Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krisesituatioun op Lesbos

Flüchtlingen

Krisesituatioun op Lesbos

Iwwert 122.000 Mënsche sinn dëst Joer iwwer d’Mëttelmier op Lesbos geflücht. D’Situatioun op der griichescher Insel ass chaotesch. Déi lokal Autoritéite sinn iwwerfuerdert, mee et feelt och um politesche Wëllen den Accueil vun de Flüchtlinge serieux z’organiséieren.

Pia Oppel (Lesbos)

auto_stories

2 min

D'Zeltstad virum Moria-Camp.

Déi griichesch Küste-Police an d'europäesch Agence Frontex kucken no, wéi d'Flüchtlingen mat Schlauchbooter zu Lesbos landen. ONGen an UNO-Flüchtlingsagence sinn op der Plage och net ze gesinn. D'Flüchtlinge gi vun Fräiwëllegen empfaang.

Bis d’Rees op Athen weidergeet dauert et dacks e puer Deeg. D’Flüchtlinge schlofen dobaussen, op Trëttoiren an a Parken. Oder si fannen eng Plaz an engem vun de Campen. Zu Moria, 7 Kilometer baussent der Haaptstad ass och een Detentiounszentrum, wou 500 Mënschen kënnen ënnerbruecht ginn. Nach vill méi liewen awer virun den Diere vum Zentrum an enger improviséierter Zelt-Stad. Hei feelt et un Toiletten, Liewensmëttel a medizinescher Versuergung.

"D'Insel gëtt benotzt wéi Guantanamo"

D’Flüchtlinge sinn eng Belaaschtung fir d’Insel-Awunner, well d’Autoritéiten de Flüchtlingen den Accès zu den normalen Infrastrukturen, déi op der Insel disponibel sinn, refuséieren. "Si [d'Autoritéiten] benotzen d'Insel wéi Guantanamo!", sou de Stratis Balaskas, Chefredakter vun der lokaler Zeitung Empros.

De Buergermeeschter vu Lesbos, de Spyros Galinos proposéiert, datt d'Flüchtlingen hier Asyldemande fir an d'EU schonn an der Tiirkei solle kenne maachen. "Well am Moment maachen d'Mënschenhändler mat der Flüchtlingskris vill Geld."

"D'EU Politiker setzen op hiren decke lidderegen gutt bezuelten Hënneren"

Eng belsch Touristin, d'Hilde, huet decidéiert mat hirem Mann de Flüchtlingen ze hëllefen amplaz Sightseeing ze maachen. Si gehait der EU vir näischt ze maachen a fuerdert se op hir Responsabilitéit ze huelen. "Se setzen op hiren decke lidderegen gutt bezuelten Hënneren a maachen näischt." Dem Hilde no missten d'EU-Politiker op d'Plaz goen fir sech e Bild ze maachen. "Mat hire schicke Schong sollen se mat an d'Waasser an de Leit u Land hëllefen. Da wäerten se mat hirem Häerz fille wat leeft. Et kann een dat op der Télé gesinn. Mee fille kann een et just, wann een hei ass."