Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Schüler

Enseignement

Ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Schüler

Wéi kann een de Schoulalldag besser gestalten? Wéi gesäit d'Schoul vun der Zukunft aus? D'Lycéesreform soll op d'Besoine vun de Schüler agoen, an nei Technolgien an d'Schoul bréngen.

auto_stories

4 min

Nei Technologië sollen an Zukunft méi eng wichteg Roll am Enseignement spillen (Foto: Bigtock / Rawpixel.com)

Fir d'Rentrée 2017 soll d'Lycéesreform a Kraaft trieden. Als Preparatioun mécht den Educatiounsminister Claude Meisch Visitten an de Schoulen. Hien diskutéiert mam Léierpersonal doriwwer, wéi een de Schoulalldag besser ka gestalten. D'Reform setzt op fënnef Punkten:

  • Orientatioun
  • Inclusioun
  • Schaffe mat neien Technologien
  • Encadrement vun de Schüler
  • Participatioun vun den Elteren am Schoulalldag

Strikt Modeller sollt een de Proffen awer net virschreiwen, seet den Educatiounsminister. All Schoul hätt hir eege Besoinen a wéist dowéinst och am Beschten, wéi een déi Erausfuerderunge kéint erfëllen. Duerch e Gesetz soll awer all Schoul obligéiert ginn, fir sech eng kohärent Demarche ze ginn. "Dat däerf net nëmmen eng Demarche sinn, wou eenzel Enseignanten oder d'Direktioun dohannert steet, mee wierklech déi ganz Schoul." An der Schoul misst iwwer de Plan de développement scolaire diskutéiert ginn an alle fënnef Defie consideréiert ginn.

Den Educatiounsminister Claude Meisch zitt en Zwëschebilan no 25 Visitten (Foto: Educatiounsministère)

De Claude Meisch gleeft net dorunner, datt et een eenzege richtege Schoulmodell zu Lëtzebuerg gëtt. Et bräicht een eng Villfalt u Modeller, fir deenen ënerschiddleche Besoine gerecht ze ginn.

Projeten zu Ettelbréck

Déi fënnef Défie vum Educatiounsministère sinn an de Schoulen net nei: Vill Enseignantë maachen och elo scho Projete mat hire Schüler an deene Beräicher. Allgemeng géing ee sech wënschen, datt déi Projeten nach méi staark ënnerstëtzt géife ginn, seet den Alain Weis. Hien ass Däitschenseignant am Lycée Technique zu Ettelbréck. Ee Problem wär dacks d'Infrastruktur.

Verschidde Projeten am technesche Beräich, déi zu Ettelbréck realiséiert goufen, géifen national Unerkennung fannen. Am Beräich vun erneierbaren Energien kéint een zum Beispill och aner Schoulen inspiréieren.

Nieft der Lycéesreform misst dem Alain Weis no och nach eng Reform vun der Beruffsausbildung gemaach ginn. Da kéinte verschidde Projete besser an de Schoulalldag integréiert ginn. Den Enseignant begréisst d'Versprieche vum Minister, fir Projeten, déi gutt funktionéieren, rechtlech a budgetär laangfristeg z'ënnerstëtzen.

Den Tablet an der Schoul?

Vill Schüler géife sech iwwer d'Integratioun vun neien Technologien, wéi Tablets am Schoulalldag freeën. "D'Schoul soll mat der Zäit matgoen, an net ëmmer nëmmen op klassesch Bicher zréckgräifen", seet de Schüler Philippe Scheinert aus dem Dikrecher Kolléisch.

De Jang Jungblut aus dem Arts et Métiers gesäit dat méi kritesch. Engersäits kéint een zwar doduerch d'Motivatioun vun de Schüler erhéijen. Anerersäits wier awer net ze kontrolléieren, wat d'Schüler hannert hiren Tablets maachen. Medienerzéiung wier dowéinst wichteg a misst och an d'Coursen integréiert ginn. Preventiounsaarbecht mécht zum Beispill Bee Secure. Dat ass eng Initiativ vum Wirtschaftsministère, dem Familljenministère an dem Educatiounsministère. Bee Secure proposéiert a ville Lycéeë Formatiounen.

Tablets an der Schoul, geschwënn Normalitéit? (Foto: Bigstock / .shock)

D'Tablets sollten zu engem groussen Deel vum Ministère finanzéiert ginn, sou de Claude Meisch. Awer och d'Schüler sollten en Deel vum Finanzement iwwerhuelen, well d'Geräter privat genotzt ginn. Wat de Contenu ubelaangt, géif momentan gekuckt ginn, wat kéint akaaft ginn, respektiv developpéiert ginn. An der Grondschoul goufe scho Mathematikapplikatioune fir de Cycle 4 entwéckelt. Och de Mathematikprogramm vum Cycle Inférieur soll duerch Léierapps weiderentwéckelt ginn.

Inclusioun vun alle Schüler

Am Lycée Belval ass d'Inclusioun vun alle Schüler e grousst d'Thema, nieft dem Schaffe mat neien Technologien. Enseignanten a Schüler géinge sech grad an deem Beräich staark engagéieren, sou d'Direktesch vum Lycée Belval, Astrid Schuller. Si nennt d'Beispill vun enger Klass, déi vun der Regente fir e Präis virgeschloe gouf. "Ee Schüler ass mat Asperger-Syndrom diagnostizéiert ginn. Wann een op d'Klass geet, weess ee mol net, wéi ee Schüler dat ass. Well all d'Schüler sech ganz normal verhalen an dee Jong total integréiert hunn."

D'Astrid Schuller ass der Meenung, datt d'Inclusioun eng ëmmer méi wichteg Roll an de Lycéeë spillt. Nieft Schüler, bei deenen den Asperger-Syndrom diagnostizéiert gouf, sinn am Lycée Belval eng Rei Schüler, déi Léierschwieregkeeten hunn. Et wier eng Erausfuerderung domadder ëmzegoen, seet d'Astrid Schuller. Vill Lycéeën hätte sech awer och doriwwer scho Gedanke gemaach.

Orientatioun duerch praktesch Erfahrung

D'Orientatioun vun de Schüler wär e weideren Defi, un deem ëmmer erëm misst geschafft ginn. D'Schüler vun der Neuvième ST géifen zwou Woche Stage am Joer maachen. Dobäi géif sech dacks erausstellen, datt verschidde Beruffer si awer manner interesséieren, wéi si geduecht haten. Dat wäre wichteg Erfahrunge fir d'Schüler, sou d'Astrid Schuller.

Am Lycée Belval kréien d'Schüler op Septième e Portfolioheft ausgedeelt, dat hinnen hëlleft, sech spéider z'orientéieren. Deen eidelen Dossier kann am Laf vun der Schoulcarrière mat Zensuren a Stageevaluatioune gefëllt ginn. Nei ass elo, datt d'Enseignanten hir Projete musse formaliséieren an op Pabeier festhalen.