betount, d'Politik wéisst, iwwer wat si beim CETA géif schwätzen. "Soss wier et jo schlëmm", seet den LSAP-Deputéierten. Et hätt ee jo zwee Joer Zäit gehat, fir sech mam Text ze beschäftegen.

"Mir sinn all Sozialisten"

De Marc Angel betount, hien hätt als LSAP Spëtzekandidat e gutt Resultat bei de leschte Gemengewahle gemaach. Dofir wéilt d’Partei, datt hien och bei de nächste Gemengewahle Spëtzekandidat an der Stad gëtt.

Zënter 24 Joer ass de Marc Angel am Gemengerot, d’LSAP ass zanter 50 Joer an der Stad an der Oppositioun. "Mir hu vill Iddien. Wann et e Wiessel an der Stad soll ginn, da wier et, datt d’LSAP an de Schäfferot misst kommen." D’Sozialiste wéilte sech fir Sozialpolitik an der Stad Lëtzebuerg asetzen a fir eng volontaristesch Wunnengspolitik, esou wéi fir de Patrimoine vun der Stad. De Mënsch soll am Mëttelpunkt stoen. De Marc Angel schléisst Quote fir Refugiéen a Sozialwunnengen net aus.

Iwwer de geplangte Réckzuch vum Nicolas Schmit aus der Regierung seet de Marc Angel, hie wier en exzellente Minister gewiescht. "An e Sozialist wéi all Sozialist."Et wier net ee méi Sozialist wéi en aneren. Och all d’LSAP-Memberen an der Regierung wiere Sozialisten. An op hirem leschte Kongress hätt d’LSAP festgestallt, datt et just eng Kategorie vu Sozialiste géif ginn.