Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et däerf een d'Flemm net mat der EU kréien!"

Jean Asselborn

"Et däerf een d'Flemm net mat der EU kréien!"

Groussbritannie soll direkt offiziell den Austrëtt aus der EU froen, war de Message vun der Reunioun vun den Ausseminister vun de sechs EU Grënnungsmemberen gëschter. "Et muss Kloerheet geschaaft ginn", esou de Jean Asselborn. Déi aner EU-Staaten awer sollte sech grad elo, solidaresch an unifiéiert weisen!

auto_stories

2 min

Esouguer wann d'Brite bis fort sinn, bleiwen 440 Milliounen Leit an der EU! "D'EU ass net k.o.", seet de Jean Asselborn. Et dierft een d'Flemm net kréien, d'EU misst zesumme stoen.

"Wann dat brécht, brécht alles!"

Dem Lëtzebuerger Diplomatiechef no, wieren "Solidaritéit an eng gemeinsam Strategie vun de 27 verbleiwenden EU-Länner", dat wat elo gebraucht gëtt. De Jean Asselborn ass iwwerzeegt, datt "Wann déi Prinzipien zesummebriechen, brécht alles". Dat wier och d'Meenung vu sengen Homologen aus de fënnef aneren EU-Grënnungslänner, déi zu Berlin de Bilan gemaach hunn.

Cameron soll Austrëttsprozess declenchéieren!

An dat elo! De Jean Asselborn seet, dass een eréischt weess wou een drun ass, wann eng offiziell Austrëtts-Demande virläit. Dass den David Cameron dat awer schonn en Dënschdeg um Sommet vun den europäeschen Staats - a Regierungscheffen mécht, hält hie fir onprobabel. "Et wier awer méi éierlech", seet de Jean Asselborn.

Neie Referendum?

Iwwert zwou Milliounen Britte fuerderen elo schonn en neien, zweete Referendum iwwert d'EU-Memberschaft. "Dat sinn der wuel vill", sou de Jean Asselborn. D'Resultat vum Vote vun en Donneschdeg wier awer kloer, 46 Milliounen Britten hätten decidéiert. "Demokratie ass nun mol eppes Komesches", analyséiert de Jean Asselborn. Fir en zweete Referendum misst den David Cameron vun senger Ausso ewech kommen, dass dat dote Resultat e Befeel vum britesche Vollek ass. De Jean Asselborn gleeft net un deen Scénario, well et keng Basis dofir gëtt.


Audio: Den Interview vum Sophie Morang mam Ausseminister

Jean Asselbornplay_arrow