Radioen

On air

Al Schanken  |  Russell, Calvin - All We Got Is Rock 'n' Roll

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Firwat loosse mir net d'Kanner an d'Elteren decidéieren?"

Elteren a Schoul

"Firwat loosse mir net d'Kanner an d'Elteren decidéieren?"

D'Associatioun vun den Elterevereenegungen, kritiséiert d'Orientéierungsprozedur – trotz der Reform. Si wënscht sech ee méi intensiven Dialog mam Educatiounsministère, seet d'Presidentin vun der FAPEL, d'Jutta Lux-Henneke.

auto_stories

3 min

D'Presidentin vun der FAPEL, Jutta Lux-Henneke

Ënnert der LSAP-Ministesch Mady Delvaux wier een nach a Projete mat agebonne gewiescht, esou d'Jutta Lux-Henneke, Presidentin vun der Fédération des Associations de Parents d'Elèves du Luxembourg (FAPEL). Déi "Faveur" géif déi nei Regierung engem net méi maachen. Heiansdo géif d'FAPEL nei Entwécklungen am Beräich vun der Educatioun just duerch d'Press gewuer ginn, an dat wier net gutt. "D'Eltere ruffen da bei eis un, froen no, a mir kënnen hinnen dacks keng Äntwert ginn, well mir net méi wëssen, ewéi dat, wat an de Medie steet." De Manktem un Informatioune géif dann dozou féieren, datt ee misst spekuléieren.

Enttäuscht ass d'Jutta Lux-Henneke an deem Kontext virun allem, well d'FAPEL aus den Aarbechte vum Ministère un enger nationaler Elterevertriedung ganz ausgeschloss gi wier. Et hätt een sech do mat vill Erfahrungswäerter kënnen abréngen, mengt d'Presidentin vun der Associatioun vun den Elterevereenegungen. "Just: wann elo parallel eng nei Representatioun opgebaut gëtt, da froe mir eis, firwat mir nach schaffen."

Schwéier Elteren ze fannen, déi sech engagéieren

Geplangt wier am Gesetzprojet, deen der FAPEL géif vierleien, datt déi Elteren, déi sech an der neier Vertriedung wéilten engagéieren, eng entspriechend Kandidatur un de Ministère misste schécken, erkläert d'Jutta Lux-Henneke. De Ministère géif da gréng Luucht ginn – oder net. Eigentlech géif näischt dogéint schwätzen, datt Leit vun der FAPEL géife kandidéieren. Mee, "sou vill Elteren, déi sech engagéieren, fanne mir net", bedauert d'Jutta Lux-Henneke. Wichteg ass et hirer Meenung no awer virun allem, datt d'Eltere selwer kënnen iwwer de Fonctionnement vun enger Elterevertriedung decidéieren – sou wéi dat elo bei der FAPEL de Fall wier. D'Jutta Lux-Henneke weist och drop hin, datt déi aktuell Membere vun der Federatioun vun den Elterevereenegungen demokratesch gewielt wieren.

Den Educatiounsminister Claude Meisch wëll mat der Reform vun der Orientéierungsprozedur tëscht Fondamental a Secondaire, grad wéi mat de vereinfachte Bilanen, d'Elteren méi an de Schoulalldag abannen. Bei der FAPEL ass een awer nëmmen zum Deel begeeschtert iwwert d'Resultat vu béide Projeten. Bei der Orientéierungsprozedur gesäit d'Jutta Lux-Henneke "keng riseg Ännerung". Och elo géif et nämlech problematesch ginn, wann Elteren an Enseignant sech iwwer d'Orientéierung vun engem Kand net eens sinn. An deem Fall gëtt virun enger spezieller Commission d'orientation tranchéiert.

Fir eng flexibel Orientéierung

D'Jutta Lux-Henneke fënnt, datt een esou eng Kommissioun guer net brauch. "Firwat loosse mir net d'Kanner an d'Elteren decidéieren, an dee Wee probéieren, dee si fir richteg halen?", freet d'Presidentin vun der FAPEL, déi sech fir ee méi flexibele System ausschwätzt. Si gesäit och kee Risiko, datt dann Elteren – onofhängeg vu Resultater – hir Kanner haaptsächlech an de Secondaire "classique" géifen orientéieren.

"Mir ginn dovun aus, datt d'Eltere virun allem dat Bescht fir hir Kanner wëllen, dat heescht och datt si sech déi schoulesch Entwécklung vun hirem Kand ukucken an sech den Avis vum Enseignant och ulauschteren", mengt d'Jutta Lux-Henneke. Duerno wieren d'Elteren dann "duerchaus an der Lag" eng Entscheedung ze huelen – zemools wann et zu engem méi spéiden Zäitpunkt nach d'Méiglechkeet gëtt fir ze wiesselen. "Natierlech wäerten et nach Eltere ginn, déi par force wäerte versichen, hier Kanner an de Classique z'orientéieren, mee dat wäert eng Minoritéit sinn", seet d'Jutta Lux-Henneke.

Wichteg wier, weider um Bild vu béiden Enseignementen – dem Secondaire classique an dem Secondaire technique – ze schaffen. "Dat eent ass net manner wäert, wéi dat anert", widderhëlt d'Jutta Lux-Henneke.