Dem US-President säi Message zu Baton Rouge den 23. August war dësen: seng Visite wier keng Geleeënheet, fir sech no de ville Kritiken ze weisen. Vill Kritiker, déi meescht Republikaner a Supporter vum Donald Trump, hu gesot, den Obama wier ze spéit am Staat Louisiana ukomm.
Et war eng historesch Iwwerschwemmung, déi den 11. August ugefaangen huet. Op d'mannst 13 Leit si gestuerwen an Dausenden hu missen hiert Doheem verloossen. Zënter deem huet d'US-Regierung bal 120 Milliounen Euro ausginn, fir hinnen ze hëllefen. D'Waasser huet a villen Noperschaften alles zerstéiert a Géigestänn aus den Haiser leien elo op den Trottoiren.
"Heiansdo, wann esou eppes geschitt, kann et ze vill sinn, fir ze verkraaften", sot den Obama bei senger Visite. Hie wéilt net, datt d'Awunner sech eleng gelooss fillen, wann d'Kameraen an Zukunft fort wieren. "Dat ganzt Land wäert Iech hëllefen, bis jiddereen nees doheem ass."
De Verglach mam George W. Bush
Trotz de groussen Ënnerscheeder gëtt de Verglach gemaach, tëscht dem Barack Obama senger Reaktioun op d'Iwwerschwemmungen zu Baton Rouge an dem George W. Bush senger uerg kritiséierter Reaktioun nom Hurrikan Katrina zu New Orleans 2005. Bal 2000 Leit waren deemools ëm d'Liewe komm.
Eng Foto vum deemolege President, deen am Fliger iwwer New Orleans flitt an zur Fënster erauskuckt, gouf zum Symbol: Et gouf dem George W. Bush e Mangel un Interessi un der Nout vun Dausende schwaarzen an aarmen Amerikaner virgehäit. Och de Barack Obama huet dem Bush seng Onbeléiftheet no Katrina a sengem Wahlkampf thematiséiert.
Vum Obama selwer gëtt et elo Biller, op deenen hie Golf spillt am Plaz Baton Rouge an der Nout ze besichen. D'Wäisst Haus hat bis nom Obama senger Vakanz gewaart, fir d'Rees z'organiséieren.
Trump op der Plaz
Den Donald Trump huet de 19. August e Stop zu Baton Rouge gemaach. De Presidentschaftskandidat huet Këschte mat Iesswuere verdeelt. Säi Message: esou soll e President agéieren. Hien huet gefuerdert, de Barack Obama soll de Golf-Terrain verloossen an op Baton Rouge goen. War et dem Trump seng Visite, déi den Obama ënner Drock gesat hat?
Neen, seet dozou den Obama. Him géingen nëmmen nach fënnef Méint als President bleiwen. Hie misst sech dofir keng Suerge méi iwwer Politik maachen. "Wa Katastrophe geschéien, ass dat ee vun de wéinege Momenter, an deene Washington d'Politik fir eng Zäit vergësst." Zu Baton Rouge géing kee sech Suerge maachen, ob hie Republikaner oder Demokrat wier.