Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmmer méi synthetesch Drogen um Marché

Nationalen Drogerapport

Ëmmer méi synthetesch Drogen um Marché

2.000 Leit zu Lëtzebuerg hunn akut Problemer mat Drogen. Dat geet aus deem neien Drogerapport ervir. De Konsum vu Kokain hëlt zou. Suerge mécht ee sech iwwer Fraen a Kanner am Drogenhandel.

auto_stories

8 min

Synthetesch Droge bedeite méi Profit fir d'Drogebaronen

Et ginn op der Welt 246 Millioune Leit déi Drogen huelen, dovu sinn der 27 Milliounen ofhängeg. All Joer stierwen 400.000 Leit un Drogen. Wann een déi Chiffere fir den Optakt vun enger UNO-Konferenz géif op de réie Mo héieren, géifen engem d’Schudderen ausgoen. Dat seet den nationalen Drogenbeoptragten Alain Origer, dee Lëtzebuerg zu New York vertrueden huet. Déi Zuele wären déi lescht 20 Joer net erof gaang.

Méi Kokain a synthetesch Drogen

Wat d’Konsommatioun vun den Drogenzorten ugeet, ass et d’Feststellung, datt Kokain eng ëmmer méi wichteg Roll spillt. Dat wär manner e Choix vun de Konsumenten, mee de Marché géif dat hierginn. De Konsum vun Heroin an Opiater géif éischter erofgoen.

Kokain gëtt och ëmmer méi intravenös gesprëtzt. Déi Entwécklung fënnt den Alain Origer beonrouegend: "Wann ee Kokain sprëtzt muss ee méi dacks sprëtzen am Dag. Et muss ee méi Sprëtze benotzen, et leet ee méi Risikoverhalen un den Dag an et ass ee vill méi opgedréint, wéi wann een Heroin hëlt."

En aneren Trend deen hei am Land nach net observéiert gëtt mee am Ausland, ass datt déi traditionell Drogen sech mat deene synthetesche vermëschen. Leit déi virdrun Heroin injectéiert hunn, sprëtzen elo synthetesch Drogen, seet den Alain Origer.

Déi Drogen hätten de Virdeel datt ee se no beim Client kéint produzéieren. De Risiko vum wäiten Transport géif erof goen an de Bénéfice géif erop. Eng gutt Nouvelle fir d’Drogebaronen, esou den nationalen Drogebeoptragten.

Fraen a Kanner am Drogenhandel

Eng Tendenz déi dem Alain Origer Suerge mécht ass d’Roll vun de Fraen a Kanner: "Et gesäit een ëmmer méi, dass Frae benotzt gi fir Courrier ze spillen." Och aner geféierlech Tâchen, déi schlecht bezuelt wären, géife vu Fraen iwwerholl ginn. Weltwäit géifen dowéinst méi Fraen an de Prisong goe wéinst Drogendelikter.

Schlëmmer nach wär, datt Kanner géife benotzt ginn, fir Drogen ze schmuggelen, sou den Alain Origer. "Dat heescht Drogen ofschlécken a se herno erëm eropginn..."

Alain Origer, nationalen Drogebeoptragten

Och am nationalen Drogerapport spille Fraen a Kanner eng wichteg Roll. E relativ neie Phänomen si schwanger Fraen an Eltere mat Kanner, déi Drogen huelen, seet d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch. Eng Moossnam fir ze hëllefen wier, fir deene Betraffenen e Logement unzebidden an ze kucken, datt Elteren déi Drogen huele léieren e Bezuch zu hirem Kand opzebauen.

Aus deem neie Drogerapport geet och ervir, datt d’Konsumenten méi al ginn. Haut hunn déi Süchteg am Duerchschnëtt 32 Joer, véier Joer méi wéi 1995. Parallel ass d’Zuel vun den Iwwerdosissen tëscht 2007 an 2014 vu 27 op aacht Fäll zeréckgaang.

Gesondheetsministesch optimistesch

De Santésministère bekëmmert sech em d’Preventioun an de Justizministère em dee repressive Volet. D’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch verséchert, datt d’Zesummenaarbecht tëscht béide Ministèrë gutt an offensiv wär.

"Mir hu weder eng immens repressiv Demarche, nach hu mir eng liberal Demarche. Et kann een net behaapten, dass dat en Echec zu Lëtzebuerg wär", sou d'Ministesch. Insgesamt géifen d'Zuele weisen, datt et manner Drogendoudeger géif ginn, an dass de Konsum géif erofgoen.

Afloss vun Drogen op d'Gesondheet

De Patrick Klein confirméiert datt déi Drogenofhängeg méi al ginn. Engersäits well d’Betreiung besser ginn ass, anerersäits well et besser Therapien géint HIV a géint Hepatitis ginn. Wichteg wier et och d’Clienten ze motivéiere bei den Dokter ze goen, esou de Chargé de Direction vun der Fixerstuff Abrigado.

Dem Patrick Klein no geet een dovun aus, datt en Drogenofhängegen zéng bis zwanzeg Joer méi al ass wéi eng Persoun déi net drogenofhängeg ass.

Déi gréissten Altersgrupp an der Fixerstuff wär zwëschent 35 a 45 Joer. 20 Prozent vun de Cliente wäre méi al wéi 45 Joer. "An der Regel fänke bei 40-Jähregen déi Krankheeten un, déi soss mat 60 ufänken: Héije Bluttdrock, Diabetes, Duerchbluddungsstéierungen..." D'Kombinatioun mam Drogekonsum géif d'Behandlung méi schwéier maachen.

De Patrick Klein ass Chargé de Direction vun der Fixerstuff

2.000 Leit hunn zu Lëtzebuerg akut Problemer mat Drogen, ronn 1.500 vun hinne sinn an engem Traitement. Dat geet aus deem neie Rapport ervir. International géif just eng Persoun vu sechs behandelt ginn.

Luef a Kritik fir Drogepolitik

Lëtzebuerg wier e Virbild fir aner Länner wat d’Drogenhëllef ugeet well d’Offer grouss ass, seet de Patrick Klein. Luewenswäert wier och, datt hei am Land op Präventioun, Schuedensbegrenzung a Repressioun gesat géif ginn. De Chargé de Direction vun der Fixerstuff Abrigado kritiséiert awer den Educatiounsministère.

Et wär wichteg, datt de Ministère an d'Schoule bereet wären, d'Offer ze coordinéieren. "Präventioun fänkt definitiv bei de Kanner un. Et ass wichteg, datt mir do en Zougang hunn, an herno staark Kanner hunn, déi kënnen Entscheedungen huelen."

De Patrick Klein seet datt déi regional Drogepolitik sech net just op d’Stad dierft limitéieren. Och de Rescht vum Land misst seng Hausaufgabe maachen. Fréistens Enn 2017 soll zu Esch eng Fixerstuff opgoen. De Chargé de Direction vun Abrigado erwaart sech datt doduerch 20 Prozent manner Drogenofhängeger an der Stad.

De Patrick Klein ass vill um Terrain, dat ass dacks e Kampf géint d’Wandmillen. Zanter sechs Joer géif iwwert d’Fixerstuff zu Esch geschwat ginn. D’Roserei iwwert d’Bureaukratie wär eng Saach. D’Gefill, datt een all Dag Leit hëlleft, wär awer méi staark, seet den Direktiounsbeoptragte vun der Fixerstuff Abrigado.


Den Drogerapport als pdf: http://www.gouvernement.lu/5958336/RELIS2015light.pdf