Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Schwéier fir déi traditionnell Geschäftsleit"

Commerce an der Stad

"Schwéier fir déi traditionnell Geschäftsleit"

D'Annonce, datt déi franséisch Chaîne FNAC sech am Royal Hamilius soll installéieren, huet de Fernand Ernster net iwwerrascht. An dat virun allem well d'Raimlechkeeten am neie Projet schonn am Viraus op sou e grousse Player zougeschneidert gewiescht wieren.

Mick Entringer / ckl

auto_stories

3 min

De Fernand Ernster mécht sech Suergen ëm d'Zukunft vum traditionnelle Commerce

D'FNAC ass ouni Zweiwel e "redoutable Konkurrent" fir kleng Librairien, wéi déi déi de Fernand Ernster an der véierter Generatioun féiert. Dat seet de Geschäftsmann selwer. "Si gi ganz haart mam Präis, an dat wäert sécher um Librairesmarché an der Stad fir ebessi Perturbatioun suergen", seet de Fernand Ernster.

De Generaldirekter vum de "Librairie Ernster" probéiert et trotzdem positiv ze gesinn, datt de franséische Kultursupermarché eng Filial am Stadkär opmëscht. Dat géing rëm méi Clienten an d’Stad bréngen. De Kuch misst awer an Zukunft tëscht méi Acteuren opgedeelt ginn, fir datt déi méi kleng Librairien och kënnen "iwwerliewen". Dat wier nämlech net evident: viru Kuerzem wier bekannt ginn, sou de Fernand Ernster, datt déi spezialiséiert Librairie Pythagore zu Bouneweg hir Diere muss zoumaachen. "Si ass en Affer vum Immobiliemaart ginn".

Mat Loyerssubventiounen ënnerstëtzen

“D’Evolutioun vun de Loyere féiert dozou, datt verschidde Commercen an der Stad net méi kenne mathalen”, do ass de Fernand Ernster sech sécher. Loyere vun 100 Euro a méi de Meter Carré kéint en traditionelle Geschäftsmann net méi bezuelen. De Fernand Ernster mengt awer net, datt ee per Gesetz d’Loyere beaflosse kéint.

Eng Steierung géif et just do ginn, wou d'Stad Lëtzebuerg eege Gebaier huet: "Do ass et net deen, deen den déckste Loyer bezilt, deen d'Lokal kritt, mee dee mat deem flottste Konzept". Mat Loyerssubventioune kéint een neien, innovative Betriber awer och hëllefe fir sech an der Stad néier ze loossen.

D'Bild vun enger "deierer Stad"

De Commerce kann net liewe wann et eng schwaach Kafkraaft gëtt, seet de Fernand Ernster. De President vun der Patronatsvertriedung CLC ass fir de “sozialen Erhalt vun der Kafkraaft”. Allerdéngs wären am Commerce d’Léin schonn héich. De soziale Mindestloun kéint net weider gehéicht ginn, well soll elementar Aarbechten net méi hei am Land kéinte gemaach ginn, an an dat not Ausland géifen exportéiert ginn, wou d'Salaire méi niddreg sinn. 

Iwwerdeems géifen déi vill Luxusbutteker d'Bild vun enger "deierer Stad" fërderen. Deem misst mat enger "cleverer Kommunikatioun" entgéint gewierkt ginn. Et kéint een esou eng Kommunikatioun, dem Fernand Ernster no, dorop axéieren, datt Lëtzebuerg um Niveau vun der Groussregioun eng besonnesch "variéiert" a "multikulturell" Offer hätt. De Fernand Ernster huet an deem Kontext och en Opruff un d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère, Francine Closener, gemaach: Lëtzebuerg soll vermaart ginn.