Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Visioun fir Lëtzebuerg?

Jeremy Rifkin

Eng Visioun fir Lëtzebuerg?

Den US-Economist Jeremy Rifkin soll eng Strategie fir déi "drëtt industriell Revolutioun" zu Lëtzebuerg ausschaffen. Stellt sech d'Fro, wéi seng Visioun vun enger nohalteger a komplett digitaliséierter Wirtschaft soll ëmgesat ginn. Spéitstens dem Rifkin seng These, dass Dateschutz am 21. Joerhonnert näischt verluer huet, stéisst hei am Land op Widderstand. An d'Sozialpartner kënne sech schwéier virstellen, datt een déi sozial Maartwirtschaft duerch eng post-kapitalistesch an dereguléiert "Sharing Economy" ersetzt.

auto_stories

4 min

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider an de Jeremy Rifkin (© Ministère de l'Economie)

Keng nei Iddien, mee nei Impulser

D'Transitioun bei déi erneierbar Energië verbonne mat der Digitaliséierung vun der Wirtschaft bezeechent de Jeremy Rifkin als "drëtt industriell Revolutioun". D'Piliere vun dëser Revolutioun sinn d'Informatiounstechnologien, de Logistik- an den Energiesecteur. Dat entsprécht also deels deene Branchen, déi Lëtzebuerg souwisou versicht méi staark z'entwéckelen an dowéinst passt de Choix vum Rikfin als Beroder, seet den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Lo misst een dës Beräicher zesumme féieren "an eng kohärent Economie vun der Zukunft".

An der franséischer Regioun Nord-Pas-De-Calais, déi vum Rifkin berode gouf, wier vill am Beräich Wandenergie a Biogas geschitt, seet de Grérard Anzia: "Ob een dofir ee Jeremy Rifkin brauch, ass eng aner Saach". De gréngen Deputéierte begréisst, dass mam Choix vum Rifkin als Beroder aus dem Wirtschaftsministère den Impuls kënnt, fir d'Energie-Transitioun virun ze bréngen. Dass de Rifkin proposéiert fir Energie-Produktioun a Consommatioun iwwert den Internet op een Nenner ze bréngen, hält de Gérard Anzia fir sënnvoll.

Dateschutz-Konzept net konsensfäheg

Wann Alldags-Géigestänn, d'Haus an den Auto mam Internet verbonne sinn, fir dass d'Energie méiglechst effizient genotzt gëtt, da steet den Dateschutz deem am Wee, sou eng zentral These vum Jeremy Rifkin. Privatsphär mécht am 21. Joerhonnert kee Sënn méi, sou den US-amerikaneschen Denker. Wann d'Iddie vum Rikfin ëmgesat ginn, si mir am Szenario vum "Big Brother is watching you", kritiséiert den CSV-Deputéierte Laurent Mosar. Fir de gréngen Deputéierte Gérard Anzia ass dowéinst kloer, dass de Rifkin seng Iddien zu Lëtzebuerg net eent zu eent kann ëmsetzen. Natierlech dierften de sougenannten "Internet vun de Saachen" net d'Enn vum Dateschutz bedeiten.

Enn vum Kapitalismus net erwënscht

Net just dezentral Produktiounsmethoden (wéi Solarpanneauen um Dag an den 3D-Printer am Keller), mee och nei Konsumgewunnechte sollen déi drëtt industriell Revolutioun prägen: Amplaz Gidder, wéi en Auto oder Handwierksgeschir, selwer ze besëtzen, ginn se iwwer Online-Plattforme matenaner gedeelt. De Jeremy Rifkin weist drop hinn, dass déi sougenannt Sharing Economy (d'Economie vum Deelen also) potentiell kéint d'Enn vum Kapitalismus bedeiten. Well Déngschtleeschtungen a Gidder géintenaner getosch amplaz fir e Benefice op engem Marché ugebuede ginn.

Bei der Chambre de Commerce, déi d'Etude vum Jeremy Rifkin mat finanzéiert, ass een der Meenung, wëll ee léiwer eng Sharing Economy, déi mam Kapitalismus kompatibel ass. D'Sharing Economy misst vun de Betriber encadréiert a kanaliséiert ginn, sou de Generaldirekter Carlo Thelen.

D'Sharing Economy mat als Intermediaire Internetplattformen, déi Profit maachen, gëtt et schonn. Zum Beispill den Taxi-Service Uber, eng Plattform, déi Privatleit mat hiren eegenen Autoen un d'Clientë weider vermëttelt. Déi digital Revolutioun ass scho laang am Gaang a konkret Äntwerten iwwer hir sozial Konsequenze sinn néideg, seet dozou de President vun der Chambre des Salariés Jean-Claude Reding. Äntwerten, déi awer de Jeremy Rifkin net liwwert.

Realitéits-Check

Anescht wéi d'Chambre de Commerce, ass d'Salariatskammer net an d'Cooperatioun mam Jeremy Rifkin agebonnen. Wéi a wéini d'Chamber, ONGen oder Gewerkschaften an d'Ausschaffe vun enger neier Wirtschafts-Strategie agebonne ginn, ass nach net kloer. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider wënscht sech eng Bedeelegung vu méiglechst villen Acteuren. Wéi dem Jeremy Rifkin seng Iddien de Realitéits-Check mat der Lëtzebuerger Zivilgesellschaft, de Sozialpartner an der Chamber iwwerliewen, misst da spéitstens an engem gudde Joer kloer sinn - wann déi fäerdeg Strategie soll virleien.