Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wäerteunterrecht "bëssen eng nei Verpackung"

Enseignement

Wäerteunterrecht "bëssen eng nei Verpackung"

Vun e Méindeg un ersetzt dat neit Fach “Liewen a Gesellschaft” de Reliouns- a Moralcours. De Cours géif sech awer net vill vun deem ënnerscheeden, wat schonn zënter Joren an der Praxis gemaach géif ginn, fënnt den Enseignant vum Fach Jean-Louis Gindt.

auto_stories

2 min

Fir de Jean-Louis Gindt ännert sech net vill.

"Dat do maachen ech schonns zanter 20 Joer", seet de fréiere Reliounsproff Jean-Louis Gindt. Vun e Méindeg un enseignéiert hien am Kolléisch d'Fach "Vies et Sociétés". De Programm vun dësem neie Fach, dat wier awer net vill Neies. D'Wäerter, déi am Cours solle vermëttelt ginn, hätt hie schonn ëmmer a sengem Reliounscours thematiséiert, seet de Jean-Louis Gindt. "Respekt. Toleranz. Versteesdemech. Anere Leit hir Wäerter respektéieren. Dat ass eppes, wat mir zënter éiwegem wichteg ass."

"Éischter eng Programmännerung"

E fäerdege Plang wéi hie säin neit Fach enseignéiere wëll, huet de Jean-Louis Gindt net. Hien hätt dat awer och fréier net gehat an dacks de Programm a Klamere gestallt, fir op d'Aktualitéit oder op Froe vu Schüler anzegoen. Dat géing hien och weiderhi maachen. "De Cours ass souwisou esou breet gefächert, datt een net alles thematiséiere kann."

Et ass virgesinn, datt d'Enseignante sech véier vu sechs Themen-Schwéierpunkten eraussichen. Dat wier och néideg, mengt de Jean-Louis Gindt. Pluralismus wier ëmmer eng Plus-Value. "Mee an enger Stonn d'Woch, déi een op Troisième oder Quatrième hält, kann ee souwisou net vill maachen."

"De Mënsch ass en Homo Religiosus"

Eng Gefor, datt een dës Schwéierpunkten esou kéint setzen, datt d'Reliounen net genuch thematiséiert géife ginn, gesäit den Enseignant awer net. Bei all de sechs Themeschwéierpunkte géife reliéis Froen zum Droe kommen. "Religiösitéit kënnt fir. An d'Fro no Gott stellt sech jiddereen, egal wéi ee si beäntwert."

Net nëmme fréier Reliouns-oder Moralproffen, mee och Enseignanten aus anere Fachberäicher kënnen d'Fach ginn. Dat wier awer an alle Fächer eng gängeg Praxis wann e Manktem u Proffen do wier, betount de Jean-Louis Ginter.

Op daf Oueren

De Problem gesäit hien éischter bei de 16 Stonne Formatioun, déi ee misst maache fir d'Fach kënnen z'ënnerriichten: Fir Reliouns-a Moralenseignante wieren déi iwwerflësseg. Dofir hätt d'Proffegewerkschaft FEDUSE och e Communiqué eraus geschéckt. "Deen ass awer beim Ministère op daf Ouere gestouss a vun der Press vergiess ginn." Fir Proffen aus anere Fächer wieren déi 16 Stonnen der vill ze wéineg, kritiséiert de fréiere Reliounsenseignant. "Déi musse jo iwwerhaapt Fachwësse kréien."

Elo misst ee kucke fir an der Praxis zesummenzeschaffen. Eng Proffekommissioun fir dat neit Fach steet awer nach net, "vläicht an de Käpp vum Ministère", esou de Jean-Louis Gindt.