Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Holiday Ghosts - Big Congratulations

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et soll een ëmmer mat Zuele spillen"

Wuesstem

"Et soll een ëmmer mat Zuele spillen"

Den Direkter vum Statec fënnt et "formidabel", datt elo endlech iwwer d'Zukunft vum Land diskutéiert gëtt. Et wier wichteg iwwer Zuelen - och 1,1 Milliounen Awunner - ze raisonnéieren. De Serge Allegrezza gëtt awer och Denkustéiss.

auto_stories

3 min

Den Direkter vum Statec, Serge Allegrezza

Schonn zanter Joren gëtt doriwwer diskutéiert, datt ee sech zu Lëtzebuerg misst zesummesetzen, fir iwwer d'Zukunft vum Land ze schwätzen. Um Méindeg ass den Optakt vun enger ganzer Rei Evenementer, ronderëm d'Fro, wéi ee qualitative Wuesstem fir d'Land an Zukunft sollt ausgesinn. "Et kann ee just bedaueren, datt d'Debatt bis elo ni stattfonnt huet", seet de Serge Allegrezza. Hie wier frou, datt "déi hei Regierung dat elo endlech serieux organiséiert".

An den Ae vum Statec-Direkter ass et wichteg, Zuelen z'analyséieren, fir herno Konklusiounen ze zéien. Zum Beispill d'Prognos aus der Europop2013-Etude, datt bis d'Joer 2060 1,1 Millioune Mënschen zu Lëtzebuerg liewen. Et wier vun Ufank u kloer gewiescht, datt déi Zuel net a Stee gemeesselt ass, gëtt de Statec-Direkter ze verstoen.

1,1 Milliounen? Och Alternativen diskutéieren

"Vu datt de Wuesstem vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung haaptsächlech op Immigratioun an also op d'Wuesstemsperspektive baséiert, ass bei eis dee Genre vun Berechnunge méi komplizéiert", seet de Serge Allegrezza dozou, wéi dës Zuel gerechent gouf. "No villen Diskussiounen an Analysen ass dat Resultat zu Bréissel zréckbehale ginn".

Hie fënnt et dofir och wichteg, datt am Kader vun der Zukunftsdebatt alternativ Zeenarien zum 1,1-Milliounen-Awunnerstaat diskutéiert ginn. Wann d'Wirtschaft zum Beispill op eemol manner staark géif wuessen, dann hätt dat negativ Konsequenzen – deen Zeenario misst och an den aktuellen Debatten analyséiert ginn. Gläichzäiteg hält den Direkter vum Statec déi 1,1 Milliounen Awunner fir Lëtzebuerg net fir onrealistesch. Déi lescht Joren hätte gewisen, datt Lëtzebuerg ganz séier kéint wuessen.

Qualitative Wuesstem kee Neiland fir Statec

Op d'Fro, ob d'Zuel vun den 1,1 Milliounen Awunner an de leschte Méint benotzt gi wier, fir domat ze spillen, seet de Serge Allegrezza: "Et soll een ëmmer mat Zuele spillen". Et wier wichteg, iwwer Zuelen ze raisonnéieren. Am Fall vun den 1,1 Milliounen Awunner misst sech mat der Fro ausernee gesat ginn, ob Lëtzebuerg dorop virbereet wier.

D'Feld vum qualitative Wuesstem wier fir de Statec iwwerdeems kee Neiland, esou de Serge Allegrezza. Bis elo hätt den Interessi vun de Leit sech just ëmmer op d'Croissance vum Bruttoinlandprodukt beschränkt. Dobäi wier et wichteg, dem PIB eng ökologesch, sozial oder och urbanistesch Dimensioun entgéintzestellen, fir ze kucke wéi déi Komponenten evoluéieren. A fir festzestellen, ob de Wuesstem, esou wéi en zu engem bestëmmte Moment ausgesäit, de Leit och eppes bréngt. Duerno kéint een dee qualitative Wuesstem dann - wann dat gewënscht ass - steieren.

"D'Méiglechkeet ze beaflossen beschränkt"

De Serge Allegrezza seet allerdéngs, datt d'Marge fir de qualitative Wuesstem ze steieren limitéiert wier. "Mir sinn eng oppe Maartwirtschaft an engem oppenen europäesche Marché, mat all de Contrainten déi dat mat sech bréngt. Dofir ass et kloer, datt d'Méiglechkeete fir dat ze beaflossen, beschränkt sinn, mee si existéieren".

De Statec schafft de Moment och um Optrag vun der Regierung, fir een "Index du bien-être" auszeschaffen, deen op 60 verschiddenen Indicateure baséiert. Den definitive Rapport doriwwer gëtt Ufanks 2017 publizéiert.

"De Wuesstem ass duerchwuess"

Virleefeg Resultater goufen awer schonn Mëtt Oktober am Rapport "Travail et Cohésion sociale" publizéiert. An do gëtt festgestallt, datt d'Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg liicht erofgeet – dat obwuel de PIB weider wiisst. De Serge Allegrezza ass doriwwer net iwwerrascht: Wann een d'Entwécklung vun den eenzelen Indicateure kuckt, kéint ee feststellen, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg "duerchwuess" wier.

"Bei verschidden Indicateuren hu mir eis verbessert, zum Beispill wat d'Reduktioun vum CO2 ugeet. Par konter, d'Ongläichheeten gi weider erop". Kloer ass dem Direkter vum Statec no awer och: Alles léisst sech änneren. "Wann een der Meenung ass, datt een Indicateur, zum Beispill dee vun der Ongläichheeten, sech net an déi richteg Richtung entwéckelt, da muss een entgéintsteieren", esou de Serge Allegrezza.