"Eng vun eisen éischten Aktioune wäert si fir mat der Kulturzeen a Kontakt ze kommen, fir nozelauschteren a fir d'Doléancë serieux unzehuelen", sot de Guy Arendt am 100,7-Interview. Fir de fréieren Deputé-Maire vu Walfer, dee vu Beruff Geschäftsaffekot ass, wieren éischter positiv Resultater vun engem z'erwaarden, dee vum Kulturberaich onofhängeg ass.
Säin neien Aarbechtsberäich misst hie fir d'éischt emol duerchstudéieren. D'Kulturzeen wier an de leschte 15 bis 20 Joer "enorm gewuess". Et kéint een awer nach vill maachen, sou den neie Staatssekretär am Kulturministère. Et géif u Proufsäll fir Muséker, un Ateliere fir jonk Kënschtler feelen.
"Ee Kënschtler soll par définition indépendant sinn"
Op dee relativ niddrege Budget vu sengem Ministère ugeschwat, sot de Guy Arendt, hie "kéint [sech] virstellen, datt do nach e bësse Sputt ass". Op eng eventuell Budgetserhéijung wéilt hie sech awer net festleeën. Virstelle kéint hie sech, "dat eent Joer déi eng Spart vun der Kultur e bësse méi z'ënnerstëtzen, an dann dat Joer drop vläicht eng aner Spart". "Ee Kënschtler soll jo par définition indépendant sinn. Dat heescht, d'Indépendance ass ëmmer mat verschiddene Risikoe verbonnen", sou de liberale Politiker. Et misst ee kucken, fir d'Sue gerecht op verschidden Domänen ze verdeelen.
Ee weidere Chantier wier deen, "d'Kultur fir jiddereen opzemaachen", fir all d'Altersgruppen. Besonnesch déi Jonk misst ee méi fréi un d'Konscht erubréngen. An da kéint déi kulturell Zesummenaarbecht mat der Groussregioun verbessert ginn.
"Haaptprioritéit vum Gouvernement fir an der Kultur aktiv ze schaffen"
De Kulturressort geséich de Guy Arendt net geschwächt, doduerch datt de Xavier Bettel dee Ministère zousätzlech zu sengen aneren Aufgaben iwwerhëlt."De Premier gesäit dat als eng Haaptprioritéit vum Gouvernement u fir an der Kultur aktiv ze schaffen". Dofir hätt hie sech ee Staatssekretär zur Säit gestallt fir him ze hëllefen. Béid DP-Politiker ersetzen hir Parteikollegin Maggy Nagel, déi zeréck getrueden ass.
Perséinlech géif de Guy Arendt sech fir verschidde Schrëftsteller a Moler interesséieren. Nimm wollt hien awer keng nennen. "Dat wier net gerecht".
De Guy Arendt war Invité beim François Aulner: