Radioen

On air

De Moien  |  The Lemon Twigs - A Dream Is All I Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat sou vill Steierreduktiounen net ubruecht sinn

Steierreform

Firwat sou vill Steierreduktiounen net ubruecht sinn

Bis zu 500 Milliounen Euro léisst d'Regierung sech hir "Steierreform" kaschten. Um Samschdeg wëll déi blo-rout-gréng Koalitioun nach emol mat de Sozialpartner doriwwer diskutéieren. D'Enveloppe soll awer net méi änneren, esou de Finanzminister Pierre Gramegna. Mä egal wéi ass d'Enveloppe vu 500 Milliounen ze héich, mengt de Jean-Claude Franck an der Wirtschaftschronik.

auto_stories

4 min

Als Chroniqueur huet een et net einfach, wann ee sech géint Steierreduktiounen ausschwätzt. Ëmmerhinn hutt Dir schonn ausgerechent, wat Dir d'nächst Joer u Steiere spuert an Dir freet Iech vläit schonn op méi eng deier Vakanz. Wann ech mer dann um Radio ulauschtere misst, datt do een dat schlecht fënnt, da géif ech vläit och denken: "Firwat wëll deen, datt ech méi Steiere bezuele muss, well ech bezuelen der scho vill ze vill".

En iwwerdriwwene Cadeau?

An awer ginn et Grënn, fir d'Steierreduktioune vu bis zu 500 Milliounen Euro als iwwerdriwwe Cadeaue fir d'Wieler ofzestempelen.

E Bléck op d'Staatsfinanze kann dofir hëllefen. 2016, dëst Joer also, rechent d'Regierung mat engem Defizit vum Zentralstaat vu 633 Milliounen Euro. Dat ass deen Zentralstaat, deen an de leschte 15 Joer just eng Kéier net defizitär war. Also och dee Budget, deen dofir responsabel ass, datt d'Scholdelaascht vum Land geklomm ass.

Ouni hire Spuer- a Steierpak vun 2015 hätt den Zentralstaat dëst Joer en Defizit vun 1,15 Milliarden Euro erreecht, huet d'Regierung am Hierscht d'lescht Joer ausgerechent a sech dobäi houfreg op d'Schëller geklappt, nom Motto: "Gesitt, ouni eis wieren d'Staatsfinanzen aus dem Rudder gelaf".

Et brauch ee kee grousse Mathematiker ze sinn, fir erauszefannen, datt den Ënnerscheed tëscht engem Minus vun 1,15 Milliarden an engem Minus vu 633 Milliounen zimlech genee 500 Milliounen Euro ausmécht... An also der Regierung hire Spuereffort am Joer 2016 mat de Steierreduktiounen vun 2017 grosso modo nees opgehuewe gëtt.

Lëtzebuerg brauch e Polster

Wann da gesot gëtt, déi lescht Joere hätten d'Staatsfinanze jo nach besser ofgeschnidde wéi geduecht, an dofir géif et elo Sputt gi fir Steierreduktiounen, dann ass dat Äppel mat Biere verglach. Et ass nämlech net glécklech, eng strukturell Baisse vun de Recettë mat enger konjunktureller Verbesserung vun de Staatsfinanzen ze justifiéieren.

Éischtens hu mer genuch Indicen dofir, datt d'Regierung déi staatlech Recetten an de leschte Previsioune bewosst méi niddereg ugesat huet, fir bei der Ukënnegung vun der "Steierreform" kënnen op en "Hurra-Effekt" zréck ze gräifen. An zweetens gëtt et keng Garantie dofir, datt de konjunkturellen Héich, dee Lëtzebuerg zënter 2013 erlieft, sech déi nächst Joere widderhëlt.

Am Géigenzuch brauch Lëtzebuerg awer e gewësst Polster: fir de Réckzuch aus dem Tanktourismus, fir d'Flüchtlingskris, fir de Luxembourg Future Fund oder och fir déi zousätzlech geplangte Käschten am Beräich vun der Kannerbetreiung. Donieft sinn d'Lëtzebuerger Economie an och d'Staatsfinanze staark ofhängeg vun den internationalen Entwécklungen, an do brauch ee jo kengem e Bild vun den aktuelle Risiken ze molen.

Mëttelfristeg méi Steieren?

Et wier also keng Iwwerraschung, wann déi nächst Regierung nees do ufänke géif, wou och déi heiten ugefaang huet: Steieren an d'Lut, Ausgaben erof. An Ausgaben erof ka séier heeschen: Sozialleeschtunge kierzen. Dat sinn da wuel politesch Zyklen, déi vu Wahlen determinéiert ginn, egal wéi eng Parteie grad an der Regierung sinn.

Trotzdem freet Dir Iech d'nächst Joer op är Vakanz ? Wann der Iech se bis elo net leeschte konnt, da sollt Dir se d'nächst Joer roueg genéissen. Wann Dir awer souwisou genuch Suen op der Säit hutt, hätt Dir keng Steierreduktioune gebraucht. A wann Dir masseweis vu Stock Options oder aneren Instrumenter profitéiere kënnt, fir Är Steierlaascht ënnert déi vun engem "einfache" Salarié ze reduzéieren, da misst d'Regierung sech iwwerleeën, wéi dat op hire Fändel vun der sozialer Steiergerechtegkeet passt. 

Och no der "Steierreform" vun 2017 ass et nämlech esou, datt just déi ganz, ganz breet Schëlleren e bësse méi Steiere bezuelen. Iwwer all déi aner gëtt d'Strenz gehal. D'Geleeënheet, fir am Steiersystem Emschichtungen ze maachen an net just generell Reduktiounen, ass domat verpasst ginn.