Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Turbulent Zäite fir de Justizminister

Félix Braz am Gespréich

Turbulent Zäite fir de Justizminister

Verstäerkt Iwwerwaachung vun EU-Baussegrenzen, vu Passagéier a Kommunikatiounsdaten – dat wäerten d'Konsequenze si vun den Attentater vu Paräis. Bis Enn des Joers soll de Grenzkodex vum Schengenraum ofgeännert ginn. Et sinn iwwerdeems keng nei Fäll vu Lëtzebuerger bekannt, déi a Syrien gaang wieren. Déi scho bekannte Fäll goufe suivéiert. Am Dossier Nationalitéitegesetz gëtt et dem Félix Braz no an der Chamber e breede Konsens op wichtege Punkten.

auto_stories

4 min

De Félix Braz, Invité beim Carole Schimmer

An der EU gëtt et eng Cooperatioun tëscht den nationale Geheimdéngschter, mee déi Zesummenaarbecht muss verbessert ginn, sou de Justizminister Félix Braz. Den Austausch vun den Informatiounen existéiert um bilateral Plang an dat géif net duer goen. D’Propos vun engem europäesche Geheimdéngscht vum EU-Kommissär Dimitris Avramopoulos um EU-Conseil vun den Innen- an Justizminister, gëtt vum Prinzip hir vum Félix Braz ënnerstëtzt. Wann een integréierten europäesche Geheimdéngscht entsteet oder wann déi 28 EU-Memberlänner verstäerkt cooperéieren, kéint ee Bedrounge mat Zäiten identifizéieren.

Bis Enn des Joers soll de Grenzkodex vum Schengenraum ofgeännert ginn. Dëst bréngt mat sech, datt och EU-Bierger op de Baussegrenze méi genee ënnert d’Lupp geholl ginn. Bis elo gouf hire Pass kontrolléiert. An Zukunft gëtt och iwwerpréift, ob et relevant Informatioune vun de Geheimdéngschter iwwert déi Bierger gëtt. D’Douanne kréien zu deem Zweck neit Material.

“Keng nei Fäll vu Jonker, déi a Syrien gereest sinn”

Virun annerhallwem Joer gouf bekannt, datt sechs Jonker aus Lëtzebuerg a Syrien woren. Zwee sinn a Syrien gestuerwen. Dräi vun deenen Jonken si rëm op Lëtzebuerg komm, dovunner een deen u Spuenien ausgeliwwert gouf. “Zanterhier sinn eis keng nei Fäll bekannt. Mir sinn all Dag am Kontakt mat eisen europäesche Partner fir doriwwer Informatiounen auszetauschen”.

Zur Diskussioun em ee Gesetz iwwert de Verbued vun der Burka oder dem Vermummen, wor et a Riicht Eraus ee klore "Nee" vum Félix Braz, d’Gemengereglementer géifen dat scho virgesinn. Zu Lëtzebuerg géing et iwwerdeems kee Problem an deem Sënn ginn.

Op d'Kritik un der Vorratsdatespäicherung agoen

D’lëtzebuerger EU-Presidence wëllt eng Léisung am Beräich vun der "Vorratsdatespäicherung". Am Abrëll 2014 huet den europäesche Geriichtshaff, déi deementspriechend Direktive gekippt. Den drëtten Dezember ass dësen Dossier d’Thema um Conseil vun de Justiz- an Inneministeren.

Ännerungen um Gesetzprojet, deen de Justizminister am Januar 2015 deponéiert huet sinn dem Félix Braz no méiglech. D’Mënscherechtskommissioun hat ënnert anerem kritiséiert, datt d’Lëscht vun den Delikter déi een Accès zu dësen Datebanke festleet, ze grouss wier. De Félix Braz wëllt där Kritik Rechnung droen. De Justizministère schafft un där Lëscht, eng Partie Delikter solle gestrach ginn.

Dass Pre-Paid-Kaarte fir den Handy elo net méi anonym kënne verkaf ginn, ass dem Justizminister no net nëmmen eng Moossnam am Kader vum Terrorismus. Et géife vill kriminell Doten, déi ee kéint doduercher opdecken oder verhënneren. Zum Beispill d'Stalken oder den Drogenhandel.

“Nationalitéitegesetz: Grousse Konsens op wichtege Punkten”

Et gëtt dem Félix Braz no an der Chamber ee breede Konsens iwwert d’Aféiere vum Droit de sol, iwwert d’Erofsetze vun der Residenzdauer vu siwen op fënnef Joer an iwwert d’Erofsetze vun de Sproochekenntnisser am Lëtzebuergesche beim Verstoe vu B1 op A2. D’Diskussiounen iwwert den Avant-Projet de Loi ëm d’Nationalitéit gi lo virun. Et gëtt mat den Oppositiounsparteien CSV, ADR an déi Lénk weider verhandelt. "Méiglech ass et, datt d’Unzuel u Méiglechkeete fir d’Nationalitéit kënnen unzefroen, no ënne revidéiert gëtt," sou de Justizminister.

E Konsens iwwert d’Nationalitéitegesetz wier méiglech. D’Gespréicher kënne bis Uganks 2016 daueren, éier de Gesetzprojet definitiv deponéiert gëtt.