Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Groove Elation

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fir d’éischt Flüchtlingen invitéieren, déi finanziell op eegene Féiss stinn"

Liberalismus

"Fir d’éischt Flüchtlingen invitéieren, déi finanziell op eegene Féiss stinn"

Refugiéë wieren eng Chance fir de Wirtschafts- a Sozialsystem, sou de Laurent Heisten, Vertrieder vun der politescher Bewegung “Déi Liberal”. D’Roll vum Staat beim Accueil vun de Mënsche misst sech allerdéngs op ee Minimum begrenzen, nom Motto: “Méi Fräiheet, manner Staat”.

auto_stories

4 min

Laurent Heisten

Staatlech Agrëffer fir d'Lounënnerscheeder tëschent de Geschlechter ze reduzéiere wieren e Verstouss géint de Gläichheetsprinzip, sot de Laurent Heisten, Spriecher vun "Déi Liberal" de Moien op eiser Antenn. D’Regierung huet viru Méint e Gesetzprojet op den Instanzewee geschéckt, dee Betriber am Fall vun ongläicher Bezuelung bestrooft. "Wann et Lounënnerscheeder ginn, da misst een dat vu Fall zu Fall analyséieren. An da gesäit ee vläicht, datt et keng Ënnerscheeder ginn", sou de jonke Liberalen. Wéi beim Quotesystem géif d'Fra duerch eng staatlech Interventioun diskriminéiert an net gefërdert ginn.

"Déi Liberal" ass eng politesch Bewegung, déi sech virun engem Joer gegrënnt huet. Se trëtt a fir e sougenannte "Minimalstaat", dee sech eleng ëm d'Sécherheet vum Individuum sollt bekëmmeren. Där Virstellung no hätt de Staat sech weder an d'Wirtschaft an an d’Geldpolitik, nach an d'Bildung anzemëschen. Virun allem sollt en d'Eegestännegkeet an Eegeverantwortung vum Individuum respektéieren.

“Liberalismus wahrscheinlech déi soziaalst Doktrinn

D’Anti-Terrorismus-Mesure vun der Regierung ginn, well se d’Fräiheeten aschränken, refuséiert. “Déi Mesure kënnen och mëssbraucht ginn, wéi de ‘Patriot Act’ an Amerika gewisen huet”. Zum Beispill d’Ausspionnéierung vun all de Bierger: “dat geet kloer ze wäit”, sou de Laurent Heisten.

“Liberalismus ass eng Sozialdoktrinn wéi all déi aner och, wahrscheinlech déi soziaalst vun alleguerten”, sou de Laurent Heisten. Den eenzele Bierger géif dovun ausgoen, datt de Staat sech ëm déi aner Mënsche géif këmmeren, hie selwer dat net méi misst maachen. “De Sozialstaat huet also eng sozial Keelt agefouert, an ee gewëssenen Egoismus”.

“Zu Lëtzebuerg gëtt et keng politesch Debatt”

D’Flüchtlinge sollten zu Lëtzebuerg empfaange ginn an d’Chance kréien, sech hei z’integréieren. Et wier een op dës Mënschen ugewise fir de Wirtschafts- a Sozialsystem oprecht z’erhalen, mengt de Vertrieder vun “Déi Liberal”. Wann et kee staatleche Sozialsystem soll ginn, wie bekëmmert sech konkret ëm d’Refugiéen? “Mir sollte fir d’éischt Leit op Lëtzebuerg invitéieren, déi finanziell op eege Féiss kënne stoen, ouni Hëllef vum Staat”, sou de Laurent Heisten. Am anere Fall missten d’Gemengen asprangen, net awer de Staat.

De Spriecher vun “Déi Liberal” seet, zu Lëtzebuerg géif et keng politesch Debatt méi ginn. “Iwwer Inhalter gëtt net méi debattéiert, well déi grouss etabléiert Parteien all op enger Linn leien”. Och bannent de Parteie wier eng Diskussioun net méiglech, sou de fréieren DP-Member Heisten. D’Grënnung vun “Déi Liberal” wier also néideg gewiescht.