Landwirtschaft “Ech wëll bei de Pestizide voll Transparenz schafen”

Den Agrarminister Fernand Etgen (DP) äntwert op d’Kritik vun ONGen, säi Ministère wéilt keng genee Donnéeën iwwert den Asaz vu Pestiziden erausginn. Am Hierscht kéint ee mat der Publikatioun vun Zuele rechnen, sou de liberale Politiker.

Michel Delage

20160721-fernand etgen-3855.JPG
Fernand Etgen

Greenpeace wëll wëssen, wéi eng Zorte Pestiziden a wéi enge Quantitéiten agesat ginn. Bei den Insektizide wieren d’Donnéeë geheim, wann néideg wéilt ee se viru Geriicht akloen, seet d’Ëmwelt-ONG. Et hätt een näischt ze verstoppen, sou de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen am Interview mam Mick Entringer. “Ech wëll an deem Beräich voll Transparenz schafen”. Den nationalen Aktiounsplang Pestiziden soll de präzise Suivi erméiglechen, heescht et.

Op d’Kritik, den zweeten Entworf vun deem Plang géif keen Zäitplang a keng konkret Ziler festleeën, äntwert den DP-Politiker: “et ass méi wichteg, konkret Aktiounen um Terrain ze maache wéi mat Zuelen ze jongléieren”.

EU-Hëllef fir d’Mëllechbauere “geet sécherlech net duer”

Den Hëllefspak fir de Mëllechsecteur, op dee sech d’EU-Agrarministeren ugangs der Woch eens gi sinn, wier ee “wichtegt Signal, datt d’Politik bereet ass, d’Landwirtschaft z’ënnerstëtzen”, sou de Fernand Etgen. Wéinst dem Präisverfall vun der Mëllech gouf een zweete Pak vu 500 Milliounen Euro bannent manner wéi engem Joer decidéiert.

Lëtzebuerg kritt eng 560.000 Euro zougesprach. D’Regierung däerf nach eng Kéier sou vill u Subventiounen un de Secteur verdeelen, deen hei am Land eng 1.000 Betriber betrëfft. “Et geet sécherlech net duer, fir d’Problemer vun de Betriber ze léisen”, gëtt de Minister zou. D’Mëllechbauere sollen encouragéiert ginn, manner ze produzéieren. Domat soll nees d’Gläichgewiicht tëschent Offer an Demande hiergestallt an d’Präisser stabiliséiert ginn.

“Zukunftspak” hätt ënnert anerem Hëllef fir d’Baueren erlaabt

Ass dës Hëllef ee Bonbon fir Wieler? De Fernand Etgen géif dat net esou gesinn: “hei geet et am Fong geholl drëm, fir e Secteur z’ënnerstëtzen, dee wierklech an enger schlëmmer Kris ass”.

Déi rezent Ausso vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider, de Spuer- a Steierpak vun der Regierung wier ee “Feeler” gewiescht, misst een nuancéieren. Den “Zukunftspak” hätt et ëmmerhin erlaabt, d’Staatsfinanzen ze sanéieren. “An do kann ech nëmme soen: mission accomplie’”, sou de Fernand Etgen.

Ouni de Spuer- a Steierpak wieren eng Rei Politiken elo net méiglech gewiescht. De Landwirtschaftsminister huet d’Steierreform, de "congé parental" an och d’Finanzhëllefe fir de Mëllechsecteur genannt.

D’Acteuren aus der Landwirtschaft waren an de leschte Méint zweemol am Kader vun den “assises agricoles” zesummen. Zu engem Moment also, wou d’Naturschutzgesetz ausgeschafft ginn ass, ënnersträicht de Minister. “Ech mengen, mir hunn et fäerdeg bruecht, fir dem landwirtschaftleche Secteur bei enger ganzer Rei nach oppene Froen eng Äntwert ze ginn”.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Jacques MErsch.JPG
Pestiziden

30.000 Tonne Pestizide ginn all Joer an Europa versprëtzt. Dee gréissten Deel fir Liewensmëttel. Dat misst net sinn. D'Plattform "Ouni Pestiziden" weist, datt et Alternative fir d'Landwirtschaft ginn.

Tractor Fertilize Field Pesticide And Insecticide
Landwirtschaft

Zu Bréissel koum et net zu engem Vote iwwert eng eventuell Neizouloossung vu Glyphosat. Wat sinn déi verschidde Meenungen zum ëmstriddenen Herbizid? A wat ass d'Strategie vu Lëtzebuerg?

Aussergewéinlech Situatiounen erfuederen aussergewéinlech Moossnamen, sot de Fernand Etgen nom Conseil vun den EU-Agrarministeren.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen