Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Strategie fir d'Zukunft vun der Europäescher Unioun

EU-Sommet zu Bratislava

Eng Strategie fir d'Zukunft vun der Europäescher Unioun

"Mir kënnen net op Bratislava goen a maache wéi wann näischt geschitt wier", seet den EU-Rotspresident Donald Tusk. Do ass haut den informellen EU-Sommet mat nëmme méi 27 EU-Staaten. Groussbritannien ass nom Brexit-Referendum net méi dobäi.

auto_stories

2 min

De Premier Xavier Bettel zu Bratislava

Dem Donald Tusk no wier elo den Ament, fir de Bierger ze weisen, datt een aus dem Brexit geléiert hätt. Den EU-Rotspresident huet wëlles zu Bratislava seng sougenannte Feuille de route ze presentéieren. Ee Plang, wéi een d'Wirtschaft a bannent der Europäescher Unioun stäerken an de Chômage vun deene Jonke virun allem a Südeuropa bekämpfe kéint.

Och d'Sécherheet bannent der EU, de Kampf géint den Terrorismus an eng besser Zesummenaarbecht an der Verdeedegungspolitik wäerten thematiséiert ginn. D'Zil vum informelle Sommet ass et, eng Strategie fir d'Zukunft vun der Europäescher Unioun auszeschaffen, fir d'Vertraue vun de Bierger erëm ze gewannen.

Eng Agenda, awer keng Decisiounen

De Xavier Bettel ënnerstetzt d'Approche vum EU-Rotspresident Donald Tusk. "Ech identifizéiere mech ganz vill mat senger Feuille de route", esou de Premier. Et wier ee sech a ville Punkten eens. "Mir musse Bratislava mat engem Plang fir d'Zukunft verloossen."

Den EU-Rotspresident Donald Tusk

Et misst een op ville Punkte weider kommen, fënnt de Xavier Bettel. Mee well verschidde Staaten net géinge kooperéieren, wier dat net esou einfach. "De But ass ëmmer gemeinsam un engem Projet ze schaffen. Mee do wou et net geet, sinn ech bereet mat deene Länner e Schratt méi wäit ze goen, déi bereet si matzegoen."

Zu Paräis gouf et am Virfeld vum informellen EU-Sommet eng Renconter tëscht der däitscher Kanzlerin Angela Merkel an dem franséische President François Hollande. Do gouf eng Agenda gefuerdert, déi sech mat där vum Donald Tusk deckt. Um informelle Sommet vun den EU-Staats-a Regierungscheffe sollen awer keng Decisioune getraff ginn: Groussbritannien ass net dobäi, ass awer nach Member vun der Europäescher Unioun.

EU-Sommet zu Bratislavaplay_arrow