Radioen

On air

Tockcity  |  Medium Build - Crying Over U

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesch Affekote manifestéieren zu Bréissel

Brexit

Europäesch Affekote manifestéieren zu Bréissel

Eng geschaten 1.200 Brite schaffen zu Bréissel als EU-Fonctionnairen. Hir Aarbechtsplaze wieren net a Gefor, hat de Jean-Claude Juncker direkt Freides nom Brexit-Referendum verséchert. Vum Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU fille sech och zum Beispill Affekote concernéiert, déi op EU-Recht spezialiséiert sinn.

auto_stories

2 min

Manifestatioun vun Affekoten zu Bréissel

En Dënschdeg den Owend lauschtere 27 EU-Staats a Regierungscheffe dem David Cameron no. Et geet drëms, zesummen déi éischt Conclusiounen aus dem Brexit-Referendum ze zéien. Gläichzäiteg hu sech eng 30 Leit ronderëm engem Europa-Fändel versammelt, op klenge Plakater steet: "I'm European, I'm British".

Staark Leit, déi gebraucht ginn

"Mir manifestéiere friddlech hei. Mir sinn britesch an europäesch Affekoten, mir liewen a schaffen dofir, fir Groubritannien an d'EU ze represéntéieren. Mir wëllen elo gesi ginn a beim Prozess involvéiert ginn", seet d'Siobhan Kahmann. Si schafft fir eng Affekotefirma zu Bréissel an ass op EU-Konkurrenzrecht spezialiséiert.

Eng wierklech existenziell Angscht gëtt et net direkt. Ëmmerhi bréngt déi aktuell onkloer Situatioun den Affekoten och Aarbecht. D'Leit wären zimlech staark, seet Siobahn Kahmann. "Mir sinn Experten an deem Beräich, si brauchen eis"

Sécher an der EU bleiwen

An trotzdem bréngt d'Virstellung, iergendwann mat engem britesche Pass bannent der EU e Bierger aus engem Drëttstaat ze sinn eng gewëssen Onsécherheet mat sech. D'Siobhan Kahmann ass Schottin, an ass frou doriwwer, datt Schottland separat negociéiere wëll. A si hätt eng Ufro fir en iresche Pass gemaach. Si géif also sécher an der EU bleiwen.

D'Siobhan Kahmann ass wéi vill anerer vum Referendum-Resultat iwwerrascht ginn. Den aktuelle Chaos ronderëm den Austrëtt erkläert si sech och ënner anerem duerch de Schock vum Resultat. "D'Leave-Campagne huet net geduecht, datt se géif gewannen A wat Leave heescht, war och net kloer."

Zäit fir sech ze sammelen

D'Affekotin plaidéiert elo dofir, Groussbritannien Zäit ze ginn, fir sech vum Schock ze erhuelen an da mat klorem Kapp ze agéieren. D'Parteie musste sech sammelen a Léisungen op den europaëschen Dësch bréngen. "De Moment ass just Sträit. D'EU schéngt Drock ze maachen. Groussbritannie brauch elo Zäit fir e Plang opzesetzen, deen d'EU kann acceptéieren. Dovu géife mir all profitéieren."

De klenge Grupp vu Manifestante wäert an nächster Zäit ëmmer nees Präsenz am Bréisseler Europavéierel weisen. Et geet och ëm Solidaritéit mat de ville briteschen EU-Fonctionnairen. Och wann déi Sécherheet versprach kruten.


De Reportage vum 30. Juni:

Affekote Protest zu Bréisselplay_arrow