Radioen

On air

Notturno  |  Fruit Bats - It All Comes Back

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Educatioun ass en eescht Geschäft

Héichschoul

Educatioun ass en eescht Geschäft

Elo wou d’Premières-Diplomer verdeelt ginn, ass fir vill Studenten d’Fro nach net beäntwert, op wéi eng Uni si solle studéiere goen. Eng Universitéit mat auslännesche Studenten ass en Exportbetrib fir Educatiouns-Déngschtleeschtungen.

auto_stories

3 min

Jean-Paul Hoffmann

Universitéiten hunn – als Service-Institutiounen , déi Bildung a Fuerschung ubidden – e wichtege wirtschaftlechen Effet.
Eng Universitéit kann enger Ekonomie vill bréngen: duerch Formatioun, duerch Investitioun a Matière grise, duerch d’Recherche, duerch Patenter di vläicht doraus entstinn, an och duerch de positiven Effet op d’Reputatioun an den Image vun engem Land.

Dobäi kommen och nach aner Elementer. Eng Uni bezilt Paien a bezilt Fournisseuren, huet Recetten. Universitéite wëlle Studenten aus dem Ausland unzéien: déi generéieren Aschreiwungsfraisen, musse sech logéieren, si konsuméiere fir hire Liewensënnerhalt, an esou weider. Eng Uni mat villen auslännesche Studenten ass näischt anescht wéi en Exportbetrib fir Educatiouns-Déngschtleeschtungen, vun deenen de Commerce ronderëm profitéiert.

Leaderen USA a Groussbritannien

Educatioun fir auslännesch Studenten unzebidden, dat ass en eescht Geschäft. Eng OECD- Statistik seet, datt am Joer 2014 weltwäit bal fënnef Millioune Leit am Ausland studéiert hunn. Bis 2025 soll des Zuel op 8 Millioune klammen.
D’USA a Groussbritannien si Leaderen op dësem Marché. D’USA hunn 2015 iwwer 30 Milliarden Dollar generéiert mat Servicer un Auslandsstudenten; Groussbritannien, laut de leschte Chifferen, eppes manner wéi 18 Milliarde Pond.
(De Brexit-Vote mat sengem Grondtoun vun Ofschottung vis-à-vis Immigrante vun allen Zorten huet den Universitéiten a Groussbritannien keen Déngscht geleescht. Et ass evident, datt d’international Konkurrenz probéiere wäert aus der Stëmmung Profit ze schloen, déi de Referendum hannerlooss huet.)

Beispill Australien?

Ee Land op eisen Antipoden huet sech an dësem Business-Beräich ganz grouss Ambitioune ginn: Australien. Hei waren 2015 ongeféier 650.000 auslännesch Studenten ageschriwwen, virun allem aus dem asiatesche Raum. Si hunn ongeféier 19 Milliarden Australesch Dollar Export-Revenue generéiert. D’Educatioun ass domat haut schonn déi drëttgréissten Exportkategorie, no de Rohstoffer Kuelen an Eisenäerz. A bis 2025 wëll Australien d’Zuel vun den auslännesche Studente verduebelen.
Experte betruechten e Mix vu 75 Prozent einheimeschen a 25 Prozent auslännesche Studenten als eng gesond a stimuléierend Mëschung. Si soll de Studenten déi kostbar international Experienz ginn, déi all Employeur haut sicht.
Lëtzebuerg ass an dem Punkt relativ gesi scho méi wäit. Ronn d’Halschent vun de méi wéi 6 000 Studente vun der Uni Lëtzebuerg kommen aus dem Ausland fir hei ze studéieren.
Dat ass wuel e grousse Bäitrag fir déi kulturell Diversifizéierung (mat engem Effet op d’Logements-Präisser), mee den Effet op d’Aussenhandelsbilanz bleift an eisem Fall éischter kleng.