Radioen

On air

Notturno  |  The Black Progression - Morphine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Joer Fräihandelszone um Findel

Freeport

Ee Joer Fräihandelszone um Findel

“Kee Land huet eng Fräihandelszone, mat esou engem robuste juristesche Kader wéi Lëtzebuerg.” Esou verdeedegt den Direkter David Arendt de Freeport géint Kritik, um Findel géinge kromm Geschäfter lafen.

auto_stories

3 min

(©Freeport Luxembourg)

An der Fräihandelszone um Findel leie wäertvoll Objeten, virun allem Konscht, Wäin awer och zum Beispill Edelmetaller, déi nëmme bei der Sortie besteiert ginn. Bis elo wiere keng Irregularitéite während de Kontrolle vun Objeten déi eran- an erausgi festgestallt ginn, heescht et vu Säite vun der Douane. An awer gëtt et Kritik: “Esou e Freeport ass grondsätzlech esou opgebaut, datt et natierlech Geldwäsch a Vertuschung vu Fälschungs-Skandaler erméiglecht”, seet de Lars Schmitz vum Kënschtlerkollektiv Richtung22. D’Substanz géing Verbrieche suggeréieren.

Den Direkter vum Freeport David Arendt wiert sech géint dës Virwërf a seet kee Land hätt esou ee robuste juristesche Kader wéi Lëtzebuerg fir Fräihandelszonen z’encadréieren. Doriwwer eraus géing et an Europa Dausenden Zollfräi-Lagere ginn, déi vun engem Point de Vue “Fiscal”, absolut dee selwechte Regime hätten, wéi hei zu Lëtzebuerg. Dëse wier am code des douanes de l’Union européenne virgesinn. “Dat heescht mir maachen absolut näischt wat net conform wier, weder zum europäesche Gesetz, nach zu iergendengem anere Gesetz oder Traité, zu deene Lëtzebuerg Partei ass”, esou den David Arendt.

Zu de juristeschen Affairen an deenen de Chef vum Mammenhaus vum Freeport a fréiere Member vum Verwaltungsrot Yves Bouvier verwéckelt ass, seet den David Arendt, dat wiere privat Litigen tëscht dem Yves Bouvier a senge Clienten.

De Bilan no engem Joer

Wann Objete beim Freeport eran- oder erausginn, gi Steiere bezuelt. Wéi vill d'Fräihandelszon an engem Joer dem Staat bruecht huet ass nach net gewosst. D’Gebai ass dem Freeports-Direkter David Arendt no, ee Joer no der Ouverture an 10 Méint nodeems et operationell ass zu 60 Prozent ausgelaascht. A fënnef Joer soll et ganz voll sinn.

Vu Säite vum Mudam heescht et, de Freeport hätt keen Impakt op d'Aktivitéite vum Musée fir modern Konscht. D’Ausstellunge programméiert een dräi Joer am Viraus an et wéisst een och net wat an der Hal ass. De Mudam hätt keng Konscht um Findel, well e sech dat net leeschte kéint, och wann en d’Plaz géing brauchen.

De Kulturministère ass am Moment amgaang mam Freeport z’iwwerpréiwen, wéi een d’Konscht, déi an der Fräihandelszon ass, kéint zougänglech maachen. Dat soll an an engem hallwe bis spéitstens an engem Joer méiglech sinn.