Radioen

On air

Notturno  |  Vijay Iyer Sextet - Nope

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Enseignante mussen Ierwe vun der Opklärung verdeedegen"

Wäerterunterrecht

"Enseignante mussen Ierwe vun der Opklärung verdeedegen"

Nom Vote en Donneschdeg an der Chamber kann de Wäerterunterrecht am Hierscht an de Lycéeën ufänken. Elo scho ginn d’Enseignanten op de Cours "Liewen a Gesellschaft" virbereet. Ënnert anerem vun der franséischer Philosophin Edwige Chirouter.

auto_stories

4 min

Edwige Chirouter

“Ech wollt hinne weisen, datt et wichteg ass, d’Kanner scho fréi philosophéieren ze loossen”, erkläert d’Edwige Chirouter am Interview mam Christiane Kleer. Si ass “maître de conférence” op der Universitéit vu Nantes an Expertin bei der UNESCO, wou si sech ëm d’Entwécklung vun der Philosophie bei de Kanner bekëmmert.

Zënter zwee-dräi Joer forméiert d’Edwige Chirouter um IFEN (Institut de formation de l’éducation nationale) och Enseignanten zu Lëtzebuerg. Vu fakultativ sinn d’Coursen elo obligatoresch ginn: während 16 Stonne soll d’Léierpersonal op den neie Wäerterunterrecht virbereet ginn, deen neierdéngs am Secondaire um Programm steet.

Kritesche Geescht vun de Kanner entwéckelen

Mat Kanner philosophéiere géif heeschen, hire kritesche Geescht z’entwéckelen. An enger Demokratie wier et wichteg, mënneg Bierger am Sënn vun der Opklärungsphilosophie ("philosophie des Lumières") z’erzéien. Dobäi soll all Form vu Fanatismus – ob reliéisen oder politeschen – verhënnert ginn. D’Kanner sollen och léieren, Iddien ze deelen, “och mat Leit, déi net onbedéngt déi selwecht Opfaassungen hunn”, sou d’Edwige Chirouter. “Et kann ee friddlech matenee liewen an debattéieren”, dee Message misst een an de Klasse vermëttelen.

Firwat gëtt et Gesetzer? Fir de Kanner dës Fro gräifbar ze maachen, kéint een hinnen zum Beispill vum “Rang vum Gygès” erzielen. An dëser Fabel vum griichesche Philosoph Platon fënnt de Gygès ee Rang, mat deem hie sech onsiichtbar ka maachen. Dat erlaabt all méiglech Gesetzesverstéiss, iwwert déi d’Kanner sech solle Gedanke maachen. “D’Kanner komme séier op de Gedanken, datt een och e moralescht Gewëssen huet”, stellt d’Edwige Chirouter fest.

Philosophie géint Relioun?

Philosophie misst een allgemeng "desacraliséieren", mengt d’UNESCO-Expertin. “Déi Erwuesse kucken d’Kanner net méi wéi viru 40 Joer. D’Kanner stelle sech froen, et kann ee se net méi komplett virun der Tragedie vun der mënschlecher Konditioun schützen”. Virun allem iwwert d’Medien wiere se mat Gewalt, Sexualitéit, an ähnlech Sujete konfrontéiert.

Ëmstridde war an ass ëmmer nach d’Plaz vun der Relioun an deem neie Cours “Vie et société”. Kënnt deen Aspekt am Wäerterunterrecht net ze kuerz? De reliéise Fait wier eng “extrem wichteg philosophesch Fro”, sou d’Edwige Chirouter. D’Philosophie géif sech ënnert anerem froen, firwat d’Mënschen de Besoin hu fir ze gleewen, wat den Ënnerscheed ass tëschent gleewen a wëssen, tëschent Glawen a Relioun. “D’Philosophie huet näischt géint d’Relioun, se denkt iwwert d’Relioun no”, erkläert d’Formatrice vum IFEN.

“Sécher ganz westlech Wäerter”

An d’Wäerter? “Als Enseignante musse mer d’Ierwe vun der Opklärung verdeedegen”, seet d’Edwige Chirouter. “Ouni Dogmatismus”. Et wiere “sécher ganz westlech Wäerter”, déi ee misst vermëttelen (Humanismus, Gläichheet, Fräiheet, Bridderlechkeet). Mee am Respekt vum Pluralismus.

Geet d’Virbereedung op de Wäerterunterrecht, sou wéi se am IFEN ugebuede gëtt, duer? D’Enseignante missten natierlech vun der Wichtegkeet vum Fach iwwerzeegt ginn, gëtt d’Edwige Chirouter ze bedenken. Datt et Retizenze kënne gi wier normal. De fréiere Moral- a Reliounsproffe misst ee bäibréngen, Deriven ze verhënneren. Et wier engersäits net gutt, d’Iddien ze vill z’imposéieren, anerersäits sollt een d’Kanner net einfach drop lass schwätze loossen.