Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flüchtlingskanner zu Lëtzebuerg

Migratioun

Flüchtlingskanner zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg koumen d'lescht Joer ronn 700 mannerjärech Flüchtlingen un. Fir dës besonnesch vulnerabel Mënsche gëtt et ee spezifeschen Encadrement. Souwuel schoulesch, wéi och medezinesch.

auto_stories

3 min

D'lescht Joer si 724 Mannerjäreger zu Lëtzebuerg ukomm. Dovu waren der 103 ouni Begleedung vun engem Erwuessenen. Dëst Joer si bis ewell 153 Mineuren zu Lëtzebuerg ukomm, dovunner waren der 18 net accompagnéiert. Dee gréissten Deel wär männlech, seet de Paul Heber vun Unicef. Et wären net vill Meedercher ënnert de mannerjärege Flüchtlingen.

Hie geet net dovun aus, datt dëst Joer nees vill Leit ukommen, wéi dat 2015 de Fall war. Genee ofschätze kéint een dat awer net. Dat wär ofhängeg vun de Weeër, déi op wären. Awer och vun de Suen, déi d'Leit zur Verfügung hätten, fir dee laange Wee op sech ze huelen. Mënschen déi bis elo gewaart hätten, hätten allgemeng manner Moyenen.

All Kand muss an d'Schoul

D'Integratioun vun de Flüchtlingskanner geléngt am einfachste wa se kënnen an d'Schoul goen. Dowéinst géif ee versichen, datt si no hirer Arrivée zu Lëtzebuerg sou séier wéi méiglech scolariséiert géife ginn, erkläert de Schoulinspekter Joël Mischaux. Soubal d'Flüchtlinge vun der Luxexpo mat der Navette bei den Ausseministère géife fueren, géifen d'Kanner detektéiert ginn. D'Relocalisatioun géif en fonction vun de Schoule geschéien. Deen zweeten Dag, nodeems d'Kanner a Jugendlech an engem Haus ukomm sinn, géife si scolariséiert.

All d'Kanner mussen an d'Schoul goen. Ob se spéider de Flüchtlingsstatut accordéiert kréien oder net, géif bei der Scolariséierung keng Roll spillen, sou de Joël Mischaux. Et géif probéiert ginn, d'Primärschoulkanner an d'Reegel-Schoul opzehuelen.

Classes étatiques

Wann et net genuch Plaze géife ginn, kéinten d'Kanner an déi sougenannt "Classes étatiques" goen, déi nei gegrënnt goufen. Ee Joer kënne si an dëse Spezial-Klasse bleiwen. D'Schoulpersonal vun esou Klasse muss eng speziell Formatioun matmaachen.

An de "Classes étatiques" géing och versicht ginn, extra Raim ze schafen, an deenen d'Kanner sech kënnen zeréck zéien. D'Kommunikatioun géif och mat Hëllef vu Kierpersprooch gefërdert ginn. Speziell méi kleng Kanner géifen direkt mat der Lëtzebuerger Sprooch a Kontakt bruecht ginn.

Medezinesch Versuergung

Der UN-Kannerrechtskonventioun vun 1990 no huet all Kand d'Recht op medizinesch Versuergung. Dat gëllt och fir Flüchtlingskanner, déi nach kee Statut hunn. An Däitschland, enger vun de räichsten Industrienatioune weltwäit, géifen d'Flüchtlingskanner par Rapport zu den anere Kanner staark benodeelegt, kritiséiert d'Ninja Charbonneaux vun der Unicef Däitschland. Si géife just eng Noutversuergung kréien. Just akut Fäll géife behandelt ginn. Grad bei Kanner, déi schwiereg Erliefnisser haten, wënscht si sech eng besser psychosozial Versuergung.

Zu Lëtzebuerg schéngt déi Kritik awer net berechtegt ze sinn. All Flüchtling, deen ukënnt, gëtt vun der Division de l'Inspection Sanitaire vum Gesondheetsministère ënnersicht. De Pierre Weicherding ass Chef vun dësem Service. "Alles, wat muss behandelt ginn, gëtt och gemaach. An dat gëtt och integral während deenen éischten dräi Méint iwwert de Staatsbudget finanzéiert." Soubal een eng Demande de protection internationale géif maachen, géif een an d'Krankekeess ugemellt ginn. Déi meescht Flüchtlingskanner wäre gesond, sou de Pierre Weicherding. Schwéier Verletzunge géif et kaum.

Bei den Untersuchunge wären ëmmer Iwwersetzer dobäi. D'Flüchtlingskanner géifen iwwerdeems ëmmer vun enger Kannerpsychiaterin betreit ginn. Si hätten dacks e schwéiere Wee hannert sech a schlëmm Saachen erlieft. Si bräichten dowéinst besonnesche Schutz, esou de Paul Heber.