Radioen

On air

De Weekend  |  Andy Shauf - Quite Like You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Maskottche fir Lëtzebuerg

Nation Branding

Ee Maskottche fir Lëtzebuerg

Den "Nation Branding" soll visuell ëmgesat ginn. D'Presidentin vum Comité ass vun deenen éischte Propose begeeschtert. Och wann dobäi manner positiv Aspekter vu Lëtzebuerg thematiséiert goufen.

Simon Larosche / ys

auto_stories

2 min

De Prozess fir Lëtzebuerg en neien Image ze gi war am August 2014 lancéiert ginn. Aus dem Wirtschaftsministère war de Wonsch komm fir sech mat engem "Nation Branding", enger nationaler Mark, international besser kënnen ze vermaarten. No enger éischter Phase vun Etuden, partizipativen Ëmfroen a Reflektiounen, déi bis Juni 2015 gedauert huet, sinn dräi Adjektiver zeréckbehale ginn, déi Lëtzebuerg sollen erëmspigelen: oppen, dynamesch an zouverlässeg.

Iddie visuell ëmsetzen

Op där Basis gouf de 4. an 5. Mäerz déi zweet Phase vum Prozess ageleet. Am Kader vu sougenannte "Créathons", kreative Seminairen, hu Gruppe vu Fräiwëlleger aus den Iddie konkret visuell Entwërf ausgeschafft. D’Resultater sinn dem zoustännege Comité "Nation Branding" e Samschde 5. Mäerz bei enger ëffentlecher Veranstaltung am fréiere Carré-Rotondes presentéiert ginn. Dobäi war d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener.

Am ganzen hu 45 Leit un de sechs Projete geschafft, déi zeréckbehal goufen. D’Presidentin vum Comité "Nation Branding" Sasha Baillie seet am 100,7-Interview, dës Leit wiere representativ fir Lëtzebuerg. Et ware Lëtzebuerger an Auslänner, Residenten an Frontalieren. Et wier e Mix aus Vertrieder vun der kreativer Industrie, awer och Soziologen, Historiker, Studenten an Entrepreneuren. Op engem groussen Ecran hu si hir Entwërf virgestallt an erkläert. Fir d’Sasha Baillie hätt een elo eng wonnerbar Basis fir weider ze schaffen. Am Léifste géif si alleguer d'Pisten ëmsetzen.

Bréifkëscht als Maskottchen

Een vun de sechs Projete koum och vum Kollektiv "Richtung 22", deen d’läscht Joer mat engem ëmstriddenen Theaterstéck zum Thema "Nation Branding" op sech opmierksam gemaach huet. De Kollektiv huet zum Beispill eng Bréifkëscht als Maskottche fir d’Land presentéiert. De Kënschtler hirer Meenung no kéint ee roueg op de Bad-Boy-Image vum Land als sécheren Hafe fir Supperräicher a Konzerner setzen.

Beim Brainstorming während de Créathone wär och op d’Schwächte vum Land gekuckt ginn. Dee méi positive Bléck an d’Zukunft, fir d’Bild vun engem staarken, authentesche Land auszeschaffen, hätt d'Sasha Baillie awer méi markéiert.