Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ecologesch oder?

Steierreform

Ecologesch oder?

Als "immensen Duerchbroch" verdeedegt de gréngen Nohaltegkeetsminister François Bausch d'Steierreform, sou wéi d'Regierung se proposéiert. Zum Beispill, well beim steierflichtegen Wäert vun de Leasings-Autoen elo eng Staffelung soll kommen, déi vum CO2-Ausstouss vun de Gefierer ofhänkt.

auto_stories

2 min

Der Fegarlux no, sinn d’Hallschent vun de Gefierer déi zu Lëtzebuerg verkaaft ginn Leasingsautoen. Virun allem Frontalieren géingen dovunner profitéieren. Bis elo louch de steierflichtege Wäert vun där Sachleeschtung pauschal bei 1,5% vum Wäert vum neien Auto. Mat der Staffelung, déi elo mat der Steierreform soll kommen, géing dee Pourcentage mam CO2-Ausstouss vum Auto eropgoen. De Maximal-Taux soll bei 1,8% leie fir en Auto mat Dieselmotor a mat méi wéi 150 Gramm CO2-Ausstouss pro Kilometer. Déi aner Kategorië géinge beim, oder ënnert dem aktuelle Wäert vun 1,5% bleiwen.

Garagistë begréissen d'Mesure

D'Fegarlux, d'Federatioun vun de Garagisten, begréisst dës Neierungen. Den zoustännege Minister hätt säi Wuert gehal. Am Dialog hätt hie versprach, "hie géing och kucken, datt d’Garagisten economesch net géingen zu Grond goen", esou de President vun der Fegarlux, den Ernest Pirsch. Hie verstoppt och net, datt d’Garagistë "relativ dacks intervenéiert hu bei der Politik". "Déi initial Mesuren, déi virgesi waren, wiere fir eis schlecht gewiescht, souguer ganz schlecht", sou de Fegarlux-President.

Kee Widdersproch?

De François Bausch gesäit kee Widdersproch doranner, datt d'Garagisten d'Steierreform begréissen. Bei grénger Politik géing et net drëm goen, géint bestëmmte Secteure virzegoen, sou de grénge Minister. An déi ecologesch Elementer wiere wichteg Neierungen. Bis elo hätt ee mat engem Hybrid-Auto keen Avantage gehat an dat soll sech elo änneren. Doriwwer eraus missten déi Autosfuerer, déi méi polluéieren, och méi bezuelen, seet de François Bausch, mam Verweis op déi 1,8 Prozent fir Autoen, déi méi wéi 150 Gramm CO2 pro Kilometer ausstoussen.

Mat der Steierreform ass de François Bausch zefridden. Et hätt ee net alles kënnen erreechen, mee wichteg wier, datt ecologesch a sozial Elementer zum Droe géinge kommen. "Mir konnten net alles op ee Coup maachen."

De Bäitrag vum Christiane Kleer am Audio: