Radioen

On air

Notturno  |  Jana Horn - Days Go By

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Datum, mee nach vill Froen

Chèque-Service

En Datum, mee nach vill Froen

​De Chèque-Service soll vum 1. September un och fir d'Frontalieren opgemaach ginn an am noen Ausland kënne benotzt ginn. Parallel gëtt de Referenzkader fir d'Crèchen an d'Maison-Relaisen nei definéiert. Fir d'Betreiungsstrukturen stelle sech nach vill Froen. Christiane Kleer / fa

auto_stories

3 min

D'Regierung wëll eegenen Aussoen no net de selwechte Feeler maachen, wéi bei de Studiebäihëllefen. Dem Educatiounsminister Claude Meisch no, gouf deemools ee generéise System vum europäesche Geriichtshaff gekippt, well en huet missen fir d'Fontalieren opgemaach ginn. D'Frontalieren sollen an Zukunft also net nëmme kënnen de Chèque-Service kréien, se sollen en och kënne bei sech, am noen Ausland, benotzen.

Parallel gëtt wéi gesot de Referenzkader fir d'Crèchen an d'Maison-Relaisen ausgeschafft. Betreiungsstrukturen am noen Ausland mussen deen och applizéieren, fir mat Chèque-Service kënne bezuelt ze ginn.

Froen a Skepsis

A Frankräich sinn d'Gemenge fir d'Betreiungsstrukturen zoustänneg. Beim Conseil départemental läit d'Responsabilitéit fir d'Agrémenten. Op Nofro hin, konnt keen eis soen, wéi sech op déi nei Situatioun virbereet gëtt. Et huet een nämlech näischt dovu gewosst. D'Vize-Presidentin vum Conseil départemental vun der Moselle, Marie-Louise Kuntz waart of: "On va attendre d'être contactés. On ne peut pas mettre la charrue devant les boeux."

Am private Beräich deet sech awer scho méi. De Grupp Lavorel Kid's and baby, deen zanter dräi Joer zu Lëtzebuerg ass a 36 Crèchen a Foyeren hei am Land huet, schléisst net aus, sech och geschwënn am noen Ausland z'installéieren. Geplangt wier awer nach näischt seet de Stanislas Lavorel.

D'Federatioun vu private Betreiungsstrukturen (FELSEA) ass hirersäits awer skeptesch, wat d'Exportabilitéit vun de Chèque-Servicen ugeet. D'Presidentin Maria de Almeida Castrovinci fäert, datt – trotz Referenzkader – mat zweeërlee Mooss gemooss gëtt. Dat well den Agrément an anere Länner eben anere Critèren ënnerläit.

Referenzkader

Mam neie Jugendgesetz gëtt de Statut vum "Prestataire de chèque-service accueil" agefouert. Souwuel Strukturen hei zu Lëtzebuerg, wéi och am noen Ausland, sollen dee kënne kréien. Dee Statut setzt ënner anerem viraus, datt déi Qualitéitscritèren applizéiert ginn, déi am geplangte Referenzkader virgesi sinn.

Autonomie an eege Responsabilitéit gehéieren zu de Schlëesselkompetenzen, déi d'Kanner dem Referenzkader no iwwer verschiddenst Aktivitéiten solle mat op de Wee kréien. Virgesinn ass och, datt beim Service national de la jeunesse 28 sougenannt regional Agenten agestallt ginn, déi eng Kontroll an e Coaching ronderëm de Referenzkader assuréieren. Dat iwwregens och am Ausland.

De Chèque-Service, eng sozial gestaffelt Hëllef vum Staat fir d'Kannerbetreiung, gouf 2009 duerch d'deemoleg CSV-Familljeministesch Marie-Josée Jacobs per Reglement agefouert a gouf schonn 2012 adaptéiert.