Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng méi provokativ an offensiv EU"

Europapolitik

"Eng méi provokativ an offensiv EU"

D'Medien hätte Matschold um Rietspopulismus an Europa, seet de Charles Goerens. Dem liberalen Europadeputéierten no misst d’Europäesch Unioun méi solidaresch an offensiv optrieden, besonnesch bei de Brexit-Verhandlungen. De fréiere Lëtzebuerger Kooperatiounsminister relativéiert donieft déi europäesch Kooperatiounspolitik.

auto_stories

3 min

De Charles Goerens wënscht sech eng méi solidaresch EU

“D'Medien droen eng grouss Verantwortung beim d’Walresultat vun der AfD zu Berlin”, seet de Charles Goerens. D’Partei "Alternative für Deutschland" huet bei de Landtagswalen zu Berlin 14 Prozent vun de Stëmme kritt. Dem DP-Europadeputéierten no bräicht ee sech iwwer de Succès vun der rietspopulistescher Partei net ze wonneren. An all Talkshow wier d’Angela Merkel als déi Domm dohi gestallt ginn. D'AfD hätt kee Programm an et wéisst kee wat si wéilten, kritiséiert de Charles Goerens. Bekannt wier nëmmen, datt si géint Auslänner wieren, an dat "à des fins de politique politicienne".

De Charles Goerens ass net frou iwwert d'Wahlresultat vun der Angela Merkel. D'CDU krut bei de Berliner Wahlen nëmme 17 Prozent vun de Stëmmen. Der däitscher Bundeskanzlerin hir Ausso "Wir schaffen das” wier ee schéine Virsaz gewiescht, fënnt den Europadeputéierten. Et wier normal, datt Däitschland mat der Flüchtlingskris iwwerfuerdert wier: Nëmmen dräi vun 28 EU-Staaten hätten Däitschland a senger Flüchtlingspolitik ënnerstëtzt.

De Rietspopulismus zu Lëtzebuerg féiert de Charel Goerens dorobber zréck, datt d’Lëtzebuerger vill däitsch Televisioun géife kucken. Et wier relativ einfach d'Leit fir sech ze gewannen, wann een hinne géif Angscht maachen. Lëtzebuerg soll sech op dat besënne wat et aus mécht, fuerdert de liberale Politiker. "Mir waren éiweg ee Land vum Kompromëss."

"Europa ass ze vill attentistesch"

D'Sécherheet an d’Grenzkontrollen auszebauen, dat wär net déi richteg Äntwert op d’Problemer vun der EU, fënnt de Charles Goerens. Hie kritiséiert, datt um informellen EU-Sommet zu Bratislava wichteg Sujeten ausgeklamert gi wieren. Sécherheet misst ëmmer zesumme mat Fräiheet an dem Respekt vun de Mënscherechter betruecht ginn. "Si gëllt och fir déi Leit, déi am Mier erdrénken a viru Krich, Folter a Mord fortlafen."

Iwwer d'Verhandlunge mat Groussbritannien seet den DP-Politiker, de Brexit kéint och eng Chance fir Europa sinn. Dofir missten d'EU-Staate sech eens sinn. Dat wier bis ewell net de Fall: Et géif keng kloer Strategie an de Brexit-Verhandlunge ginn. "Groussbritannien ass e redoutable Verhandlungspartner", an Europa géif ze vill ofwaarden, esou de Charles Goerens. Hie wënscht sech eng méi provokativ an offensiv Europäesch Unioun.

Och d'Situatioun a Russland huet den Europadeputéierte kritiséiert. Russland wier keng Demokratie méi. "Mir si mëttlerweil a postdemokratesche Verhältnisser ukomm." D’Zweedrëttel Majoritéit vum Vladimir Putin senger Partei “Vereenegt Russland” géif et erlaben, d'Verfassung a Russland z'änneren. “De Putin ass en deem een net widdersprécht. A wann een him widdersprécht da fält engem seng Liewenserwaardung."

Europäesch Kooperatiounspolitik: E gemëschte Bilan

D'Kooperatiounspolitik an den afrikanesche Länner wier net esou schlecht wéi dacks behaapt, fënnt de Charles Goerens. D'Agrarproduktioun an de Sahelstaate wier zum Beispill déi lescht 30 Joer pro Kapp déi nämmlecht bliwwen. Dat, obwuel d'Populatioun sech verdräifacht hätt. "Also ass d'Produktioun dräi mol méi héich wéi deemools." Dat wier e Succès, géing awer net duer goen. "90 Prozent vun deenen déi an Afrika migréieren, migréiere bannent Afrika." Just 10 Prozent géingen de Kontinent verloossen, betount de Charles Goerens

Hie wëll de geplangte Fräihandelsaccord tëscht der EU an de westafrikanesche Staaten net stëmmen. D'Welthandelorganisatioun géif zwar Drock maachen, mee dat géif hien net iwwerzeegen. Fir de Charles Goerens misst Westafrika als eng vun den am mannsten entwéckelte Regiounen an der Welt ugesi ginn. Da kéint een de Staaten an der Regioun méi entgéint kommen.