Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Ech representéieren d’Partei no baussen”

Piratepartei

“Ech representéieren d’Partei no baussen”

Et wier falsch ze behaapten, datt hien d’Partei géing dominéieren, seet de Sven Clement. “Dominant an der Baussenduerstellung jo, dominant an der Innenaarbecht manner”, esou de President vun de Piraten.

auto_stories

3 min

De Sven Clement ass den 10. Oktober als President vun der Piratepartei zeréckgewielt ginn.

Um Partei-Landeskongress de 10. Oktober ass de Sven Clement op e Neits als Parteipresident zréck gewielt ginn.  Datt hie vill present ass, géif awer net heeschen, datt hien alles decidéiert.  “Ech eleng sinn net de Programm vun der Partei”, esou de President vun der Piratepartei, deen domat och op e Leitartikel an der Wochenzeitung “Lëtzebuerger Land” reagéiert.

De Land-Chefredakter Romain Hilgert hat geschriwwen, de Sven Clement wier de Programm vun der Partei. De Concernéierte seet, dat wier net wouer. Dee Programm wier schrëftlech vun alle Membere redigéiert ginn, huet de Sven Clement ënnerstrach. Dat wier virun zwee Joer en Herkuleseffort gewiescht, an do hätt hie selwer éischter eng administrativ wéi eng Impulsroll gespillt.

Vill Piraten, wéineg Piratinnen

D’Piratepartei ass dem Sven Clement no “sozialliberal” ausgeriicht. Sozial wann et drëms géing goen de klenge Leit an dem Mëttelstand ze hëllefen, a liberal wann et ëm d’Biergerrechter géing goen. “Liberalismus muss sozial sinn, fir datt en eng realistesch Alternativ ass” seet de 26-Järegen.

Zu der Tatsaach, datt d'Parteispëtzt vun de Pirate just aus Männer besteet, seet de Sven Clement, dat wier fir hien e perséinlechen Echec. Et wieren Appeller gemaach ginn, mee just eng Kandidatin hätt sech gemellt, an déi ass du net gewielt ginn. Et wiere virun allem vill Ofsoe mam Argument vun engem Manktem un Zäit komm.

Frae maachen ongeféier ee Véirel vun den 360 Membere vun der Piratepartei aus, esou de Sven Clement, dee géint Fraequoten an de Parteien ass. Et gouf eng ausseruerdentlech Reunioun vun der Parteileedung aberuff fir d’Fraenproblematik an der Partei ze klären.

Méi Personal fir d’Dateschutzkommissioun

"Déi Lëtzebuerger Dateschutzkommissioun brauch méi Personal fir déi grouss Konzerner serieux kënnen ze kontrolléieren", seet de Sven Clement da beim Thema Dateschutz. Lëtzebuerg wier an enger ähnlecher Situatioun wéi Irland, doduerch datt hei am Land en Deel vun Amazon sëtzt oder och nach Microsoft mat Skype.

Den "Arrêt Schrems" vum Europäesche Geriichtshaff hätt doriwwer eraus gewisen, datt elo och aner Ofkommesse mat den USA nogebessert misste ginn. Dorënner falen dem Sven Clement no de PNR-Accord mat deem Fluggdaten un d’USA weidergeleet ginn, an och de SWIFT-Accord iwwert deen, op Demande, Bankdaten un d’USA weidergereecht ginn.

Nächst Zil: d'Gemengewalen 2017

Datt seng Partei momentan an de Sondagë mat ronn 2% ganz ënne läit, gesäit de Sven Clement net als problematesch un.  D'Aussokraaft vu Sondagë wier ëmmer manner grouss, dat géif een och international gesinn, argumentéiert de President vun der Piratepartei.

Dës Zuelen halen d'Piraten op allefalls net dovun of fir weider op der politescher Bühn aktiv ze bleiwen. Sou wëllen si bei de Gemengewalen 2017 op verschidde Plaze Lëschten opstellen. "Net iwwerall, well mir hunn 360 Memberen an et brauch ee 700 Kandidate fir an all Gemeng eng Lëscht ze maachen", sou d'Präzisioun.

De Sven Clement war den 12. Oktober Invité vum Dag beim Mick Entringer.